E Buergermeeschter, resp. eng Buergermeeschtesch, ass eng Persoun, déi d'Administratioun vun enger Gemeng leet an dës no baussen hi vertrëtt.

Zu Lëtzebuerg änneren

An de lëtzebuergesche Gemenge gëtt de Buergermeeschter vum Groussherzog op Virschlag vun der Majoritéit vun de Membere vum Gemengerot, ënner de Membere vum Gemengerot ernannt. Dat Mandat ka widderholl ginn. De Buergermeeschter gëtt zu Lëtzebuerg also ni vun de Bierger gewielt, weeder direkt nach indirekt.

Funktiounen änneren

De Buergermeeschter spillt am Schäfferot an am Gemengerot vun der Gemeng eng primär Roll. E suergt fir d'Ausféiere vun de Policegesetzer a -reglementer. Dozou zielt och d'Bautereglement. De Buergermeeschter gëtt (oder refuséiert) am Prinzip d'Baugeneemegungen. En iwwerwaacht d'ëffentlech Sécherheet, den ëffentleche Regëster an en ass Officier de l'état civil (Standesbeamten). Déi zivil Hochzäit gëtt virum Buergermeeschter oder sengem Remplaçant gefeiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Gemeng (Lëtzebuerg) an am Artikel Schäfferot

Kuckt och änneren