Haaptmenü opmaachen

Een astronomescht Ereegnes ass en Ereegnes, dat méi oder wéineger rar geschitt. Seng Ursaach läit baussenzeg vun der Äerd.

Eng Himmelserscheinung ass e visuelle Phenomen um Himmel.

Déi meescht astronomesch Ereegnesser bezéie sech op Himmelskierper am Sonnesystem, resp. op déi, bei deenen ee vun de bedeelegte Kierper en Deel vun eisem Sonnesystem ass. Astronomesch Ereegnesser, déi net vu Kierper aus eisem Sonnesystems stamen, si meeschtens op verännerlech Stären zréckzeféieren.

Als astronomescht Ereegnes bezeechent een och e puer Effekter bannenzeg vun der Äerdatmosphär, z. B. Liichterscheinungen, elektromagnéitesch Effekter oder Matière, déi aus dem Weltraum op d'Äerd trëfft.

Zu den Ereegnesser an der Astronomie zielen och déijeeneg, déi am visuelle Spektrum (Visuell Astronomie) net ze gesi sinn (z. B. am Gammastrale-Beräich) oder am weidere Sënn och déi, déi ze laang daueren, fir datt e Mënsch d'Ereegnes feststelle kann, wéi am Extremfall, eng Galaxienduerchdréngung (Dauer: e puer Millioune Joer).

Net all astronomescht Ereegnes ka virausberechent ginn.

Inhaltsverzeechnes

Iwwersiicht iwwer astronomesch EreegnesserÄnneren

Ereegnesser, déi viraus gesot kënne ginnÄnneren

Astronomesch Ereegnesser, déi ee viraus soe kann, ginn an der Reegel an astronomesche Joerbicher publizéiert.

Ereegnesser, déi bedéngt viraus gesot kënne ginnÄnneren

Ereegnesser, déi net virauszesoe sinnÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Wolfgang Held: Sonnen- und Mondfinsternisse – und die wichtigsten astronomischen Konstellationen bis 2017. Verlag Freies Geistesleben, Stuttgart 2005, ISBN 3-7725-2231-9

Um SpaweckÄnneren

Commons: Astronomische Ereignisse – Biller, Videoen oder Audiodateien