Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Läb ass eng lëtzebuergesch Hip-Hop a Rap-Band, déi et zanter 2007 gëtt, an där hir Texter virun allem op Lëtzebuergesch sinn.

Hire Stil bezeechne si selwer "Queesch duerch de Gaart vu ville Musékrichtungen" (Jazz, Funk, Krautrock, Fernand a Colette, Trip-Hop an Hip-Hop)[1]

Membere sinn: Corbi (raps+beats), David Fluit (raps+scratches), Lomki aka Jean-François du Marché (läb-dj+beats) a Spenko (beats+scratches).[2]

2010 si se beim Rock um Knuedler opgetrueden. 2013 si se ënner anerem och um Rock-A-Field opgetrueden.

DiskographieÄnneren

AlbumenÄnneren

  • 2011: Stëbslong
  • 2013: Sex, Drugs an e Prêt
  • 2016: Kale Bauer
  • 2018: Dekäd

EPenÄnneren

  • 2007: Wourecht
  • 2008: Dee mat der Kaz danzt
  • 2009: Sich d'Pärel tescht de Sei

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. De Läb General Info op http://www.myspace.com/delabsound.
  2. http://www.myspace.com/delabsound