Als Lunabas bezeechent een dat basaltescht Schmëlzmaterial, aus deem déi donkel Déiffläche vum Äerdmound bestinn. Déi morphologesch Forme gläiche staark den Ergëss vu Lava bei de Schëldvulkaner vum Hawaii-Typus. Aus dësem Grond gëtt ugeholl, datt déi wichtegst Grouss- a Klengforme vun der Mounduewerfläch d'Resultat vu vulkaneschen Aktivitéite sinn.

"Lunabas": Olivinbasalt aus dem Palus Putredinis

D'Bezeechnung Lunabas ass en onverbindlecht Konschtwuert vum US-amerikanesche Geolog Josiah Edward Spurr (18701950) fir d'Maregestengs dat als basesch ugesi gëtt. Hien huet dat donkelt Moundgestengs scho mat Basalt verglach. Eng donkelgro Variant, déi virun allem am Mare Imbrium optrëtt, huet hien "imbase" genannt an dobäi nach méi hell Lava déi hie fir méi jonk gehalen huet, souzesoen als "novabase" ënnerscheet.

An Zesummenhank mat dem Lunarit, dem Moundgestengs vun den hellen Héichlänner, riicht sech eng Modellvirstellung nom ierdesche Bild vum Sial an Sima aus, sou wéi bei der zweestäckeger kontinentaler an ozeanescher Äerdkuuscht.

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie