Gemeng Biekerech
D'Gemeng Biekerech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biekerech vun där se och hiren Numm huet.
Biekerech | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
An anere Sproochen |
fr: Beckerich de: Beckerich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Buergermeeschter | Thierry Lagoda |
Awunner | 2.784 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 2.841,6349 ha |
Héicht | 289 m |
Koordinaten |
49° 43’ 55’’ N 05° 53’ 07’’ O |
Websäit | https://beckerich.lu |
D'Gemeng Biekerech (orange) am Kanton Réiden (rout) | |
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]Änneren
Uertschaften an der fréierer Gemeng Biekerech:
Uertschaften an der fréierer Gemeng Uewerpallen:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Biekerech:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Uewerpallen:
- Diggel
NopeschgemengenÄnneren
- Am Kanton Réiden: Ell, Gemeng Réiden op der Atert, Useldeng, Sëll
- Am Kanton Capellen: Habscht
- An der Belsch: Arel
GeschichtÄnneren
D'Gemeng Biekerech an hirer haiteger Form ass entstane wéi duerch d'Gesetz vum 25. Juli 1846[2] d'Gemeng Uewerpallen opgeléist gouf an der Gemeng Biekerech bäigeprafft gouf.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
WopenÄnneren
Beschreiwung am Originaltext:
Parti d'or et d'azur à deux crosses adossées de l'un en l'autre mouvant de la pointe et brochant sur la partition, les crosses soutenues à dextre par un loup rampant contourné au naturel et a senestre par un lion d'argent. De Wope vun der Gemeng gouf an der Sëtzung vum 7. Oktober 1982 vum Gemengerot ugeholl an den 29. Oktober 1982 duerch en Arrêté ministériel agreéiert. D'Publikatioun war am Memorial B vun 1982 op Säit 344. De Projet gouf vum Marcel Lenertz ausgeschafft. Déi riets Säit vum Wopen,[3] d'or au loup rampant au naturel, kënnt vun den Häre vun Schweech déi bis an d'14. Joerhonnert Meeschter zu Huewel, Schweech an Ielwen waren. Déi lénks Säit vum Wopen, d'azur au lion d'argent, kënnt vun den Häre vu Giisch, deenen d'Uertschaften Uewerpallen a Liewel gehéiert hunn. Déi zwéi Bëschofsstief stellen d'Kléischter vu Clairefontaine a Märjendall duer, déi vill Eegentemer um Terrain vun der haiteger Gemeng haten. |
BuergermeeschterenÄnneren
- 1844: Orianne Jodoc[4]
- ....
- 1982 - 1990: Joseph Seyler
- 1990 - 2013: Camille Gira
- 2013 - haut: Thierry Lagoda
IndustrieÄnneren
- S.A. des Eaux minérales zu Biekerech
Bekannt LeitÄnneren
- Nicolas Bosseler, Resistenzler, Historiker a Schoulmeeschter
- Camille Gira, Buergermeeschter an Deputéierten
- Egide Thein, lëtzebuergeschen Offizéier
- Émile Stockreiser, US-Air Force Pilot, gebuer zu Biekerech
- Léon Lambert, Schoulmeeschter zu Biekerech vun 1948 bis 1961
KuckeswäertesÄnneren
- D'Jobskapell um Kuelebierg
- D'Uergel an der Kierch vu Biekerech
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Biekerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
JumelageÄnneren
Biekerech ass zanter 1993 mat der ungarescher Gemeng Iváncsa jumeléiert.
BibliographieÄnneren
- Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Biekerech S. 9-24).
- Bosseler, Nicolas: Beckerich, Hüttingen und Levelingen in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, 1975.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Loi du 25 juillet 1846, N° 1525, portant modification de l'ordonnance Royale Grand-Ducale, du 12 octobre 1841, relative à la circonscription judiciaire et administrative. legilux.public.lu (21.08.1846). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑ Bei der Beschreiwung vu Wopen ass riets déi Säit déi vu vir gekuckt lénks ass. Wope gi beschriwwen aus der Siicht vum Ritter deen d'Schëld gedroen huet, deemno vun hanne gekuckt
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844