Bissau ass d'Haaptstad vum westafrikanesche Land Guinea-Bissau a vun der autonomer Regioun Bissau. 2007 goufe vum Instituto Nacional de Estatística e Censosdaat 407.424 Awunner zu Bissau gezielt. D'Haaptstad, déi um Rio Geba beim Atlantik läit, ass déi gréisst Stad aus dem Land, huet de gréissten Hafen an ass den administrativen a militäreschen Zentrum vu Guinea-Bissau.

Bissau
Avenida dos Combatentes da Liberdade da Pátria
Land Guinea-Bissau
Vewaltungseenheet Autonome Secteur Bissau
Awunner 492.004
  2015
Fläch 77
Héicht 0 - 5
Koordinaten 11° 52’ 00’’ N 15° 36’ 00’’ W
Stroossenzeen zu Bissau

Geschicht änneren

Bissau gouf 1687 vun de Portugisen als befestegten Hafen a regionalen Handelszentrum gegrënnt. 1942 ass d'Stad dunn och no Bolama déi nei Haaptstad vu Portugisesch-Guinea ginn. Nodeem déi antikolonial Rebelle vun der PAIGC 1973 d'Onofhängegkeet erkläert haten, ass Madina do Boe zu der neier Haaptstad ernannt ginn, mä no der Unerkennung vun der Onofhängegkeet duerch Portugal den 10. September 1974 ass Bissau déi Funktioun erëm zougefall.

No enger Revolt sinn 1989 vill Awunner vu Bissau aus hirer Stad geflücht a sinn an engem temporäre Flüchtlingslager bei Prábis, 15 km westlech vu Bissau, ënnerkomm. Wärend dem Biergerkrich (1998-1999) goufe vill Haiser a Bissau zerstéiert, ënner anerem de Presidentepalais an de franséische Kulturzentrum, dee mëttlerweil erëm opgebaut gouf. Trotzdeem ass de Stadkär nach ëmmer ënnerentwéckelt.

Geographie änneren

 
Klimadiagramm vu Bissau
 
Wope vu Bissau vun 1947

Bissau läit direkt op der Küst virum Bissagos-Archipel um Delta vum Floss Geba. D'Stad ass en autonomen administrative Secteur a läit nieft de Verwaltungsregioune Biombo an Oio.

D'Temparatur an der Haaptstad ass relativ konstant mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 26,3 °C (24,4 °C am Januar an 27,2 °C am Juni). Am meeschte reent et tëscht Juni an Oktober mat ëm déi 2000 mm Reen am Joer.

Mount Temperatur (°C) Nidderschlag (mm)
Januar 24,4 1
Februar 25,7 1
März 26,6 0
Abrëll 27,0 1
Mee 27,4 17
Juni 27,2 175
Juli 26,3 473
August 25,8 682
September 26,4 435
Oktober 27,1 195
November 26,9 42
Dezember 24,8 2

Infrastruktur änneren

Bissau ass agedeelt an d'Quartieren Alto Crim, Bandim, Mindará, Reino, Belém, Missira, Sintra, Calequir, Amedalai, Rossio, Nema, Mindará, Cupelon a Chão de Papel. Partnerstied sinn Agueda a Portugal an Dakar am Nopeschland Senegal.

Am Zentrum vun der Stad läit d'Plaz vun den Nationalhelden (Praça dos Herois Nacionais), ronderëm leien déi meescht Ministèren a Banken, d'Klinik Simão Mendes (déi gréisst am Land), d'Geriicht, de Kierfecht an den nationale Stadion Estádio Lino Correia, an deem Plaz fir 12.000 Leit ass.

Am Südoste vun der Avenida Amílcar Cabral läit den deels och militäreschen Hafe vun Stadt. Vun do aus kann ee mat der Fär op d'Insele vum Bissagos-Archipel fueren.

Am Nordweste vun der Stad, néng Kilometer vum Stadtzentrum ewech, läit den Osvaldo Vieira International Airport, deen eenzegen internationale Fluchhafe vum Land. En ass nom President an Ex-Premierminister João Bernardo Vieira benannt. Déi portugisesch Fluchgesellschaft TAP Portugal flitt vu Bissau bis op Lissabon, soss gëtt et nëmme Flich an aner afrikanesch Länner.

Demographie änneren

 
Justizministère
 
Zentralbank vun de Westafrikanesche Staaten

Déi lescht offiziell Vollekszielung gouf 1991 am Land ofgehalen, dunn hat d'Regioun Bissau 195.389 Awunner. Trotzdeem huet den Instituto Nacional de Estatística e Censosdaat geschat, datt 2007 407.424 Leit an der Haaptstad an Emgéigend wunnen.

  • Bevëlkerungsprognosen 1991 - 2025
Joer Populatioun
1991 195.389
1995 234.794
2000 295.407
2005 371.667
2010 467.614
2015 588.329
2020 740.208
2025 931.295

Tourismus änneren

 
D'Kathedral vu Bissau an der Avenida Amílcar Cabral

Wéinst der onstabiler politescher Situatioun op Guinea-Bissau gëtt et och an der Haaptstad net vill Touristen. Trotzdeem gëtt all Joer am Februar e grousse Karnaval zu Bissau geféiert (O Carnaval Anual de Bissau). Déi am meescht visitéiert Plazen an der Stad sinn d'Amura-Festung (Fortaleza de São José da Amura) mam Mausoleum vum Amílcar Cabral, de Mémorial Pidjiguiti, den Ethnologie-Musée (Museu Etnografico Nacional ) an natierlech d'Plage.

Ekonomie änneren

Bissau ass wéinst sengem Hafen an dem Fluchhafen dee wichtegsten Handelszentrum a Guinea-Bissau. Den Handel beschränkt sech awer weinst der extreemer Aarmut am Land op Basisprodukter, haaptsächlech Kakuetten, Haartholz, Kopra, Palmenueleg a Gummi. Dee gréissten Deel vun der Bevëlkerung ass aarm.

Partnerstied änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bissau – Biller, Videoen oder Audiodateien