Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz
D'Linn 5 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Klengbetten, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 162 Arel - Namur. Déi zweegleiseg banaliséiert Streck ass 18,77 km laang. D'Linn 5 ass signaltechnesch gesinn déi modernst Streck vun der CFL; si huet déi neist Stellwierkstechnik, souwéi modern Baussenanlagen (Signalschiermer mat LEDen, Achszieleren, digital gesteiert Weichenundriffer, asw.)
GeschichtÄnneren
De Startschoss fir d'Streck ze bauen ass am Mäerz 1858 gefall, wéi d'Vertrieder vum Wëllem sech bei Sterpenich mat deene vum belsche Grand Luxembourg getraff hunn, fir d'Plaz festzehale wou déi zwou Strecke sech treffe sollten. De Kontrakt fir d'Streck ze bauen gouf am Mee vum selwechte Joer mat de Bridder Waring ënnerschriwwen. De 15. September 1859 konnt d'Streck a Betrib goen, an déi feierlech Aweiung war de 4. Oktober. Am Ufank war d'Streck eegleiseg mat Passéiergleiser zu Bartreng, Mamer a Klengbetten.
Mëtt der 50er Jore gouf d'Streck grad wéi déi Belsch Linn 162 elektrifizéiert, an den éischten elektreschen Zuch ass den 28. September 1956 gefuer. Et ass déi eenzeg Streck zu Lëtzebuerg déi mat 3000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert ass an et ass déi lescht Streck déi mam ETCS equipéiert gouf.
Dat soll sech awer an noer Zukunft änneren, et gëtt Pläng d'Linn 5 an doriwwer eraus d'Linn 162 bis Libramont mat 25.000 Volt 50 Hz ze reelektrifizéieren.D'Ëmstellung wäert vum 14. Juli 2018 bis de 17. September 2018 passéieren[1].
CFL-Uschlëss op der Streck:
- Klengbetten: Atertlinn an Direktioun Hoen (net elektrifizéiert.)
Aner Uschlëss:
- Klengbettener Millen
- NAMSA op der Kap
- Shell zu Bartreng
Iwwer d'Streck fueren den InterCity J an d'Regionalzich vun den CFL.
| |||
Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer-Lycée - Mamer - Kapellen - Klengbetten
|