Rue Aldringen
D'Rue Aldringen - am Volleksmond Aldringerstrooss - ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft an Nord-Süd Richtung vum Fënsterschlass (Eck Biedergaass / Avenue Amélie) bis an d'Ënneschtgaass. Se läit tëscht dem Boulevard Royal am Westen an der Philippsgaass respektiv Neipuertsgaass am Osten.
![]() | |
![]() | |
Lëtzeb. Numm | Aldringerstrooss |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1118 |
Koordinaten | 49°36'41,36"N, 6°7'36,73"O |
Morphologie | |
Längt | 340 m |
Geschicht | |
Genannt | 1854 |
Genannt no | Johann von Aldringen |
GeschichtÄnneren
An der spuenescher Zäit (1674) stoung an der haiteger Aldringerstrooss - tëscht der Groussgaass (deemools Arsenalstrooss) an der Rue Beck - déi deemoleg Artilleriekasär. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick an eng Handwierkerschoul dran.
D'Strooss wéi se haut besteet ass nom Schleefe vun der Festung entstanen. Westlech vun der Strooss gouf op der Plaz vun der fréierer Bastioun Camus[1] d'Gebai vun der Generalbank an eng Primärschoul, déi sougenannt Aldringerschoul gebaut. Ëstlech dovun, dat fréiert Postgebai (1910) an do wou d'Artilleriekasär stoung, e Block mat Geschäfts- a Wunnhaiser[2].
D'Strooss ass nom Generol Johann von Aldringen, engem Feldhär am Déngscht vun der Kathoulescher Liga genannt.
GebaierÄnneren
an Nord-Süd Richtung:
- fréieren Hotel Brasseur
- Royal-Hamilius
- fréiert Postgebai
- op der Plaz vun der fréierer Synagog, d'Gebai vum Educatiounsministère
BillerÄnneren
Lugubere Besuch 1940: Den Himmler zu Lëtzebuerg, am Hannergrond d'Aldréngerstrooss mam Hotel Brasseur.
Um SpaweckÄnneren
D'Rue Aldringen an Ons Stad N° 1
Commons: Rue Aldringen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Plan der ehemaligen Festung Luxemburg an: Luxemburger Illustrierte vum 10. Dezember 1926, Fascicule 49 - S. 381, gekuckt op bnl.lu de 16. Februar 2020
- ↑ Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 29. Mee 1942, S. 3