Luxtram-Linn T1

Linn vum Stater Tram

D'Luxtram-Linn T1 ass eng Linn vum Stater Tram déi op der Streck vun der Luxexpo bis bei de Bouneweger Lycée fiert. Wa s'am Ufank vun 2025 bis fäerdeg gebaut ass, féiert d'Streck vum Fluchhafe bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg.

Luxtram-Linn T1
Luxexpo - Lycée Bouneweg
Bedreiwer LuxTram
vu(n) Luxexpo 49°38'7,19"N, 6°10'32,77"O
op Lycée Bouneweg 49°35'24,47"N, 6°8'19,00"O
iwwer Kierchbierg, Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg-Süd
opgaang 10. Dezember 2017
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 8 km

Dat éischt Deelstéck vun der Streck, vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, ass den 10. Dezember 2017 opgaangen. Duerno goufen et Verlängerunge bis op d'Stäreplaz (27. Juli 2018), op d'Gare (13. Dezember 2020) a bis op Bouneweg (11. September 2022).

D'Linn T1 war wärend hirer Bauzäit déi eenzeg Linn vum Stater Tram, dee mat hir 2017 nei agefouert gouf, nodeems et schonns bis 1964 en Tramsreseau an der Stad gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Stater Tram an am Artikel Fréiere Stater Tram

Entwécklung vun der Linn änneren

Bau an Ouverture vum Tronçon A änneren

1. Phas: Luxexpo - Rout Bréck änneren

Nodeems mat de Viraarbechte fir en neien Tramsschapp um Kierchbierg am Januar 2015 ugefaange gouf, ass et den 18. September 2015 mam Bau vun der Linn lassgaangen. Als éischt gouf den Tramsschapp hannert der Luxexpo gebaut[1][2]. D'Renovéierung vun der Rouder Bréck huet dunn am Oktober ugefaangen, virun allem fir d'Bréck 2 Meter méi breet ze maachen, fir datt den Tram herno driwwer fuere kann. D'Aarbechte konnten dunn am Juli 2017 ofgeschloss ginn[3],[4],[5]. Bei de Viraarbechten um Kierchbierg an um Lampertsbierg déi am Februar 2016 ugefaangen hunn, goufe ronn 50 Beem ewechgeholl an deelweis an eng Bamschoul ëmgeplanzt fir dann 2022/2023 nees laanscht d'Tramsstreck gesat ze ginn[6],[7].

D'Leedung fir de Bau vum éischten Deel vun der Linn ass am Mäerz 2016 engem Gruppement vu Firmen zougewise ginn an zwar: déi franséisch Firmen TSO, Muller TP an NGE GC an déi Lëtzebuerger Sopinor a Costantini. De Bau vun der Plattform, also do wou d'Schinne geluecht ginn, huet de Mount duerno ugefaangen. Zu deem Ament sinn d'Archeologe bei de Viraarbechten um Tracé duerch d'Stad op d'Grondmauere vun der Neipuertskapell gestouss.

Déi éischt Schinne goufen am Juli 2016 an der Avenue John F. Kennedy geluecht, do wou scho beim Neibau vun der Strooss eng Verkéiersspuer fir den Tram prett gehale gi war. Vum 24. August u goufen d'Schinnen zesummegeschweesst[8][9],[10].

De Schantjen ass schëtzeg virugaangen, verschidden Aarbechte konnten - op Grond vun enger Derogatioun - och wärend dem Kollektivcongé am Bausecteur realiséiert ginn[11]. Just laanscht dem Glacis hunn d'Aarbechte wéinst der Schueberfouer misse rouen[12]. Ob wärend den Aarbechten oder am Definitiven, den Tram hëlt der Fouer 10 % vun de 45.000 m2 Ausstellungsfläch ewech[13].

D'Aschalte vum Stroum an d'Catenairë war den 10. Juli 2017[14]. Domat konnte vum 12. Juli un déi éischt Tester op der Linn gefuer ginn. Mat den Tester ass et dunn ëmmer nuets tëscht 21.00 a 5.00 Auer virugaangen, mam Zil, datt all eenzel Ramm 150 km fiert, fir esou d'Materialausdauer ze préiwen[15]. Den 23. a 24. September 2017 war eng „Porte ouverte“ organiséiert ginn, wou déi Intresséiert sech e Bild vum neien Tram an dem Tramsschapp maache konnten. Bei der éischter Faart mat Passagéier ronderëm den Tramsschapp koum et zu engem klengen Accident, well e provisoresche Quai ze vill no bei d'Schinne gebaut gi war[16].

D'ëffentlech Beliichtung an d'Miwwele laanscht d'Streck goufen am September montéiert an d'Tramshaisercher am November. Vum 2. November u goufen och Testfaarten am normale Verkéier, awer ouni Passagéier gemaach, an et goufe verschidden Übunge mat de Rettungsdéngschter duerchgefouert, bei deenen Accidenter simuléiert goufen[17],[18]. Den éischte "richtegen" Accident mam Tram ass den 1. Dezember 2017 geschitt, wéi en Automobilist, deen duerch rout gefuer war, mam Tram kollidéiert ass[19].

A Presenz vum Groussherzog Henri goung den 10. Dezember 2017 den éischten Deel vun der Streck op, zesumme mat der neier CFL-Halt Kierchbierg-Pafendall op der Nordstreck an der Pafendaller Seelbunn, déi dës mam Tramsarrêt bei der Rouder Bréck verbënnt[20].

2. Phas: Rout Bréck - Stäreplaz änneren

D'Linn krut de 27. Juli 2018 eng éischt Verlängerung, iwwer d'Rout Bréck, laanscht de Groussen Theater an de Glacis, duerch d'Allée Scheffer an da via d'Allée des Résistants et des Déportés an d'Rue Jean-Pierre Probst op d'Stäreplaz[11].

D'Tester op deem Deelstéck haten den 21. Mee 2018, nuets, ugefaangen, den 31. Mee 2018 koum eng éischt Ramm am Testbetrib op der Stäreplaz un[21].

An der Scheffer-Allee ass just eng Spuer mat Wues beplanzt, déi aner gëtt, wa Schueberfouer ass, fir dës abezunn. Den Tram zirkuléiert dann an ofwiesselende Richtungen op enger Spuer.

Tronçon B: Stäreplaz - Gare centrale änneren

Den 29. Oktober 2018 hunn d'Aarbechte fir déi 3. Phas, vun der Stäreplaz op d'Stater Gare, mat enger liichter Verspéidung, ugefaangen. Fir d'éischt goufen d'Virbereedungsaarbechten an der Avenue Émile-Reuter an an der Neier Avenue ausgefouert (Beem ewechgeholl, ënnerierdesch Leitungen a Kanalisatioune verluecht, asw.)[22]. Am August 2019 goufen déi éischt Schinne geluecht, woubäi mat de Kräizungen ugefaange gouf, fir vum reduzéierten Autostrafick an der Summervakanz ze profitéieren. Dono koum de Boulevard Royal drun, wou wéinst zwéi grousse Schantercher, déi vum Royal-Hamilius a vum Zenit Royal, huet misse gewaart ginn, bis een do bäikéim fir d'Aarbechte vum Tram[23][24].

Op der Neier Bréck goufen d'Schinne fir den Tram scho bei de Renovatiounsaarbechten, déi am Mäerz 2017 ofgeschloss waren, geluecht. Si hunn awer 2020 nees missen erausgerappt ginn, well d'Deen- a Beweegungsfouen ufanks net mat verluecht gi waren[25].

Déi éischt Testfaarten op dem neien Deelstéck goufen de 5. Oktober 2020 gemaach. Vum 30. November 2020 u gouf mam Betrib ouni Passagéier bis op d'Stater Gare ugefaangen, an den 13. Dezember 2020 um 10 Auer gouf d'Linn mat hirem neie provisoreschen Terminus op der Garer Plaz opgemaach. Bei der Aweiung derbäi waren de Groussherzog Henri, de Bauten- an Transportminister François Bausch an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer[26].

D'Aarbechte ronderëm, an der Avenue de la Liberté an op der Garer Plaz goufen iwwerdeems am Fréijoer 2021, an déi op der Paräisser Plaz an der Place de Metz, am Summer 2021 ofgeschloss[27],[28].

Tronçon C: Gare centrale - Lycée Bouneweg änneren

Fir d'Streck kënnen op Bouneweg a weider op Gaasperech ze verlängeren, gouf tëscht Januar 2019 a Summer 2021 d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck erneiert an duebel sou breet gemaach, fir datt den Tram driwwer fuere kann. D'Schinnen dofir goufen am November 2021 verluecht[29]. Des Weidere gouf op der Bouneweger Säit, op Terrainen déi brooch louchen, vun 2021 bis 2022 déi nei Plattform fir den Tram an eng nei Strooss (N40) als Ersatz fir d'N3 (Diddenuewener Strooss) gebaut[30].

Zanter dem 11. September 2022 geet d'Linn vun der Gare aus virun, iwwert d'Statioun Leschte Steiwer - Dernier Sol bis op den deen nächste provisoreschen Terminus, d'Halt Lycée Bouneweg an der Rue de Houffalize[31].

Tronçon D: Lycée Bouneweg - Stadion änneren

Vum Bouneweger Lycée geet den Tracé duerch d'Rue d'Orchimont an dann no riets an de Rangwee a béit dann an d'Rue des Scillas of, déi 34 Meter breet gemaach gëtt, sou datt nieft dem Gleisbett fir den Tram 2 × 2 Spuere fir de Stroossentrafick an eng Vëlospist Plaz fannen.

Op der Héicht vun der Gare Houwald fiert den Tram dann iwwer d'Eisebunnsgleiser a kuerz dono iwwer d'Autobunn A3 ewech an de Quartier Cloche d'or. Déi éischt Bréck gëtt, zesumme mat engem Pôle d'échanges fir Bussen, direkt iwwer der Gare gebaut. Déi iwwer d'Autobunn gëtt vun 2021 un opgeriicht. Se huet d'Form vun engem Y, well vun hir och eng Ofzweigung bei den zukünftege Lycée technique du Centre féiert, deem säin Neibau dohinner kënnt[32].

Am Gaasperecher Bann fiert den Tram da via d'Rue Albert-Einstein weider iwwer de Boulevard de Kockelscheuer bis op säi südlechen Terminus, beim Stadion vu Lëtzebuerg. Kuerz virdru geet et nach eng Kéier iwwer d'A6[33]. Dës Bréck, iwwer déi och de Stroosseverkéier an 2 × 2 Spuere féiert, gouf tëscht Summer 2018 an Hierscht 2019 gebaut[34].

D'Bauaarbechte fir d'Streck ginn op zwee parallelle Schantercher gemaach: Ee vum Lycée Vauban bis bei de Stadion, deen am September 2022 lassgoung; an ee fir dat Stéck vum Bouneweger Lycée bis dohinner. Dëse huet eng Grëtz méi spéit ugefaangen, wat deels mam Fortgank vum Bau vun den zwou Brécken ofhoung.

Déi éischt Schinnen um Tronçon D goufe Mëtt Oktober 2022 um Boulevard de Kockelscheuer, op der Héicht vum zukünftegen Arrêt Waassertuerm, geluecht.[35]

Wéinst dem Neibau vun der Jean-Pierre-Buchler-Bréck (dee bis 2021 gedauert huet), an dee vun der N40 soll d'Streck bis bei de Stadion de 7.Juli 2024 fäerdeg ginn[36], an net wéi ufanks geplangt, schonns 2021.

Beim südlechen Terminus hunn d'Terrassementsaarbechte fir de P+R Stade de Luxembourg an den neie Foussballstadion am Mäerz 2017 ugefaangen[37]; e provisoresche Parking ass am Abrëll 2021 opgaangen, de Stadion am September dat Joer; d'Parkhaus ass de 5. Oktober 2023 opgaangen.

D'Streck vu Bouneweg bis bei den Nationalstadion soll de 7. Juli 2024 opgoen[36].

2023

Tronçon E: Luxexpo - Fluchhafen änneren

Vun Enn Oktober 2021 bis uganks 2022 goufen als Virbereedung op am Ganzen 3,2 Hektar d'Beem déi am Wee stoungen ewechgeholl; fir si ginn, als Kompensatioun, op am Ganzen 8,6 Hektar nei Eechen a Bichen an de Gemenge Jonglënster, Luerenzweiler an Nidderaanwen ugeplanzt.

Enn Januar 2022 hunn d'Virbereedungsaarbechte fir déi nei Bréck iwwer d'A1 ugefaangen[38]. D'Bauaarbechte fir d'Bréck selwer hunn am Summer 2022 ugefaangen. Den Tablier, deen nieft der Autobunn zesummegesat gouf, gouf an de Weekender vum 29. Abrëll a vum 6. Mee 2023 op 3 Stäiler geréckelt. Vum Hierscht 2023 u goufen dunn och d'Schinne geluecht.

Am Fréijoer 2023 goufen och d'Aarbechten an Ugrëff geholl un den Ënnerféierunge vun der Autobunnsoffaart Sennengerbierg a vun der N1. Och d'Aarbechten um neie Boulevard Héienhaff tëscht dem Rond-point beim Cargocenter an deem virum Fluchhafe sinn zanter 2023 am Gaang; do fiert den Tram laanscht déi ëstlech Säit[39].

Den definitiven Tracé vum Tram féiert iwwer 16 km an huet 24 Statiounen[40]. Déi ganz Streck vum Tronçon E läit um Gebitt vun der Gemeng Nidderaanwen. An enger méi spéider Phas kéint d'Streck bis op d'Kalchesbréck verlängert ginn.

Esoubal d'Linn Fluchhafen - Stadion - Bieles („séieren Tram“) bis op ass, fält den Tronçon tëscht dem Fluchhafen an der Luxexpo op der Linn T1 ewech[41].

Streck a Statiounen änneren

 
Streckekaart am Endausbau (2035). D'Streck Fluchhafen - Luxexpo gëtt da vun der Mofer Linn bedéngt.

Wa se bis fäerdeg gebaut ass, huet d'Linn T1 eng Längt vu 16 km. Se gëtt mat 750 Volt Gläichstroum alimentéiert[42]. Op der 3,6 km laanger Streck tëscht der Rouder Bréck an der Gare kritt den Tram de Stroum aus Superkondensatoren, et brauchen also keng Pottoen a Catenairen opgeriicht ze ginn, déi den architektoneschen an historesche Patrimoine vun der Stad verschampeléiere géifen[43][44]. Um Kierchbierg, zu Bouneweg an deelweis um Glacis gouf op der Plattform vum Tram Wues geséint. Um ganzen Trajet vun der Linn ass d'Plattform exklusiv fir den Tram reservéiert[44][45], mat Ausnam vun engen 120 Meter um Boulevard Royal, wou d'Stater Busse vum Boulevard Roosevelt bis op d'Héicht vun der Montereysavenue iwwert d'Tramsplattform fueren däerfen. Laanscht den Tracé vun der Linn goufen nei Vëlosweeër ugeluecht an et koumen och nei Vel'oH-Statioune bäi[45]. Op der kompletter Streck - tëscht dem Findel an der Cloche d'or - gëtt et herno néng sougenannt intermodal Pôle d'échanges fir do wou déi meescht Leit an d'Stad fueren, tëscht dem Tram, dem Bus, dem Auto (Park-and-ride) an dem Vëlo ëmklammen ze kënnen[45].

Streckeféierung änneren

 
Provisoreschen Terminus Luxexpo.
 
Vun Dez. 2017 bis Juli 2018 provisoreschen Terminus Rout Bréck - Pafendall; Iwwergang op de Funiculaire.
 
Vu Juli 2018 bis Dez. 2020 provisoreschen Terminus op der Stäreplaz.
 
Vun Dez. 2020 bis Sept. 2022 provisoreschen Terminus op der Gare.
 
Provisoreschen Terminus Lycée Bouneweg.
 
Zukünftegen Terminus Stadion, am Bau (Juli 2023).

D'Linn ass vun Norden a Richtung Süde beschriwwen, mat der ganzer Streck, sou wéi se bis 2025 geplangt ass[46].

D'Linn fänkt ëstlech vum Fluchhafen-Terminal um Findel un a verleeft dann a Richtung vum Park-and-Ride deen um Héienhaff, nieft dem Verdeeler Sennengerbierg vun der Autobunn gebaut gëtt. Se geet dann ënnert der Nationalstrooss erduerch a verleeft da parallel mat der Autobunn, laanscht de Verdeeler Gréngewald (Kräizung mat der Nordstrooss), féiert dann iwwer eng Bréck iwwer d'Autobunn a laanscht den neien Tramsschapp, der Rangéiergare vun der Linn.

D'Linn kënnt da beim Rond-point Serra am Quartier Kierchbierg un, wou den zweete Park-and-Ride vun der Linn ass, bei der Luxexpo. Hei ass och provisoresch den nërdlechen Terminus vun der Linn, fir d'Zäitspan vun 2017 bis 2024. D'Linn féiert dann iwwer d'ganzt Längt vun der Avenue John F. Kennedy Virun der Rouder Bréck, wou bis 2018 provisoresch deen éischten Terminus war, kann een an d'Seelbunn Pafendall-Kierchbierg ëmklamme fir op der CFL-Halt Kierchbierg-Pafendall den Zuch ze huelen. Dës CFL Halt goung de selwechten Dag wéi den Tram, den 10. Dezember 2017, op.

Den Tram fiert da weider iwwer d'Rout Bréck an dréint um Rond-point Schuman no riets virun de Groussen Theater, dann no lénks iwwer d'Allée Scheffer laanscht de Glacis an den Nikloskierfecht bis op d'Stäreplaz, wou tëscht dem 27. Juli 2018 an dem 13. Dezember 2020 deen zweete provisoreschen Terminus war.

Vun der Stäreplaz geet d'Linn weider iwwer d'Arsenalstrooss an d'Uewerstad, dann no riets iwwer de Boulevard Royal, laanscht den Hamilius an iwwer d'Nei Bréck an de Garer Quartier. Duerch d'Nei Avenue fiert d'Linn weider bis virun d'Stater Gare, wou vum 13. Dezember 2020 bis den 11. September 2022 den nächste provisoreschen Terminus war.

