Regierung Werner-Schaus II

Koalitiounsregierung

D'Regierung Werner-Schaus II ass aus de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 6. Februar 1969 vereedegt gouf an ufanks aus 7 Ministere bestanen huet.

De 5. Juli 1971 sinn zwéi Staatssekretäre bäikomm: de Camille Ney an den Emile Krieps.

Den 10. September 1972, nodeem d'Madeleine Frieden-Kinnen am Kader vun der sougenannter Buergfrid-Affär zeréckgetruede war, ass de Jacques Santer als neie Staatssekretär bäikomm. De Camille Ney gouf Minister.

Zesummesetzung änneren

Vum 6. Februar 1969 bis de 5. Juli 1971 änneren

  • Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Finanzminister
  • Eugène Schaus (DP): Vizepresident vun der Regierung; Justizminister; Inneminister; Arméiminister
  • Jean-Pierre Büchler (CSV): Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Bauteminister
  • Jean Dupong (CSV): Erzéiungsminister; Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
  • Madeleine Frieden-Kinnen (CSV): Ministesch fir Famill, Jugend, Sozial Solidaritéit a Gesondheet; Ministesch fir Kultur a Kultus.
  • Gaston Thorn (DP): Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister vun der Fonction publique; Sportsminister.
  • Marcel Mart (DP): Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand an Tourismus; Minister fir Transport an Energie.

Vum 5. Juli 1971 bis den 10. September 1972 änneren

  • Camille Ney (CSV): Staatssekretär am Ministère fir Landwirtschaft a Wäibau; Staatssekretär am Bildungsministère.
  • Emile Krieps (DP): Staatssekretär am Inneministère.

Vum 10. September 1972 bis de 15. Juni 1974 änneren

  • Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Finanzminister; Kulturminister
  • Eugène Schaus (DP): Vizepresident vun der Regierung; Justizminister; Inneminister; Arméiminister
  • Jean-Pierre Büchler (CSV): Bauteminister; Minister fir Famill, Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit; Minister fir Wäibau
  • Jean Dupong (CSV): Erzéiungsminister; Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
  • Gaston Thorn (DP): Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister vun der Fonction publique; Sportsminister.
  • Marcel Mart (DP): Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand an Tourismus; Minister fir Transport an Energie.
  • Camille Ney (CSV): Landwirtschaftsminister; Gesondheetsminister.
  • Emile Krieps (DP): Staatssekretär am Inneministère.
  • Jacques Santer (CSV): Staatssekretär am Staatsminstère (Kultur); Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren