Déifferdeng

Stad an Haaptuert vun der Gemeng Déifferdeng


Déifferdeng (lokal: Déifferdang[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Déifferdeng an - op Basis vum Gesetz vum 4. August 1907 - eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg[2]. Déifferdeng läit tëscht den Uertschaften Nidderkuer an Uewerkuer.

Déifferdeng
Bléck op de Fuussbann an Déifferdeng vum Bielesser Gaalgebierg aus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Differdange
de: Differdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Déifferdeng
Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP)
Awunner 15.455
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 304 m
Koordinaten 49° 31’ 22’’ N
      05° 53’ 20’’ O

Geographie änneren

Déifferdeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

Éischt Spueren déi an der Géigend Déifferdeng fonnt goufe weisen drop hin, datt schonn an der Alsteenzäit Mënschen an där Géigend gelieft hunn. Et goufen och siwe Réng fonnt déi ongeféier vun 800-500 v. Chr. stamen[3]. Griewer aus der Zäit vun de Franken déi fonnt goufe waren dann och fir laang Zäit déi lescht Liewensbeweiser an där Géigend, bis datt am Joer 1235 den Alexander vun Zolwer e Klouschter baue gelooss huet, an domat och déi éischt Kéier den Numm Déifferdeng an engem Schenkungsakt zum Virschäi koum[4]. Am Geschichtscours iwwer Déifferdeng[5] steet: In der Grüdungsurkunde von 1235 heisst es, in der Sorge um seinen Seelenfrieden habe Alexander in Differdingen eine Kapelle errichtet und sie den Zisterzienserinnen geschenkt. [...][6]

Numm Déifferdeng a seng Variatiounen änneren

Iwwer den Numm vun Déifferdeng gëtt et vill Variatioune wéi den Numm entstane ka sinn. De Jhemp Biver fänkt dofir och säin Artikel u mat der Fro, op den Numm Déifferdeng net och aus dem laténgesche Wuert "diverticulum" kann entstane sinn, wat en zweetrangege Kiem bedeit.

D'Tatsaach, datt am Däitschen den Numm mat der Endung -ing(en) ophält, léisst een unhuelen, datt d'Franken d'Regioun ëm Déifferdeng besat haten[7].

Et gouf Nimm mat laténgesche Racinnen, wéi zum Beispill:

Differtingen (1235) Tiffirdingen (1247) Thieferdanges (1274) Differdenges (1278)

Oder mat franséische Racinnen:

Thyeferdingen, Thiefferdanges (1468/1469) Thifferdanges (1472/1473)

Ausserdeem gëtt et och d'Méiglechkeet, datt den Numm vun verschiddene Personnagen hiergeleet gouf, wei zum Beispill: "die Genossen/Sippe des Diefried oder Diefridingen"[7].

Abtei gëtt e Fleegeheem änneren

D'Klouschter dat vum Alexander vun Zolwer gebaut gouf, gouf eng Zisterzienserinnenabtei. D'Schwësteren hunn haaptsächlech aus lëtzebuergeschen Adelsfamille gestaamt, mä lues a lues hu sech och Nonnen aus der Grenzregioun integréiert.

Wärend dem Drëssegjärege Krich (1618 - 1648) hat d'Abtei grouss Problemer fir weiderzebestoen, well d'Zaldote vun de feindlechen Truppen alles zerstéiert hunn.

An engem Dokument aus där Zäit heescht et: « Il plairat de considerer que ladite Abbaye exposé sur les frontiers, a souffert des pertes notables durant les guerres par divers fois, et signament depuis l'an 1635. Les Suédois, les Croattes, Hongrois, Polonais, Lorrains, François, et autres ont enlevé les meubles, bestailles, grains et ustensiles. Mesmes les ferrailles des portes et fenestres, le plomb des toicts, tellement que les Dames Religieuses et Domestiques ont esté contraints de se retirer chez leurs parens souvent, et par bonnes espaces de temps, pendant la derniere guerre, on a esté obligé de fournir une somme notable aux François pour la contribution. Leurs censes (fermes) au nombre de quattre sont entièrement bruslees et demolies. La quatriesme partie du Cloitre est tombé, deux autres et la tour de l'Eglise menacent la ruine. »[8]

Déi lescht Äbtissin huet Marie-Madeleine de Gourcy geheescht, soudatt och nach haut d'Fleegeheem ënner dem Numm "Fontaine Marie" besteet.

Eréischt am Joer 1929 huet d'Gemeng Déifferdeng sech dozou bereet erkläert d'Abtei, déi zu der Zäit scho puermol zur Stee prett stoung, ze kafen an huet dunn e Spidol draus gemaach.

Am Joer 1981 huet dunn de Lëtzebuerger Staat d'Spidol kaf an zanterhier ass et e Fleegeheem ënner der Leedung vum SERVIOR[9].

Kuckeswäertes änneren

Eng Rëtsch Gebaier zu Déifferdeng an der Victor-Hugo-, der Niklos- an der Émile-Mark-Strooss goufen an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Inventaire supplémentaire klasséiert. Och den Agank vun der Minière Thillebierg gouf do agedroen.

Éierebierger änneren

Literatur zum Theema änneren

  • 100 Joer Déifferdeng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 179 vum 3. August 2007, 24 S.
  • 100 Joer Stad Déifferdeng, Bäilag vum Wort Nr. 180 vum 4. a 5. August 2007, 48 S.
  • Ville de Differdange 1907 - 2007, Réminicences:... À la recherche du temps perdu (Marcel Proust) / Stadt Differdingen 1907 - 2007, Erinnerungen:... Auf der Suche nach der verlorenen Zeit (Marcel Proust), an der Serie: Korspronk, erausgi vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, Korspronk 21 / 2007; préparéiert a geschriwe vu(n) Erny Hilgert, François Schroeder, Roland Courtois, Norbert Schmit, Jhemp Biver, Koordinatioun an definitiv Editioun: Jhemp Biver; Reproduktioune vun de Fotoen: Pierre Pasquali; Zeechnungen: Gast Heuschling. Dréckerei Heintz, Péiteng.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. (fr)Loi du 4 août 1907, attribuant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange. data.legilux.public.lu (04.08.1907). Gekuckt de(n) 13.05.2023.
  3. http://w3.restena.lu/primaire/differdange/diffhist/un1/unite1.htm
  4. Luxemburger Lexikon, Das Grossherzogtum von A-Z, Éditions Guy Binsfeld Luxembourg 2006, p.91
  5. http://w3.restena.lu/primaire/differdange/diffhist/intro.htm
  6. http://w3.restena.lu/primaire/differdange/diffhist/un5/unite5.htm
  7. 7,0 7,1 Biver, Jhemp, « Differdingen, der Ortsname » In Korspronk N°16, p. 36 - 40 1994
  8. Amitiés Françaises Differdange: L'Abbaye de Differdange et l'histoire de cette bâtisse depuis ses origines jusqu'à nos jours, S. 53
  9. http://www.servior.lu/fr/services/sites/mds/differdange