D'Insekten (Insecta) sinn eng Klass vun Déiere vum Stamm vun de Glidderféisser (Arthropoda).

Insekten
Europäesch Bei

Europäesch Bei
Europäesch Bei
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Tracheata
Iwwerklass: Sechsfüssler
Klass: Insekten
Wëssenschaftlechen Numm
Insecta
Ënnerklassen

Fielssprénger
Fëschelcher
Flillekeninsekten

Si sinn déi aarteräichst Grupp vun allen Déieren.

Den Urahn vun den Insekten huet sech vu viru méi wéi 380 Millioune Joer entwéckelt. Eng ganz nei Grupp ass deemools warscheinlech aus engem Kribs entstanen. Déi Grupp gëtt als Klass vun den Insekte bezeechent.

Kierperbau änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierperbau vun den Insekten.

D'Gréisst vun den Insekte variéiert ganz stark a läit bei de meeschten Aarten tëscht engem an 20 Millimeter.

Systematik änneren

D'Klass vun den Insekte besteet aus Millioune vu verschiddenen Aarten. Dovu sinn der eréischt 962.500 bekannt. Si gëtt a 36 wëssenschaftlech Uerdnungen ënnerdeelt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Insekten – Biller, Videoen oder Audiodateien