Preisen (dt.: Preußen, lat.: Borussia, Prussia oder Prutenia; poln. Prusy; russ.: Пруссия) war ursprénglech d'Gebitt vum baltesche Volleksstamm vun de Pruzzen, duerno eent vun de Länner vum Däitschen Uerden an zanter dem 16. Joerhonnert en Herzogtum vun den Hohenzollern ënner polnescher Lehnshoheit, wat zanter 1618 a Personalunioun mat der Mark Brandenburg verbonne war. Nodeem Deeler vu Preisen 1660 am Fridde vun Oliva souverän gi waren huet sech vu 1701 un aus Deeler dovun e selbstännegt Kinnekräich gebilt, an den Numm huet schlussendlech all Herrschaftsgebidder vun den Hohenzollern bezeechent. Dëst huet, bis op e puer Ausnamen, vun 1815 bis 1866, mat Ausnam vun de Provënze Posen, Ost- a Westpreisen, dem Däitsche Bond a vun 1867 bis 1871 mat sengem ganzen Territoire dem Norddäitsche Bond ugehéiert. Vun 1871 bis 1945 war Preisen e Land vum Däitsche Räich. 1934 gouf et de facto, 1947 de jure opgeléist.

D'Kinnekräich Preisen 1866-1918

Geschicht änneren

Fir d'Vir- a Fréigeschicht souwéi d'Geschicht vum Uerdensstaat, kuckt wgl. Ostpreisen.

Brandenburg-Preisen änneren

 
Statu vum Albrecht vu Brandenburg-Ansbach zu Marienburg

Brandenburg-Preisen, dat spéidert Kinnekräich Preisen, ass am Wiesentlechen aus zwéin Deeler vum Land entstanen:

D'Kurfürstentum Brandenburg hat de Keeser Sigismund (13681437) 1415 dem Buerggrafe vun Nürnberg, Friedrich vun Hohenzollern (13711440), zum Lehe ginn, nodeem d'Fürstenhaus vun den Askanier, déi virdrun hei regéiert haten, ausgestuerwe war. Och d'Herzogtum preise gouf zanter dem 16. Joerhonnert vun enger Linn aus dem Haus Hohenzollern regéiert, nodeem de leschten Héichmeeschter vum Däitschen Uerden, Albrecht vu Brandenburg-Ansbach (14901568), sech op de Rod vum Martin Luther (14831546) a mam Averständnis vum polnesche Kinnek Sigismud I. den Eeleren, der Reformatioun ugeschloss hat, an den Uerdensstaat an en ierflecht Herzogtum ëmgewandelt hat. Sou wéi den Herrscher gouf och d'Bevëlkerung evangeelesch. Den Uerdensstaat war schonn zanter 1466 net méi souverän, mä ënnerstoung der Lehnshoheit vun der polnescher Kroun. Dofir huet den Albrecht dem polnesche Kinnek Sigismund I. (14671548) den 8. Abrëll 1525 zu Krakau de Lehnseid fir d'Herzogtum geleescht.

Nodeem d'herzoglech-preisesch Linn vun den Hohenzollern erlosch war, goung d'Herzogtum 1618 un déi nächste Verwandten, d'Markgrofen an d'Kurfürste vu Brandenburg. Dës hu vun do u béid Länner an enger Personalunioun regéiert. Bis zum Traité vu Wehlau (1657) sollt hiert Herrschaftsgebitt awer politesch aus zwee Deeler bestoen: Brandenburg war en Deel vum Hellege Réimesche Räich, Preise weiderhin e polnescht Lehen. D'Herrscher vu Brandenburg-Preisen waren also souwuel dem däitsche Keeser wéi och der polnescher Kroun lehnspflichteg.

 
Friedrich Wilhelm, Kurfürst vu Brandenburg

Am Drëssegjärege Krich stoung Brandenburg op der Säit vun der evangeelescher Unioun. Wäit Deeler vum Land goufen deemools verwüst an entvëlkert. De Kurfürst Friedrich Wilhelm (16201688), spéider de Grousse Kurfürst genannt, huet nom Krich eng Schaukelpolitik tëscht de Groussmuechte bedriwwen, fir säi wirtschaftlech a militäresch schwaacht Land z'entwéckeln. Hien huet wirtschaftlech Reformen duerchgefouert, eng grouss Arméi opgebaut an de Stänn zu Gonschte vun enger absolutistescher Zentraladministratioun d'Muecht geholl. Ausserdeem hunn Dausende vu franséischen Hugenotten en Asyl bei him fonnt. 1648 huet hien Hinterpommern kaaft, de Rescht vum Ravensberger Land ëm Minden an Halberstadt souwéi 1680 Magdeburg.

De Friedrich Wilhelm huet och den Opbau vun enger eegener Kurbrandenburgescher Marinn bedriwwen, a Kolonialprojeten a Westafrika an a Westindie verfollegt. Dës Pläng hunn awer eréischt zum Enn vu senger Regentschaft Erfolleger gewisen. Sou koum et 1683 zu der Grënnung vun der Festung Gross Friedrichsburg am haitege Ghana, déi awer scho 1718 un d'Hollänner verkaaft gouf. 16851721 war d'Insel Arguim virun der Küst vum haitege Mauretanien ënner dem Numm Arguin eng brandenburg-preisesch Kolonie. An der Karibik gouf en Deel vum dänesche Besëtz St. Thomas zu engem brandenburgeschen Handelsstëtzpunkt. Fir en adequate Stützpunkt an Däitschland ze hunn, huet de Friedrich Wilhelm den 2. Mee 1683 e Vertrag mat der Stad Emden geschloss, a si zum Sëtz vu senger Afrikanescher Handelskompanie gemaach.

Ënner dem Kurfürst Friedrich Wilhelm gouf Brandenburg no Éisträich dat mächtegst Land am Räich. Wéi Polen duerch Ausernanersetzunge mat Schwede geschwächt war, konnt hien 1657 am Traité vu Wehlau d'Herzogtum Preisen aus der polnescher Uewerhoheit léisen. Am Fridde vun Oliva vu 1660 gouf d'Souveränitéit vum Herzogtum endgülteg unerkannt. Dëst war eng decisiv Viraussetzung fir d'Erhiewung zum Kinnekräich ënner dem Jong vum Grousse Kurfürst.

Kinnekräich Preisen (bis 1871) änneren

 
Wope vum Kinnekräich Preisen

Grënnung vum Kinnekräich änneren

Rang, Reputatioun a Prestige vun engem Fürst waren an der Zäit vum Absolutismus wichteg politesch Facteuren. Dem Kurfürst Friedrich III. vu Brandenburg (1657-1713) koum dohier d'Tatsaach immens geleeën, datt d'Herzogtum Preisen zanter 1660 ënner kenger anerer Kroun méi stoung, also souverän war. Dat huet him erméiglecht, d'Herzogtum zum Kinnekräich z'erhiewen, a sech selwer zum Kinnek ze maachen. Dobäi huet hie virun allem versicht, d'Ranggläichheet mam Kurfürst vu Sachsen, deen zugläich Kinnek vu Polen war, a mam Kurfürst vun Hannover, deen Uspréch op den engleschen Troun hat, ze respektéieren. De Keeser Leopold I. huet zougestëmmt, datt hien als Herrscher fir Territoire baussent sengem Räich, wat op d'Herzogtum Preisen zougetraff huet, de Kinnekstitel däerf droen. Sou huet sech de Kurfürst den 18. Januar 1701 als Friedrich I. zu Königsberg eegenhänneg zum "Kinnek a Preisen" gekréint.

Dës besonnesch Titulatur "a Preisen" war noutwenneg, well d'Bezeechnung als "Kinnek vu Preisen" als Herrschaftsusproch op dat ganzt preisescht Gebitt verstane gi wier. Well awer d'Ermland a Westpreisen deemools nach polnesch waren, hätt dëst zu Konflikter mam Nopeschland gefouert, deem seng Herrscher nach bis 1742 den Titel "Kinnek vu Preisen" beusprocht hunn. Zanter 1701 huet sech am allgemengen däitsche Sproochgebrauch d'Landesbezeechnung "Kinnekräich Preisen" fir all Gebidder déi vun den Hohenzollern regéiert goufen agebiergert - ob déi elo am oder baussent dem Hellege Réimesche Räich louchen.

Friedrich Wilhelm I. - Den Zaldotekinnek änneren

De Jong vum Friedrich I., de Friedrich Wilhelm I. (17131740), hat et net sou mam Prunk a mam Pomp wéi säi Papp, mä war spuersam a praktesch verulaagt. Den "Zaldotekinnek" gëllt als den eigentleche Schëpfer vum preisesche Beamtentum a vun der Arméi, déi hien zu enger vun de schlagkräeftegsten a ganz Europa ausgebaut huet. Wann een d'Gréisst vum Land mat der Gréisst vun der Arméi vergläicht, wonnert een sech net wann de Voltaire spéider seet, Preise wier kee Land mat enger Arméi, mä eng Arméi mat engem Land.

