Dräilännereck

En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vum selwechte Rang an domat och dräi gläichaarteg Territoiren (Staaten, Regiounen,...) openee stoussen.

Lëtzebuergesch-belsch-franséischen Dräilännereck bei Rodange.
Lëtzebuergesch-däitsch-franséischen Dräilännereck un/an der Musel bei Schengen.
Lëtzebuergesch-belsch-däitschen Dräilännereck op der Our.
Fréiere belsch-lëtzebuergesch-preiseschen Dräilännereck op der Schmëdd, ëm 1910.
Fréieren Dräilännereck op der Schmëdd, 2010. Lénks d'Gossemaark LB286 riets déi stenge Maark LB75

D'Zuel vun den Dräilännerecken hänkt vun der Zuel vun den Noperen of, ma och dovun, wéi vill Miergrenzen do sinn.

Sou huet zum Beispill Éisträich 9 Dräilännerecken, Däitschland der 7, d'Schwäiz der 6 a Frankräich der 4. Lëtzebuerg huet der 3, Dänemark a Portugal dogéint keen eenzegen.

Lëtzebuerger Dräilännerecken haut (no 1919)Änneren

  • Belsch-Frankräich-Lëtzebuerg, bei Éibeng (Aubange), Mäertesbierg (Mont-Saint-Martin) a Rodange;
  • Däitschland-Belsch-Lëtzebuerg, bei Sevenig, Ouren a Léiler;
  • Frankräich-Däitschland-Lëtzebuerg, bei Opech (Apach), Perl a Schengen. Wéinst dem däitsch-letzebuergesche Kondominium gëtt awer kee feste Punkt am Grenzfloss wou déi dräi Länner uneneestoussen. Theoreetesch léich en op der Spëtzt vun der lénkser Ausfaartsmauer vun der Opecher Schleis.

Lëtzebuerger Dräilännerecke fréier (virun 1919)Änneren

Déi zwéin Dräilännerecken, déi Lëtzebuerg mat Däitschland huet, gëtt et sou, wéi mer se haut kennen, eréischt zanter 1919:

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Dräilännerecken – Biller, Videoen oder Audiodateien