D'Linn geet a Richtung Bouneweg queesch iwwer d'Eisebunnsschinnen iwwer d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck, féiert da parallel zum neien Tracé vun der N40 ëstlech laanscht d'CFL-Ateliere bis an d'Géigend vum Lycée Bouneweg, wou zanter dem 11. September 2022 deen aktuelle provisoreschen Terminus ass.

Südwestlech geet et - iwwer den Territoire vun der Gemeng Hesper - laanscht den Houwald viru bis iwwer d'Gare Houwald, nieft dem Verdeeler Hesper vun der Autobunn A3. Hei ass dann den drëtte Park-and-Ride vun der Linn.

Iwwer eng nei Bréck fiert d'Linn dann a westlecher Richtung iwwer d'A3 an de Gaasperecher Bann. Se fiert do duerch d'Rue Albert Einstein laanscht de Lycée Vauban a béit dann no Süden an de Boulevard de Kockelscheuer. Iwwer eng weider nei Bréck geet et dann op déi südlech Säit vun der A6. Do dréint d'Streck dann an engem grousse Bou Richtung Weste bis op de südlechen Terminus vun der Linn. Hei gëtt nieft dem neien Nationalstadion um Bord vum Quartier Zéisseng a südlech vun der Kräizung tëscht der N4 an dem CR186 de véierte Park-and-Ride gebaut[47].

Fir den Tram hunn eng Rei Bauwierker misse renovéiert oder nei gebaut ginn:

Lëscht vun de Statiounen änneren

Dës Tabell gëtt en Iwwerbléck iwwer déi 24 Statioune vun der Linn (opgelëscht vun Norden a Richtung Süden), wéi se bis 2025 virgesi sinn. D'Statioune mat engem roude Symbol   sinn tëscht dem 10. Dezember 2017 an dem 11. September 2022 opgaangen. Déi, déi méi spéit opginn, si rosa gezeechent  .

Halt Uertschaft,
Quartier (Lieu-dit)
Korrespondenz Bemierkung
  Findel Aéroport Nidderaanwen,
Findel
  fir Januar 2025 geplangt[48]
  Héienhaff Nidderaanwen, Héienhaff  
  Ofzweigung Tramsschapp Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Rangéierhalt Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Luxexpo Lëtzebuerg, Kierchbierg  
AVL: 6, 7, 16, 21, 25

RGTR: 201, 211, 212, 222, 301, 303, 304, 305, 309, 311, 321, 322, 323, 324, 325, 326, 401, 403, 405, 406, 410, 455, 456, 501, 502, 507, 811, 812

goung den
10. Dezember 2017 op
  Alphonse Weicker Lëtzebuerg, Kierchbierg AVL: 12, 21, CN4

RGTR: 503, 505

  Nationalbibliothéik - Bibliothèque nationale Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Universitéit Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Coque Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Europaparlament / Parlement européen Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Philharmonie - Mudam Lëtzebuerg, Kierchbierg AVL: 12, 32, CN4
  Rout Bréck - Pafendall Lëtzebuerg, Kierchbierg Funiculaire Pafendall-Kierchbierg
  Linn 1
AVL: 6, 12, 16, 18, 21, 32, CN4, CN5

RGTR: 111, 112, 201, 211, 221, 811, 812

  Theater Lëtzebuerg, Lampertsbierg AVL: 2, 3, 4, 19, 33, CN1, CN7

RGTR: 201, 211

goung de 27. Juli 2018 op
  Faïencerie Lëtzebuerg, Lampertsbierg AVL: 8, 30, CN7
  Stäreplaz / Étoile Lëtzebuerg,

Rollengergronn / Belair

AVL: 8, 11, 12, 16, 21, 22, 31, CN5, CN7

RGTR: 801, 802, 811, 812, 821, 822, 823, 824, 901, 902, 903, 904, 911, 921

  Hamilius Lëtzebuerg, Uewerstad AVL: 2, 3, 4, 6, 8, 9, 10, 11, 14, 15, 16, 18, 19, 21, 22, 31, 33, CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7, CN8 goung den 13. Dezember 2020 op
  Place de Metz Lëtzebuerg, Gare
  Paräisser Plaz / Place de Paris Lëtzebuerg, Gare
  Gare Centrale Lëtzebuerg, Gare  

AVL: 4, 7, 10, 13, 14, 18, 19, 20, 23, 27, 28, 29, CN1, CN3
RGTR: 412, 413, 414, 423, 424, 602, 603, 611, 612, 622, 623

  Leschte Steiwer / Dernier sol Lëtzebuerg, Bouneweg-Süd AVL: 29, CN3

RGTR: 412, 413, 414, 423, 424

goung den 11. September 2022 op
  Lycée Bouneweg Lëtzebuerg, Bouneweg-Süd AVL: 2, 3, 5, 23, 28, 29
RGTR: 223, 402, 411, 412, 413, 414, 421, 422, 423, 455, 456,461, 461, 511, 512, 513
  Scillas Hesper, Houwald fir de 7. Juli 2024 geplangt
  Howald Gare Hesper, Houwald    
  Lycée Vauban Lëtzebuerg, Gaasperech
  Waassertuerm Lëtzebuerg, Gaasperech
  Stadion Lëtzebuerg, Zéisseng  

Trafick änneren

 
De Logo vum Bedreiwer LuxTram

De Betrib vun der Linn gëtt vu LuxTram S.A. assuréiert. Virun der Ouverture vun der Linn, gouf dem Tram seng Kadenz wiertes an de Spëtzestonnen all dräi a baussent de Spëtzestonnen all 5 Minutten ugekënnegt[49], mat enger kommerzieller Vitess vun ongeféier 20 km/h[49] an enger Fuerdauer fir d'Streck vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck vun 11 Minutten[50].

Mat engem 3-Minutten-Takt gouf fir d'Linn eng Capacitéit vu knapps 10.000 Passagéier pro Stonn a Richtung annoncéiert, géintiwwer vu ronn 2.500 Passagéier fir de Bus. D'Benotzung vun der Linn gouf deemools op 110.000 Passagéier pro Dag geschat[51]. Tëscht Dezember 2017 a Februar 2018 goufen an der Moyenne 17.000 Passagéier den Dag gezielt, duebel esou vill wéi sech erwaart goufen. Dës Zuel ass 2019 op eng Moyenne vun iwwer 20.000 op Wiertes eropgaangen.[52]

Besonnesch wärend der Schueberfouer gëtt d'Linn vill benotzt: 2018 si bannent deenen 3 Wochen am ganze 490.000 Leit mam Tram gefuer, mat Spëtzte vu 40.000 Reesender den Dag[53]. Bannent deem éischte Betribsjoer huet d'Linn T1 4,6 Millioune Passagéier transportéiert[54].

Den 3. Juni 2019 gouf d'Kadenz vum Tram eropgesat, sou datt vun do un all 5 amplaz all 6 Minutten en Tram pro Richtung gefuer ass, woumat d'Capacitéit ëm 20% eropgesat gouf[55]. Op engem Schaffdag sinn 20.000 Leit den Dag gefouert ginn[52][55].

Den Transportministère huet am Hierscht 2019 ugekënnegt, datt wann de Betrib bis op d'Gare verlängert wier, déi 24 Rammen, déi dann am Asaz sinn, zu de Spëtzestonne bis zu 20.000 Persounen an der Stonn kéinten transportéieren. Wann d'Rammen op 56 Meter verlängert géife ginn, kéinte méi spéit souguer bis zu 26.000 Persounen d'Stonn gefouert ginn[52].

Uganks 2020, virum Ausbroch vun der COVID-19-Pandemie louch d'Zuel vun de Passagéier bei ronn 30.000 den Dag. Wärend dem Lockdown goung dës op 1.200 Passagéier den Dag erof. Am Summer 2020 ass d'Passagéierzuel nees op bis zu 13.000 den Dag eropgaangen, am September 2020 louch se bei 18.000 bis 20.000.

Zwee Joer no der Pandemie, Enn 2023, beleeft sech d'Zuel vun den tranportéierte Passagéier an der Moyenne op iwwer 100.000 de Dag. No sechs Joer Betrib goufen op der Linn 4,6 Millioune Kilometer gefuer.[56]

Fuerplang vum Tram (Stand 11.12.2023)[57]
Wochendag Frequenz

Haaptzäit

Frequenz

Niewenzäit

Éischten Depart Leschten Depart
Luxexpo Lycée Bouneweg Luxexpo Lycée Bouneweg
Méindeg – Freideg 05h47 – 20h04

all 3½ – 5'

virdrun / duerno

all 6, 8, 10 oder 15'

04h22 04h53 00h05

Freideg: 00h15

00h39

Freideg: 00h52

Samschdeg 11h00 – 20h37

all 5 – 6'

virdrun / duerno

all 8, 10 oder 15'

04h22 04h53 00h15 00h52
Sonndeg a

Feierdag

12h10 – 19h26

all 8'

virdrun / duerno

all 10 oder 15'

05h05 05h39 00h05 00h40

Ronderëm d'Linn T1 änneren

Wann d'Linn 2025 bis fäerdeg ass, fiert se (vum Nordosten a Richtung Südwesten) dës markant Gebaier a Plazen un:


Käschten a Finanzement änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Fir den Tracé vum Kierchbierg bis op d'Gare gëtt de Käschtepunkt op 565 Milliounen Euro geschat. De Staat iwwerhëlt ⅔ vun de Käschten an ⅓ gëtt vun der Stad Lëtzebuerg gedroen.[58],[59]

Am Oktober 2017 goufen d'Käschten op 114,9 Milliounen Euro fir d'Streck vun der Gare op d'Cloche d'or, an op 99,1 Milliounen Euro vun der Luxexpo op de Fluchhafe Findel geschat. Dofir kommen dann eng weider 12 Rammen an den Asaz. De Regierungsrot hat dësem Ausbau den 20. September 2017 gréng Luucht ginn.[60] D'Finanzéierungsgesetzer sinn de 14. Dezember 2017 an der Chamber gestëmmt ginn[61][62]. D'Käschte fir d'Streck Gare - Bouneweg - Cloche d'or a fir déi vum Kierchbierg op de Fluchhafe ginn integral vum Staat iwwerholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Luxtram-Linn T1 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Tram: place au futur centre de maintenance op wort.lu den 18. September 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  2. John Chalmers, LuxTram Infrastructure Work to Start in 2015 op chronicle.lu de 16. Februar 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  3. Le Pont Rouge va être élargi de 2 mètres op wort.lu de 17. September 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  4. Rénovation du Pont Rouge: léger retard dans les travaux op wort.lu den 20. Februar 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  5. Luxembourg: deux week-ends de travaux sur le pont rouge op lequotidien.lu den 12. Juli 2017 (gekuckt den 12. August 2017)
  6. Une cinquantaine d'arbres déménagent pour faire place au tram op wort.lu den 12. Februar 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  7. Jean-Michel Hennebert, Le chantier du tram de part et d'autre du Pont Rouge op paperjam.lu den 1. Februar 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  8. Les premiers rails du tram sont posés op wort.lu den 21. Juli 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  9. A quoi ressemble le centre de maintenance du tram? op wort.lu den 29. August 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  10. Significant Milestone Reached as First LuxTram Tracks Laid op chronicle.lu de 25. August 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  11. 11,0 11,1 Jean-Michel Hennebert, Un pas de plus vers un premier tronçon plus long op paperjam.lu den 13. Juli 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  12. Luxembourg: pendant l'été, rien n’arrête le tram op lequotidien.lu den 2. August 20156 (gekuckt den 12. August 2017)
  13. Le tram au Glacis: champ libre pour la Schueberfouer op wort.lu den 8. Mee 2017 (gekuckt den 12. August 2017)
  14. Tramway de Luxembourg: les premiers tests auront lieu mercredi prochain op lequotidien.lu de 7. Juli 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  15. La première sortie du tram sous la pluie op lessentiel.lu den 12. Juli 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  16. Unglück am Tag der offenen Tür - Tram bleibt auf der Strecke, op wort.lu den 23. September 2017, gekuckt de 24. September 2017
  17. Jörg Tschürtz: "Les pompiers sont prêts pour un accident de tram." lessentiel.lu, 15 novembre 2017.
  18. "Eeschtfall simuléiert: Wat maachen, wann den Tram entgleist." rtl.lu, 01.12.2017, 12:10:29.
  19. Kirchberg - Auto kollidiert mit Tram op wort.lu den 2. Dezember 2017; gekuckt den 3. Dezember 2017
  20. "Trotz Schnéi konnt alles wéi geplangt ageweit ginn." rtl.lu, 10.12.2017, 13:35:12.
  21. Diane Lecorsais: "Tram sur la place de l'Etoile: la phase test commence dans un mois". wort.lu, 25 avril 2018.
  22. Nicolas Léonard: "Le chantier du tram reprend lundi." paerjam.lu, 26 oct. 2018.
  23. Jean-Michel Hennebert: "Le tronçon vers la gare sera un peu plus complexe." paperjam.lu, 10 nov. 2017
  24. "Le tram sur l'avenue de la Liberté fin 2020." lessentiel.lu, 23. Februar 2018.
  25. "Gleise am Pont Adolphe: Was lange währt ..." wort.lu, 18.08.2020.
  26. «On peut enfin profiter après tous ces travaux». lessentiel.lu, 13.12.2020.
  27. "Tram: Am 13. Dezember bis zum Hauptbahnhof." wort.lu, 01.10.2020.
  28. "Vum 13. Dezember u fiert den Tram op d'Gare." rtl.lu, 01.10.2020 11:35.
  29. "Pont Buchler: Verlängerung des Tramnetzes schreitet voran." wort.lu, 13.11.2021.
  30. Jean-Michel Hennebert, Mettre fin à «un véritable gâchis de terrains» op paperjam.lu den 9. Mee 2016 (gekuckt de 14. August 2017)
  31. "Conférence de Presse, 19 avril 2021: Prochaine étape du tramway et nouveaux arrêts." op luxtram.lu (gekuckt den 19. Abrëll 2021).
  32. "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
  33. "Hier fährt die Tram entlang." reporter.lu, 9. August 2019.
  34. "Neue Brücke in Kockelscheuer." wort.lu, 11.11.2019.
  35. "Tram op der Cloche d'or: Déi éischt Schinne leien." rtl.lu, 18.10.2022.
  36. 36,0 36,1 (de)In vier Monaten fährt die Tram zum Stadion. luxemburger-wort-online (2024-02-29). Gekuckt de(n) 2024-02-29.
  37. Le nouveau stade et son P&R se préparent déjà op lessentiel.lu den 1. Mäerz 2017 (gekuckt de 14. August 2017)
  38. "Tram op de Findel: Vill Beem mussen de Schinne wäichen, Bau dauert 3 Joer." rtl.lu, 23.10.2021.
  39. Frank Weyrich: "Bis Ende 2024: Mit der Tram zum Flughafen." wort.lu [w+], 03.05.2023.
  40. [Vidéo] De la Cloche d'or au Findel: le parcours du tram dévoilé en intégralité op lequotidien.lu de 27. Oktober 2016 (gekuckt de 14. August 2017)
  41. (de)PNM 2035 – Nationaler Mobilitätsplan (S. 54). Mobilitéitsministère (2022). Gekuckt de(n) 11.12.2023.
  42. LuxTram Trial Phase Commences between LuxExpo and Coque op chronicle.lu den 13. Juli 2017 (gekuckt de 14. August 2017)
  43. Marc Fressoz, Luxembourg fait le choix du tram de CAF à alimentation mixte op mobilicites.com den 19. Mee 2015 (gekuckt de 14. August 2017)
  44. 44,0 44,1 Luxtram: l'élément structurant d'une nouvelle mobilité urbaine op jeudi.lu den 10. Abrëll 2015 (gekuckt de 14. August 2017)
  45. 45,0 45,1 45,2 Sophie Wiessler, Tram de Luxembourg - tous les détails op wort.lu de 26. Oktober 2016 (gekuckt de 14. August 2017)
  46. Un tracé multimodal op www.luxtram.lu (gekuckt de 15. August 2017)
  47. On en sait (un peu) plus sur le futur stade national op lessentiel.lu de 17. Juli 2015 (gekuckt de 15. August 2017)
  48. (lb)Mam Tram op de Findel: Tunnel fir d'Sortie Findel/Sennengerbierg kënnt haut op seng Plaz. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-17.
  49. 49,0 49,1 Un tram toutes les 5 minutes vers le Kirchberg op lessentiel.lu den 13. Juni 2012 (gekuckt de 15. August 2017)
  50. Changement d'horaire décembre 2017 op cfl.lu (gekuckt de 15. August 2017)
  51. Luxtram: l'élément structurant d'une nouvelle mobilité urbaine op lejeudi.lu den 10. Abrëll 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  52. 52,0 52,1 52,2 "An der Woch fuere méi wéi 20.000 Leit pro Dag mam Tram." rtl.lu, 13.09.2019 11:12.
  53. "490.000 personnes ont pris le tram pendant la Schueberfouer." wort.lu, 17 septembre 2018
  54. "Tram à Luxembourg : ça fait déjà un an." lequotidien.lu, 11 décembre 2018
  55. 55,0 55,1 (fr)Capacités du tramway. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-11.
  56. Amélie Schroeder, Christian Mertes: "Tram fährt 4,6 Millionen Kilometer in sechs Jahren." wort.lu [w+], 10.12.2023.
  57. (fr)PLAN DE CIRCULATION DU TRAMWAY | Luxtram.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-11.
  58. Grands dossiers - Tram um „Portail du Développement durable et des Infrastructures“ (gekuckt den 13. August 2017)
  59. Grand-Duché: tram, élections et chantiers tous azimuts en 2017 op lequotidien.lu de 6. Januar 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  60. "Présentation des prolongements de la ligne de tramway." Pressecommuniqué op gouvernement.lu, 13.10.2017 (14:01).
  61. (fr)Loi du 15 décembre 2017 portant sur la construction du prolongement de la ligne de tramway à Luxembourg entre la Gare Centrale et la station Cloche d'Or. data.legilux.public.lu (15.12.2017). Gekuckt de(n) 27.11.2023.
  62. (fr)Loi du 15 décembre 2017 portant sur la construction du prolongement de la ligne tramway à Luxembourg entre le Circuit de la Foire internationale et l'aéroport du Findel. data.legilux.public.lu (15.12.2017). Gekuckt de(n) 27.11.2023.