De Kinnek huet awer och méi wéi 20.000 Salzburger, protestantesch Glawensflüchtlingen, an Ostpreisen an an aneren Deeler vum Land ugesidelt. 1720 huet hie Vorpommern bis zu der Peene vu Schweden ofkaaft.

Friedrich II. - De Groussen änneren

 
Adolph von Menzel: Tafelrunde De Kinnek Friedrich II. (Mëtt) zu Sanssouci mam Voltaire (lénks) an de Käpp vun der Berliner Akademie, 1850, fréier Nationalgalerie, Berlin, 1945 verbrannt.

Den 31. Mee 1740 koum de Friedrich II. – spéider och „Friedrich de Grousse“ genannt – op den Troun. Obschonn hien als Krounprënz éischter e Faible fir d'Philosophie an d'schéi Kënscht hat, huet hien a sengem éischte Regierungsjoer d'preisesch Arméi a Schlesien amarschéiere gelooss, op dat d'Hohenzollern ëmstridden Usprëch erhuewen haten. An den dräi Schleesesche Kricher (17401763) ass et him gelongen, d'Eruewerung géint Éisträich ze behapten, am Siwejärege Krich souguer géint eng Koalitioun aus Éisträich, Frankräich a Russland. Dëst war den Ufank vun der preisescher Groussmuechtstellung an Europa a vum preisesch-éisträicheschen Dualismus am Räich.

1744 goung d'Grofschaft Ostfriesland nom Ausstierwe vum Fürstegeschlecht vun den Cirksena u Preisen, wat schonn zanter 1683 duerch Handelsbezéiunge Virdeeler vun Ostfriesland gezunn hat.

An de leschten 23 Joer vu senger Herrschaft, déi bis 1786 gedauert huet, huet de Friedrich, dee sech als "éischten Dénger vum Staat" verstanen huet, de Landesausbau a weider Besidlung vu brandenburgesch-preisesche Gebidder gefërdert, sou zum Beispill vum Odenbruch. Als Vertrieder vum Opgekläerten Absolutismus huet hien d'Folter ofgeschaf, d'Schoulpflicht agefouert, en Allgemengt preisescht Landrecht geschaf, an huet mat der Garantie op komplett Glawensfräiheet weider Exulanten an d'Land gelackelt. No senger Opfaassung sollt a Preisen "jeder nach seiner Façon selig werden". Bekannt gouf an dësem Zesummenhang säin Aussproch: "Alle Religionen seindt gleich und gut, wan nuhr die leute, so sie profesieren, Ehrlige leute seindt, und wenn Türken und Heiden kämen und wollten das Land pöplieren, so wollten wir sie Mosqueen und Kirchen bauen."

Zesumme mat Éisträich a Russland huet de Friedrich d'Zerstéckelung vu Pole bedriwwen. Bei der éischter Deelung vu Polen 1772 gounge Polnesch-Preisen, den Netzedistrikt an d'Fürstbistum Ermland un de Friedrich II., soudatt hie sech elo Kinnek vu Preise konnt nennen.

D'Politik vis-à-vis vu Pole gouf vum Friedrich Wilhelm II. (17861797) weidergefouert. Bei der 2. an 3. Deelung vu Polen (1793 a 1795) huet sech Preise weider polnesch Gebidder bis op Warschau geséchert.

Néierlag géint den Napoleon, Reformen a Fräiheetskricher änneren

 
Napoleon Bonaparte

Ënner dem Friedrich Wilhelm II. (17861797) huet sech Preisen als éischt un de Koalitiounskricher géint dat revolutionäert Frankräich bedeelegt, mä ass nom Fridde vu Basel 1795 fir méi wéi ee Joerzéngt aus der antifranséischer Allianz ausgetrueden.

Eréischt wéi 1806 Verhandlunge mat Frankräich iwwer d'Opdeelung vun de Muechtsphären an Däitschland gescheitert waren, koum et nees zum Krich. An der Schluecht vu Jena huet Preisen eng batter Néierlag géint d'Truppe vum Napoleon missen erliewen; de Kinnek Friedrich Wilhelm III. (17971840) a seng Famill hu missen als Iwwergangsléisung op Memel flüchten. Der Staat huet 1807 am Fridde vun Tilsit ongeféier d'Hallschent vu sengem Gebitt verluer, besonnesch Territoiren aus der zweeter an drëtter polnescher Deelung, déi elo un d'Groussherzogtum Warschau goungen. Ausserdeem huet hie missen eng Allianz mat Frankräich agoen.

D'Néierlag vu Preisen hat eng Erneierung vum Staat onëmgänglech gemaach. Mat de Stein-Hardenberg Reformen ënner der Leedung vum Freiherr vom Stein, dem Scharnhorst an dem Hardenberg gouf d'Bildungswiese reforméiert, 1807 gouf d'Leifeegeschaft vun de Baueren opgehuewen an 1808 d'Selbstverwaltung vun de Stied agefouert. 1810 gouf d'Gewerbefräiheet agefouert. D'Reform vun der Arméi gouf 1813 mat der Aféierung vun der allgemenger Wehrpflicht ofgeschloss.

No der Néierlag vum Napoleon géint Russland huet Preisen d'Allianz mat Frankräich gekënnegt an huet sech, vun 1813 un, un de sougenannte Fräiheetskricher an der anti-franséischer Koalitioun bedeelegt. Preisesch Truppen ënner dem Marschall Blücher hu bei der Schluecht vu Waterloo 1815 zu der definitiver Victoire iwwer den Napoleon e groussen Deel bäigedroen.

D'Verspriechen, wat de Friedrich Wilhelm III. dem Vollek wärend de Fräiheetskricher ginn hat, nämlech datt d'Land eng Constitutioun géif kréien, huet en awer ni ageléist. Hien huet mam Zar vu Russland a mam Keeser vun Éisträich d'Helleg Allianz an d'Liewe geruff, déi et op d'Ënnerdréckung vun allen Demokratiebestrieweungen an Europa ofgesinn hat.

Beim Wiener Kongress 1815 krut Preise säin aalt Staatsgebitt nees zeréck, ausserdeem och nach de Rescht vu Vorpommern, den nërdlechen Deel vum Kinnekräich Sachsen, Westfalen an d'Rhäinprovënz. Et huet zwar déi fréier polnesch Provënz Posen behalen, mä huet dës Gebidder an der zweeter an drëtter polnescher Deelung u Russland verluer. Preisen huet elo aus zwee grousse, mä raimlech getrennte Lännerbléck an Ost- a Westdäitschland bestanen. Et gouf Member vum Däitsche Bond, dem labbere Verband vun den däitsche Staaten ënner éisträichescher Féierung, dee vun 1815 bis 1866 existéiert huet.

Mäerzrevolutioun an Industrialiséierung änneren

 
Den 18. Mäerz 1848 zu Berlin

Fir Preise louch wéinst der Tatsaach, datt säi Staatsgebitt an zwee gedeelt war, d'wirtschaftlech Eenegung vun Däitschland no 1815 am eegenen Interessi. D'Kinnekräich huet zu den dreiwende Kraafte vum Däitschen Zollveräin gezielt, deem et 1834 bäigetrueden ass. Doropshi koum et och am Land selwer zu ëmmer méi Zoustëmme fir eng däitsch Eenegung, besonnesch bei de Protestanten, déi Hoffnungen haten, datt Preisen Éisträich un der Spëtzt vum Däitsche Bond ofléise géif. Et gouf riets vu „Preußens deutscher Sendung“, an datt d'Land ëmmer méi an Däitschland eran- an Éisträich aus Däitschland erauswuesse géif.

De Regierungsuntrëtt vum Friedrich Wilhelms IV. (18401861) hat am Ufank d'Hoffnunge vun de Liberalen an den Unhänger vun der däitscher Eenegung waakreg gemaach. Mä dës Hoffnunge goufe séier enttäuscht, nodeem de Kinnek sech laang Zäit geweigert huet, och nëmme fir den eegenen Territoire e gemeinsame Landtag an eng eenheetlech Constitutioun anzeféieren. Mä wärend der Mäerzrevolution vun 1848 huet et awer geschéngt, wéi wann de Kinnek d'Fuerderunge vun de Revolutionäre géif akzeptéieren. Fir d'éischt Kéier gouf e Vereenegte Landtag fir ganz Preisen zu Berlin aberuff. Gläichzäiteg koum et zu Wale fir dat éischt däitscht Parlament, d'Frankfurter Nationalversammlung.

Mä schlussendlech hu sech d'Partisane vum Nationalstaat duerchgesat, déi nëmmen déi däitsch Deeler vun Éisträich an d'Räich ophuele wollten (sougegannt groussdäitsch Léisung). Well Éisträich awer net bereet war, op seng net-däitsch Landesdeeler ze verzichten, koum et zu der klengdäitscher Léisung[1]. Demokratie an däitsch Eenheet sinn awer 1849 gescheitert, wéi de Friedrich Wilhelm IV. d'Keeserkroun ofgeleent huet, déi him op der Nationalversammlung ugebuede gi war. D'Revolutioun gouf a Süddäitschland mat der Hëllef vu preiseschen Truppen entgülteg néiergeschloen. Preise krut 1850 eng vum Kinnek opgezwonge Constitutioun.

Am Laf vun der Industrialiséierung goufen eng grouss Zuel vu Land- a Waasserweeër, a Kanäl gebaut, déi queesch duerch d'Däitschland de Weste mam Oste verbonnen hunn. Am Uewerland vu West- an Ostpreisen ass den Uewerländesche Kanal entstanen, deen d'Ostséi an Elbing am Norde mat Masuren am Süde verbonnen huet. An den 1860er Jore gouf mam Bau vun der Ostbunn ugefaangen, déi vu Berlin iwwer Thorn a Königsberg bis zu der Ostgrenz gefouert huet, a bis zum Zweete Weltkrich eng vun den Haaptverkéiersachse vu Preise war.

Quellen:

  1. Werner Frotscher, Bodo Pieroth: Verfassungsgeschichte, 5. Opl., München 2005, Rn 307.

Constitutiounskonflikt ronderëm d'Reform vun der Arméi änneren

De Wilhelm I., dee schonn 1858 d'Regentschaft fir säi Brudder Friedrich Wilhelm IV. iwwerholl hat, nodeem dee schonn e puer Häerzinfarkter hanner sech hat, an net méi fäeg war ze regéieren, ass 1861 op de preiseschen Troun geklommen. Mam Krichsminister Roon hat hie wëlles, d'Arméi ze reforméieren, den Déngscht sollt méi laang daueren an d'Arméi sollt opgerüst ginn. D'liberal Majoritéit vum Preisesche Landtag, den den Droit vum Budget hat, wollt awer d'Suen heifir net erausréckelen. Et koum zu engem Constitutiounskonflikt, wou de Kinnek souguer dru geduecht huet ofzedanken. Als leschten Auswee huet hien 1862 beschloss, den Otto von Bismarck als Ministerpresident ze beruffen. Dëse war e vehemente Partisan vum kinneklechen Usproch op Elengherrschaft an huet jorelaang géint d'Constitutioun an d'Parlament ouni gesetzlechen Haushalt regéiert.

De Bismarck an d'Eenegungskricher änneren

 
Otto von Bismarck

Aus der Erkenntnes eraus, datt d'preisesch Kroun nëmmen da vum Vollek de Réck gestäerkt géif kréien, wa si sech un d'Spëtzt vun der däitscher Eeenegungsbeweegung setzt, huet de Bismarck dräi Kricher gefouert, déi dem Kinnek Wilhelm déi däitsch Keeserkroun abruecht hunn:

Däitsch-Dänesche Krich 1864: De Kinnek vun Dänemark war a Personalunioun mam Herzog vu Schleswig-Holstein, wat zanter 1460 eng Eenheet gebilt huet. Nëmmen d'Deelherzogtum Holstein huet awer zum Däitsche Bond gehéiert. De Versuch vun der Kopenhagener Regierung, Schleswig ënner dem Ausschloss vun Holstein an den dänesche staat anzeglidderen, huet 1864 ënner der Féierung vu Preisen an Éisträich zum Krich vun Däitsche Bond géint d'nërdlecht Nopeschland gefouert. No hirer Victoire huet déi dänesch Kroun missen op Schleswig an op Holstein verzichten. Déi zwee Deelherzogtümer goufen elo vu Preisen an Éisträich zesummen administréiert.

Däitsche Krich 1866: Den Ulass vun dësem Krich ware Konflikter tëscht Éisträich a Preisen ëm d'Administratioun an d'Zukunft vu Schleswig-Holstein. Déi méi déif Ursaach war awer och de Sträit ëm d'Virherrschaft an Däitschland. Op der Säit vun Éisträich stoungen d'mëtteldäitsch Staaten, op der Säit vu Preisen nieft den norddäitsche Staaten och Italien. Nodeem preisesch Truppen ënner dem Moltke den 3. Juli 1866 an der Schluecht vu Königgrätz déi entscheedend Victoire kritt haten, huet Éisträich seng Virmuechtstellung verluer, an ass aus dem Däitsche Bond ausgetrueden. Fridde vu Prag den 23. August 1866 huet Preisen d'Kinnekräich Hannover, Hessen-Kassel, d'Herzogtum Nassau, d'Fräi Stad Frankfurt a ganz Schleswig-Holstein abruecht. Domat waren elo bal all preisesch Gebidder matenee verbonnen.

