Loutrengen

Regioun vu Frankräich
Loutrengen - Lorraine
Land Frankräich
Departementer Meurthe-et-Moselle (54)
Meuse (55)
Moselle (57)
Vosges (88)
Prefecture Metz
Awunner 2 343 000
Bevëlkerungsdicht 98 Aw./km²
Fläch 23 547 km²
Arrondissementer 19
Kantonen 157
Gemengen 2 339


Loutrengen (fr.: Lorraine) ass eng fréier Regioun am Nordoste vu Frankräich. D'Awunner sinn d'Loutrenger (fr.: Lorrains a Lorraines).

Am Kader vun enger territorialer Reform goufen déi dräi franséisch Regiounen, Loutrengen, Elsass a Champagne-Ardenne den 1. Januar 2016 zesummegeluecht fir eng nei Regioun mam Numm Grand Est ze bilden.

Geographie

änneren

Loutrenge war déi eenzeg franséisch Regioun déi eng Grenz mat dräi Länner hat, nämlech mat der Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland. Ausserdeem war Loutrengen d'Nopeschregioun vun de fréiere Regiounen Elsass, Champagne-Ardenne a Franche-Comté.

Geschicht

änneren

Den Ursprong huet Loutrengen am karolengesche Kinnekräich Lotharingie. Wéi d'Kinnekräich verschwënnt, gëtt vu béide Säiten u Loutrenge gerappt, vum Hellege Réimesche Räich a vu Frankräich. Obwuel d'Räich ufanks nach d'Nues fir huet, verléieren d'Keeseren awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi d'Kontroll iwwer Loutrengen, zu Gonschte vu Frankräich. Trotz de méi rezenten däitsche Versich vun 1871 an 1940 gehéiert Loutrengen haut zu Frankräich. En ettlech Leit op der elsässescher an däitscher Grenz (Departement Moselle) schwätzen haut nach, nieft franséisch, en däitschen Dialekt.

Literatur zur Geschicht

änneren
  • Jean Vartier, Histoire de la Lorraine ; Paräis (France-Empire), 1994; 323 Säiten. ISBN 2-7048-0741-8
  • Guy Cabourdin & Claude Gérard, Lorraine d'hier, Lorraine d'aujourd'hui ; Nanzeg (Presses universitaires de Nancy) & Metz (Éditions Serpenoise), 1987; 231 Säiten. ISBN 2-86480-298-8 & ISBN 2-87692-000-X
  • D. Mathieu (Abbé), L'Ancien Régime dans la province de Lorraine et Barrois d'après des documents inédits (1698-1789) ; Paräis (Hachette & Libraires-Éditeurs), 1879; 469 Säiten.

Ekonomie

änneren

Mat 44 Milliarden Euro produzéiert Loutrengen 3,4 % vum franséische BIP, wat d'Regioun op déi 8. Plaz vun den 22 Regioune bréngt. D'Servicer fir Entreprisen an d'Logistik sinn déi zwéi Secteuren, wou een déi stäerkst Progressioun feststelle kann. Parallel dozou verschlechtert sech d'Situatioun vun den traditionellen Industrien (Textil, Metallurgie). Konsequenz dovun ass en héije Chômage-Taux.

Duerch seng geographesch Lag war a Loutrengen zu allen Zäiten en Austausch tëscht franséischer a germanescher Kultur. Sou hu vill Saache sech mol als éischt a Loutrenge verbreet, éier de Rescht vu Frankräich eppes dovu matkritt huet. Aus Loutrenge kommen och vill kulturell Tendenzen, wouvun déi bekanntst wuel den Art nouveau ass, deen a Frankräich vun der École de Nancy verbreet gouf.

Sprooch

änneren

Wierderbicher iwwer de loutrengesche Patois

änneren
  • [1] En Online-Vocabulaire "Du Pays Messin au sud des Vosges, e passant par Fraimbois".
  • [2] Dem Lucien Adam säi Buch "Les patois lorrains" vun 1881 als pdf-Datei op "Gallica".
  • [3] Dem Jaclot säi Buch "Vocabulaire patois du pays messin" vun 1995 als pdf-Datei op "Gallica".
  • [4]. Eng Online-Versioun vum "Wörterbuch der elsässischen Mundarten" vun 1899-1907. Iwwerschafft vum Ernst Martin a vum Hans Lienhart.
  • [5] Online-Versioun vum "Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten" vun 1909, iwwerschafft vum Ferdinand Follmann. D'Buch ass eigentlech en Idiotikon, et faasst nëmmen déi Wierder, déi anescht sinn wéi déi vun der Schrëftsprooch.

Bekannt Loutrenger

änneren

Literatur

änneren
  • Géologie et géographie de la Lorraine. A. Lexa-Chomard et C. Pautrot (sous la direction de). Éditions Serpenoise, 2006. 286 S.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Lorraine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren