Narzissen
D'Narzissen (Gattung Narcissus) si Bléieplanzen aus der Famill vun den Amaryllisplanzen. Et gëtt ongeféier 50 Aarten, haaptsächlech an Europa an an Nordafrika. Eng vun de bekanntsten zu Lëtzebuerg ass d'Ouschterblumm (Narcissus pseudonarcissus), am Éislek an der Géigend vu Lellgen als Lorblumm bekannt, well se do ronderëm dem Lieu-dit "Lor" an de Louhecke wiisst.[1]
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Liliopsida |
Uerdnung | Asparagales |
Famill | Amaryllisplanzen |
Gattung | Narzissen |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Narcissus | |
Linné | |
Klasséierung vun de Gaardennarzissen
ännerenGeziicht Narzisse ginn op der Basis vun hire Bléien an 12 Gruppen agedeelt:
- Trompetten
- Narzisse mat enger grousser Kroun
- Narzisse mar enger klenger Kroun
- Narzisse mat duebele Bléien
- Triandrus
- Cyclamineus
- Jonquilla
- Tazetta
- Poeticus
- Wëll Narzissen
- Narzisse mat gedeelter Kroun (Kolrett)
- Verschiddener
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Wörterbuch, 1970, Bd. 3, S. 61. Kuck och: Lorblummen. Syndicat d’Initiative Kiischpelt.
Kuckt och
ännerenBiller
änneren-
D'Lorblumme bei Lellgen
-
Eng Lorblumm (Lellgen)
-
Narcissus poeticus
Um Spaweck
ännerenCommons: Narzissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |