De Johann Ludwig Heinrich Julius Schliemann gebuer de 6. Januar 1822 zu Neubukow, Mecklenburg, a gestuerwen de 26. Dezember 1890 zu Neapel, war e Geschäftsmann zu St. Petersburg a Pionéier an der Feldarcheologie.

Heinrich Schliemann
Gebuertsnumm Johan Ludwig Heinrich Julius Schliemann
Gebuer 6. Januar 1822
Gestuerwen 26. Dezember 1890
Neapel
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Russescht Keeserräich, USA
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Geschäftspersoun, Konschthistoriker, Archeolog, Händler, Reesenden, Entreprener, Schrëftsteller
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Biographie änneren

Den Heinrich Schliemann ass an enger Paschtoueschfamill opgewuess; nom Doud vu senger Mamm, koum en am Alter vun 10 Joer an d'Famill vu sengem Monni. Wéinst Geldmangel war him d'Besiche vu engem Lycée net méiglech gewiescht. 1836 huet e seng Léierzäit als Handelsgehëllef bei engem Kréimer ugefaangen, déi en awer aus gesondheetleche Grënn huet missen ofbriechen. 1841 wollt en, komplett veraarmt, a Venezuela auswanderen, ass awer un der nidderlännescher Küst gestrant. Ee Joer méi spéit krut en eng Plaz als Laufbursch an engem Kontor zu Amsterdam an huet ugefaangen, Friemsproochen ze léieren, wat em anscheinend gutt gelongen ass. 1846 huet en am Optrag vu sengem Patron eng Handelsnidderloossung zu Sankt Péitersbuerg gegrënnt. Schonn ee Joer méi spéit huet en do och en eegent Handelshaus opgemaach a krut och déi russesch Staatsbiergerschaft.

Am den nächste Joren huet en eng Bank fir Goldhandel zu Sacramento (Kalifornien) gegrënnt, huet erfollegräich an amerikanesch Eisebunnsprojeten investéiert, gouf enorm räich duerch Waffeliwwerungen un d'zaristesch Arméi am Krimkrich an huet engem russesche Geschäftsmann seng Duechter bestuet.

1856 huet e Latäin an Algriichesch geléiert a wollt sech aus dem Geschäftsliewen zeréckzéien.

Dëst ass em awer eréischt 1864 gelongen. Duerno huet e laang Studiereesen an Asien an an Nord- a Mëttelamerika gemaach. Vun 1864 u studéiert en Altertumswëssenschaften op der Sorbonne zu Paräis. Wéini genee e sech konkreet fir d'Antiquitéit intresséiert huet, ass onkloer, zumools well seng eegen Opzeechnungen dacks zimmlech onzouverlässeg sinn.

1868 wandert en a Griicheland aus an ënnerhëllt eng Studierees an d'Géigend vun Troja, dem haitegen Hissarlik.

1869 koum d'Promotioun zum Dr. phil. op der Universitéit zu Rostock mat engem archeologeschen Theema, d'Scheedung vu senger éischter russescher Fra an dat séiert Bestietnes mat der 17-järeger Griichin Sophia Engastromenos.

1870 huet en um Hiwwel Hissarlik illegal éischt Proufgruewungen duerchgefouert, ee Joer spéider koum déi éischt offiziell Gruewungskampagne. 1874 stoungen éischt Proufgruewunge zu Mykene um Plang, wou en zwee Joer méi spéit déi berüümt Schachtgriewer entdeckt huet. Et koumen nach Ausgruewungen zu Orchomenos an Alba Longa dobäi. 1881 huet en, op Vermëttlung vu sengem Fërderer Rudolf Virchow, seng Sammlung vun trojanesche Fondstecker dem däitsche Vollek geschenkt a gouf doropshin Éierebierger vu Berlin. En huet kuerz Zäit méi spéit seng Fuerschungsresultater ënner dem Numm Ilies a seng Autobiographie publizéiert. Dat Joer drop huet de Wilhelm Dörpfeld fir d'éischt un enger Gruewung vum Schliemann zu Troja deelgeholl. 1884 huet e mat de Gruewungen zu Tiryans ugefaangen, déi en nieft de Sondéierungen zu Alexandria 1885 weidergefouert huet. 1890 huet en eng international Geléiertekonferenz um Ausgruewungsuert zu Troja finanzéiert.

No der siwenter Campagne zu Troja ass en 1890 iwwerraschend un de Follge vun engem laangjäregen Ouereleiden (Tinnitus?) gestuerwen.

Ausgruewungen änneren

Den Heinrich Schliemann war net den éischten, dee gemengt hat, ënner dem Hiwwel Hissarlik an der Troas d'Iwwerreschter vun der Stad Troja kënnen ze fannen. 1863 goufe do vum Britt Frank Calvert éischt Ausgruewunge duerchgefouert. Wärend den éischten dräi Campagnen (vun 1871 un) huet de Schliemann vu sengen Aarbechter e 40 m breeden an iwwer 15 m déiwe Gruef matzen duerch de Hiwwel dreiwe gelooss, an der Hoffnung, sou Ilion, d'Buerg vum Priamos, ze fannen. Dobäi goufe wichteg Siddlungsspueren aus alle Schichten onwidderbrénglech zerstéiert. E war awer léierfäeg: an de follgende Joren a bei Gruewungen op anere Plaze huet en d'Hëllef vun engem Fachmann (Wilhelm Dörpfeld) an Usproch geholl an ass méi virsiichteg virgaangen.

Zweiwelhaft war och säi Verhale géintiwwer de Vetrieder vum Osmanesche Räich: en huet de Schaz vum Priamos widderrechtlech ausser Land bruecht. Eréischt no engem Prozess huet en heifir e "Kafpräis" misse bezuelen.

Zwar gëtt et iwwerzeegend Hiweiser, datt em déi strateegesch an handelspolitesch bedeitsam Siidlungsplaz um Hissarlik ëmmer erëm krigerech Ausenanersetzunge gefouert goufen. En archeologesche Beweis dofir, datt den Trojanesche Krich aus dem Homer senger Ilias en historesche Fakt ass (sou jiddefalls nom Schliemann senger Thees), ass bis haut net kloer erbruecht.

Déi wäitverbreete Legend (un där e selwer gär gestréckt huet) "Heinrich Schliemann huet op där Plaz déi legendär Stad Troja entdeckt..." ass an där Form dofir onhaltbar.

Ouni Zweiwel huet de Schliemann als Éischten eng bronzezäitlech Siidlung ausserhalb vun Egypten a Mesopotamien opgedeckt an domat an der Archeologie e komplett neit Aarbechtsgebitt opgemaach.

Wierker (Auswiel) änneren

  • La Chine et le Japon au temps présent, Librairie centrale, Paräis, 1867.
  • Ithaka, der Peloponnes und Troja, Leipzig 1869
  • Trojanische Altertümer, Leipzig 1874
  • Mykenä, Leipzig 1877
  • Ilios, Leipzig 1881
  • Orchomenos, Leipzig 1881
  • Reise in der Troas, Leipzig 1881
  • Troja, Leipzig 1883
  • Tiryns, Leipzig 1886.

Literatur zum Theema änneren

  • Wilfried Boelke, Heinrich Schliemann. Ein berüümter Mecklenburger. Schwerin, Demmler, 1996.
  • Wilfried Boelke a Reinhard Witte, Heinrich-Schlienmann-Museum Ankershagen/Mecklenburg. Führer durch die ständige Ausstellung, Ankershagen, 2003
  • Justus Cobet, Heinrich Schliemann. Archäologe und Abenteurer, Beck, München, 1997.
  • Manfred Flügge, Heinrich Schliemanns Weg nach Troja - Die Geschichte eines Mythomanen, Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 2001. (ISBN 3-423-24292-2)
  • Carl Schuchhardt, Die Ausgrabungen Schliemanns in Troja, Tiryns, Mykenä, Orchomenos und Ithaka, Leipzig, 2000.
  • Heinrich Alexander Stoll, Der Traum von Troja, Leipzig, 1956. (ISBN 3-356-00933-8)
  • Irving Stone, Der griechische Schatz. Der Lebensroman von Sophia und Heinrich Schliemann, Reinbek, Rowohlt, 2004. (ISBN 3-49923533-1)
  • Reinhard Witte a Wilfried Boelke (Ersg.), Mitteilungen aus dem Heinrich-Schliemann-Museum Ankershagen, 2004.
  • Philipp Vandenberg, Der Schatz des Priamos – Wie Heinrich Schliemann sein Troja erfand, Gustav Lübbe, Bergisch Gladbach, 1995. (ISBN 3-7857-0804-1)

Um Spaweck änneren

Commons: Heinrich Schliemann – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.