Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Vëlo ass en eespueregt Gefier dat meeschtens zwee Rieder huet, vun deenen dat viischt mat engem Guidon gerenkelt ka ginn, an dat duerch Muskelkraaft iwwer Pedallen, an enger Ketten ouni Enn iwwer en Zännkranz um hënneschte Rad ugedriwwe gëtt.

De polnesche Fotograf Kazimierz Nowak fléckt säi Vëlo, Afrika, 1930er Joren

Dat franséischt Wuert "vélo", vun deem d'Wuert "Vëlo" kënnt, ass d'Ofkierzung vu "vélocipède" - "séiere Fouss" (aus dem Latäin "velox" * séier a "pes" * Fouss).

De Vëlo war dat éischt mechanescht Individualverkéiersmëttel. No der Bitzmaschinn war de Vëlo dat zweet technescht Seriëprodukt.

Geschicht änneren

 
D'Evolutioun vum Vëlo

Mechanik änneren

 
Opbau vun engem Vëlo

Zorte vu Vëloen änneren

Coursevëlo änneren

E Coursevëlo huet en dënne liichte Kader a keng Fiederen, ganz schmuel Felgen a Pneuen, ee Guidon, dee verschidde Grëffpositiounen zouléisst, deen och méi schmuel wéi déi normal Guidonen ass. E Courseguidon, huet meeschtens eng Breet vu 44 cm. Wichteg ass virun allem datt de Vëlo sou liicht wei méiglech ass.

Mountainbike änneren

E Mountainbike (MTB) (engl. fir Biergvëlo) ass e Vëlo, dee virun allem ofsäits vun der befestegter Strooss benotzt gëtt. Grondsätzlech ass de Mountainbike genee wéi de Coursevëlo éischter e Sportsgeschir wéi e Verkéiersmëttel.

All Mountain (AM), Tour änneren

Den All Mountain ka souwuel en Hardtrail (Vëlo dee keng hënnescht Fiederung, awer eng um viischte Rad huet) wéi och e Full Suspension Bike oder och Fully (Vëlo mat Fiederung vir an hannen) sinn. Hei ass virun allem Zouverlässegkeet an de Confort wichteg. Anescht wéi beim Cross-Country-Mountainbike sinn d'Rieder méi breet a méi profiléiert, well se am Laf vun der Tour verschiddenen Ufuerderunge gerecht musse ginn. D'Gewiicht läit tëscht 12 a 15 Kilogramm an de Fiederwee variéiert tëscht 100 an 140 mm.

Cross-Country (XC) (XX) änneren

De Cross-Country-Moutainbike ass fir de (Renn-)Asaz op onbefestegte Weeër a Stroossen ausgeluecht. Meeschtens sinn et Hardtrailen et gëtt awer och Fullyen, déi fir de Cross-Country ausgeluecht ginn. Vill Fuerer benotzen an dësem Beräich en Hardtrail wéinst dem Gewiicht, dem Präis an der Stabilitéit. De Fiederwee ass zimmlech kleng a läit tëscht 75 an 100 mm.

Nieft V-Bremsen (eng Brems, déi op d'Felg vum Vëlo dréckt) ginn ëmmer méi Scheiwebremse verbaut. D'Gewiicht vun engem Cross-Country gëtt ëmmer méiglechst niddreg gehalen (ënner 10 kg). En typescht Cross-Country-Mountainbike weit manner wéi 13 kg.

Downhill (DH) änneren

Downhill-Mountainbikes si fir séier Offaarten op schwéierem Terrain ausgeluecht. Vu datt et bei Downhill-Mountainbikes bal nëmme biergof geet, ass e Gewiicht bis 22 kg acceptabel. Dat grousst Gewiicht kënnt duerch d'stabil Bauaart, déi wéinst de Kräfte bei der Offaart noutwenneg ass. De Vëlo ass komplett gefiedert an huet e Fiederwee vu bis zu 250 mm, huet e méiglechst déiwe Schwéierpunkt an eng kompakt Geometrie. D'Bremse vun engem Downhill-Mountainbike si fir héich Ufuerderungen ausgeluecht. Dat ass de Grond firwat nëmmen hydraulesch Scheiwebremse mat engem grousse Bremsscheiwenduerchmiesser (190 bis 230 mm) benotzt ginn. D'Pneuen hunn normalerweis eng Breet tëscht 54 a 76 mm (2,1 – 3,0 Zoll). Schutzgezei (d. h. Integralhelm, Uewerkierper-, Schëller-, Aarm- a Beenprotektiounen) ass a Vëlosparken a bei Coursse Flicht.

Enduro änneren

Enduro-Mountainbikes si meeschtens voll gefiedert. Si hunn am Verglach zu Cross-Country- an Touren-Mountainbike méi ee grousse Fiederwee (130 bis 160 mm) a méi breet a staark profiléiert Pneuen. D'Gewiicht läit tëscht 12 a 16 Kilogramm. Den Ënnerscheed zu engem Freeride-Bike besteet doran, datt ee mat Enduroen och géi Bierger fuere kann.

 
Vëloe kënnen am Zuch transportéiert ginn

BMX änneren

BMX ass d'Ofkierzung vu Bicycle Moto Cross. Den X steet fir dat englescht Wuert Cross, iwwersat Kräiz, anerersäits ass awer och d'Verb “to cross” gemengt, wat sou vill heescht wéi iwwerquieren. BMX-Vëloe bestinn aus engem klengen, wendege Kader mat 20 Zoll Rieder. Virun allem geet et drëm mam Vëlo iwwer Rampen ze sprangen an Tricker ze maachen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Bicycles – Biller, Videoen oder Audiodateien