17. Februar
Datum
<< | Februar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | |||
2024 |
De 17. Februar ass den 48. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1800: Gesetz iwwer d'administrativ Andeelung vu Frankräich a Kreatioun vun de Préfeten.
- 1923: Dem Tutanchamun säi Graf gëtt am egypteschen Dall vun de Kinneken opgemaach.
- 1986: Zu Den Haag gëtt d'Europäesch Eenheetlech Akt ënnerschriwwen.
- 1994: D'Belsch Verfassung gëtt geännert, d'Belsch gëtt e federale Staat.
- 2008: Déi fréier serbesch Provënz Kosovo gëtt onofhängeg.
Sport
änneren- 1929: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bordeaux géint Frankräich 3:5. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Theissen (2) a Mathias Becker geschoss.[1]
- 1965: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oochen 0:6 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[2]
- 1993: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:2 géint Griicheland.[3]
Gebuer
änneren-
Willem III.
-
Nikolaus Warker
-
Alfred Kowalsky
-
Jean Schortgen
-
Joseph Bech
-
André Mergenthaler
- 1810: Eugénie Dutreux-Pescatore, lëtzebuergesch Konschtmäzenin.
- 1817: Édouard Thilges, lëtzebuergesche Politiker.
- 1817: Jean Henri Willibrord Gomand, lëtzebuergeschen Zeechner, Graveur a Medailleur.
- 1817: Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1822: Michel Jonas, lëtzebuergesche Politiker.
- 1832: Léopold Bian, lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.
- 1859: Paul Hummer, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Editeur, Schrëftsteller a Kommunalpolitiker.
- 1861: Nikolaus Warker, lëtzebuergeschen Erzéier, Seeërchessammler a Schrëftsteller.
- 1877: André Maginot, franséische Politiker.
- 1879: Alfred Kowalsky, Komponist a Musekspedagog zu Lëtzebuerg.
- 1880: Jean Schortgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1887: Joseph Bech, lëtzebuergesche Politiker.
- 1889: René Blum, lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker.
- 1897: Alfred Kowalsky, Komponist a Musekpedagog zu Lëtzebuerg.
- 1899: Mathias Reckinger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1912: Jean Strauss, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 1912: Ernest Wiltzius, lëtzebuergesche Wënzer an Deputéierten.
- 1912: Peter Mosbacher, däitsche Schauspiller an Theaterregisseur.
- 1914: Wayne Morris, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1914: Arthur Kennedy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1921: Schnuckenack Reinhardt, däitschen Jazz-Geiist.
- 1923: René Fonck, lëtzebuergesche Kanut.
- 1925: Hal Holbrook, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1926: Michel Mousel, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1926: Jeremy Slate, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1927: Milly Ludwig, lëtzebuergesch Wäitspréngerin.
- 1930: Ruth Rendell, englesch Schrëftstellerin.
- 1933: Alain Schaack, lëtzebuergesche Politiker.
- 1934: Alan Bates, brittesche Schauspiller.
- 1934: Boy Bofferding, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 1934: Victor Schadeck, lëtzebuergesche Politiker.
- 1939: Mary Ann Mobley, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 1942: Iolu Abil, Politiker vu Vanuatu.
- 1950: Jacques Mousel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1954: Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Duechter vum Grand-Duc Jean.
- 1955: Mo Yan, chineesesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 1957: André Mergenthaler, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 1963: Michael Jordan, US-amerikanesche Basketballspiller.
- 1965: Michael Bay, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 1967: Danièle Adam, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1972: Billie Joe Armstrong, US-amerikanesche Museker.
- 1972: Taylor Hawkins, US-amerikanesche Museker.
- 1973: Claude Wener, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1974: Anne Galowich, lëtzebuergesch Musekerin.
- 1976: Fred Neuen, lëtzebuergesche Filmproduzent.
- 1978: Claire Thill, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 1995: Marvin Martins da Graca, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen
änneren- 1600: Giordano Bruno, italieenesche Philosoph.
- 1673: Molière, franséischen Theaterauteur.
- 1827: Johann Heinrich Pestalozzi, Schwäizer Pedagog.
- 1856: Heinrich Heine, däitsche Schrëftsteller.
- 1865: Georg Phillips Bond, US-amerikaneschen Astronom.
- 1874: Adolphe Quetelet, belschen Astronom a Statistiker.
- 1875: Friedrich Wilhelm August Argelander, däitschen Astronom.
- 1900: Charles-André Engel, lëtzebuergesche Journalist.
- 1934: Albert I., Kinnek vun de Belsch (1909 bis 1934).
- 1934: Siegbert Tarrasch, däitsche Schachgroussmeeschter.
- 1970: Samuel Joseph Agnon, hebräeschen Epiker.
- 1975: François Léon Lefort, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1975: George Marshall, US-amerikanesche Filmregissuer an Dréibuchauteur.
- 1976: Jean Servais belsche Schauspiller.
- 1982: Lee Strasberg, Leeder vum New Yorker 'Actors Studio', enger Theaterschoul.
- 1982: Thelonious Monk, US-amerikaneschen Jazz-Pianist a -Komponist (Bebop).
- 1985: Robert Mond, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1990: Keith Haring, US-amerikanesche Kënschtler.
- 1998: Ernst Jünger, däitsche Schrëftsteller.
- 2014: Carlo Devillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2016: Andrzej Żuławski, polnesche Regisseur.
- 2018: Nicolas Anzia, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 2023: Robert Cazala, franséische Vëlossportler.
- 2023: Jenny Clève, franséisch Schauspillerin.
- 2023: Stella Stevens, US-amerikanesch Schauspillerin
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 17. Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 17. Februar 1929 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg vum 17. Februar 1965 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 17. Februar 1993 op der Websäit vum European Football