D'Jacquerie oder Grande Jacquerie war e franséische Bauerenopstand am Joer 1358 an der Île-de-France, der Picardie, der Champagne, dem Artois an der Normandie am Kader vum Honnertjärege Krich an engem Kontext vu politescher, militärescher a sozialer Kris. Et gouf vill konjonkturell Grënn heifir - sou zum Beispill d'Onzefriddenheet mam Adel no der Schluecht vu Poitiers (1356) - souwéi och strukturell Ursaachen - Misär vun de Lännereien, déi duerch d'Arméien zerstéiert gi waren.

De Begrëff Jacquerie gouf méi spéit dacks allgemeng benotzt, fir Bauerenopstänn am Europa vum Ancien Régime ze nennen. An der Geschicht ginn d'Bauerenopstänn vun der Revolutioun Jacquerie genannt, fir d'Politikwëssenschaftler ass all Bauerenopstand eng Jacquerie.

D'Grande Jacquerie vun 1358 änneren

Déi sougenannt Grande Jacquerie, déi hiren Numm alle spéidere Bauerenopstänn ginn huet, ass Enn Mee 1358 an d'Rulle komm (jee no Quell den 21., 28. oder 31. Mee. Zu éischten Onroue koum et op der Grenz tëscht der Île-de-France an dem Clermontois a méi genee an dem klengen Duerf Ponleroi souwéi an der Ëmgéigend vu Saint-Leu-d'Esserent.

 
D'Schluecht vu Crécy an der Chronik vum Jean Froissart.

Déi direkt Ursaache vun dësem Opstand sinn nëmme wéineg bekannt, mä et koum warscheinlech zu Reiwereien tëscht dem Adel an de Baueren. De Kontext vun dësem Opstand war den Honnertjärege Krich an d'Grouss Pescht, déi zanter 1348 hir Affer gefuerdert huet. D'Vollek hat no den Néierlage vu Crécy (1346) a Poitiers (1356) keng gutt Meenung vum Adel. D'grouss Compagnien hunn d'Land onsécher gemaach, wa si net grad fir deen een oder anere Prënz gekämpft hunn. Dozou koum e steierlechen Drock, fir d'Léisegeld fir de Kinnek, an d'landwirtschaftlech Produkter hu sech net gutt verkaaft. Den Étienne Marcel huet déi Onroue fir sech ausgenotzt.

Wat och ëmmer déi Drëps war, déi d'Faass zum iwwerlafe bruecht huet, d'Revolt gouf direkt als Effrois beschriwwen, an huet séier iwwer de Norde vum Land iwwerhand geholl. D'Chronike vun där Zäit zielen e ganze Katalog vu Gewalt géint den Adel op, dee sech am Land verbreet huet.

Sou erzielt de Chroniker Jean Froissart iwwer d'"Jacques Bonhommes":

"Ils déclarèrent que tous les nobles du royaume de France, chevaliers et ecuyers, haïssaient et trahissaient le royaume, et que cela serait grands biens que tous les détruisent. [...] Lors se recueillirent et s'en allèrent sans autre conseil et sans nulle armure, seulement armés des bâtons ferrés et de couteaux, en premier à la maison d'un chevalier qui près de là demeurait. Si brisèrent la maison et tuèrent le chevalier, la dame et les enfants, petits et grands, et brûlèrent la maison. [...] Ils tuèrent un chevalier et boutèrent en un hâtier et le tournèrent au feu, et le rôtirent devant la dame et ses enfants".

De Froissart schéngt allerdéngs eng zimmlech pro-aristokratesch Visioun vun den Evenementer gehat ze hunn, aner Chroniker hunn d'Grausamkeeten net sou eloquent beschriwwen. Sou schreift de Pierre Louvet:

"La guerre appelée la Jacquerie du Beauvoisis qui se faisait contre la noblesse du temps du roi Jean, et en son absence, arriva par le mauvais traitement que le peuple recevait de la noblesse".

Fir d'Situatioun nees an de Grëff ze kréien, waren d'Adeleger net manner grausam. Nodeem si schonn eng gutt Partie vun de Revoltéierten higeriicht haten, hunn de Grof vu Foix an de Captal vu Buch d'Stad Meaux belagert an a Brand gestach. De Charles de Schlechten huet bei der Repressioun matgehollef, ënner anerem duerch eng grausam Repressioun zu Mello. De Guillaume Carle, de Chef vun den Opstännegen, krut e Waffestëllstand verséchert, a gouf bei den Adel gelackelt, wou hie gekäppt ginn ass. De Kinnek war bei de meeschte Cheffen allerdéngs net sou radikal.

Mëttelalterlech Jacquerien änneren

Jacquerië vun der Neizäit änneren

D'Enn vun de Jacquerien änneren

Déi lescht grouss Revolt war déi vun de sougenannten Tard-avisés am Joer 1707. Zanter 1680 war et scho méi roueg ginn. Am 18. Joerhonnert goungen déi grouss Bauerekricher op en Enn, an dëst aus verschiddene Grënn:

  • Multiplikatioun vun de klengen indirekte Steiere, déi ee manner gesinn huet, an déi deemno manner wéigedoen hunn;
  • d'Relioun an de Staat si sech méi no komm, d'Curés hu besser gefollegt, an d'Baueren hunn eng Massegewalt refuséiert;
  • am 18. Joerhonnert koum et zu engem groussen Opschwonk fir d'Landwirtschaft, an et koum zu engem gewëssen Individualismus vun de Baueren.

D'Revolte sinn natierlech ni komplett verschwonnen, mä si ware méi lokal a méi kleng, an hu sech éischter Richtung Kontestatioun vun den Feudalhären entwéckelt. Kuerz virun der Revolutioun koum et nees zu Jacquerien duerch de Mielkrich. Wärend der Revolutioun hunn d'Baueren eng grouss Roll gespillt, virun allem wärend der Grande Peur.

Literatur zum Theema änneren

  • D.M. Besson, "The Jacquerie: class war or co-opted rebellion ?" in: Journal of Medieval History, n° 11, 1985.
  • Pierre Bonnassie, Les Cinquante mots clefs de l'histoire médiévale, Privat, Toulouse, 1981.
  • Samuel Kline Cohn, Popular Protest In Late Medieval Europe, Manchester University Press, 1976.
  • Michel Mollat a Philippe Wolff, Ongles bleus, Jacques et Ciompi: les révolutions populaires en Europe aux XIVe et XVe siècles, Calmann-Lévy, 1970.
  • Émile Morel, "La jacquerie dans le Beauvaisis" in Cabinet historique de l'Artois et de la Picardie, 1891.
  • Anatoli Ado, Paysans en révolution: terre, pouvoir et jacquerie: 1789-1794, Société des études Robespierristes, Paräis, 1996. (ISBN 2-908327-38-4)

Um Spaweck änneren