Den Däitsche Bond, dee faktesch schonn duerch de Krich zerfall war, gouf 1866 am Fridde vu Prag formell opgeléist. Scho fënnef Deeg virdrun hat Preisen zesumme mat de Länner nërdlech vun der Main-Linn den Norddäitsche Bond gegrënnt. Um Ufank e Militärbündnis, hunn d'Vertragsparteien 1867 eng Constitutioun ausgeschafft, déi Preisen zum dominante Bundesstaat gemaach huet. Déi Constitutioun, déi de Bismarck entworf hat, huet an de wesentleche Punkten déi vum Däitsche Räich iwwerholl. De Kinnek vu Preise war President an de preisesche Ministerpresident war Bundeskanzler vum Norddäitsche Bond. D'souverän Staaten hu missen e sougenannt Schutz- und Trutzbündnis mat Preisen agoen.

Franséisch-Preisesche Krich 1870/71: De Bismarck huet de Sträit mat Frankräich ëm déi spuenesch Trounkandidatur vun engem kathouleschen Hohenzollernprënz bewosst zougespëtzt (kuckt och Emser Depesch), fir d'Regierung vum Napoleon III. zu enger Krichserkläerung ze provozéieren. Dëst stellt fir d'süddäitsch Staate Bayern, Bayern, Württemberg a Baden de Bündnisfall duer. No der séierer Victoire ware si gezwongen, dem Norddäitsche Bond bäizetrieden. Domat war d'Däitscht Räich an der klengdäitscher Versioun gegrënnt ginn, wat schonn Theema bei der Nationalversammlung vun 1848/49 war. An der Galerie des Glaces zu Versailles gouf de Wilhelm I. den 18. Januar 1871 - um 170. Joresdag vun der Kinnekskréinung vum Friedrich I. - zum Däitsche Keeser proklaméiert.

Preisen am Däitsche Räich änneren

Preisen ass vun 1871 u geneesou an Däitschland opgaangen, wéi Däitschland e preisesche Charakter krut. De Kinnek vu Preise war och Däitsche Keeser an de preisesche Ministerpresident bal ëmmer och Räichskanzler. De Ministerpresident an de Kanzler hunn awer net unbedingt misse preisesch sinn, wéi am Fall vum Chlodwig zu Hohenlohe-Schillingsfürst.

Bis zum Enn vun der Monarchie änneren

Tëscht 1871 an 1887 huet de Bismarck de sougenannte Kulturkampf géint déi kathoulesch Bevëlkerungsdeeler gefouert, besonnesch géint d'polnesch Bevëlkerung, déi de Bismarck versicht huet, ze germaniséieren. D'Germaniséierungspolitik gouf nom Ofdanke vum Bismarck 1894 vum Däitschen Ostmarkveräin, deen zu Pose gegrënnt gi war, weidergefouert.

De schwéier kranke Friedrich III. ass am Mäerz 1888 als Nofollger vum Wilhelm I. op den Troun komm, mä schonn no enger Regierungszäit vun nëmme 99 Deeg gestuerwen. Am Juni vum Dräi-Keeser-Joer koum de Wilhelm II. op den Troun. Bis zu der Ofdankung vum Keeser am Verlaf vun der Novemberrevolutioun vun 1918 waren d'preisesch an d'Räichspolitik enk matenee verbonnen.

Fräistaat Preisen (Weimarer Republik) änneren

Als Folleg vun der Néierlag am Éischte Weltkrich an der Novemberrevolutioun vun 1918/19 huet de Wilhelm II. als Däitsche Keeser a Kinnek vu Preisen ofgedankt. Domat goung d'Realunioun vu Preise mam Däitsche Räich op en Enn, wéi si zanter dem Bismarck bestanen hat. D'Land gouf als eegestännege Fräistaat am Räichsverband proklaméiert, a krut 1920 eng demokratesch Constitutioun.

De Verloscht vun Territoiren, deen am Traité vu Versailles festgehale gi war, huet - bis op d'Reichsland Elsass-Loutrengen - ausschliisslech preisesch Gebidder betraff: Eupen-Malmedy goung un d'Belsch, Nordschleswig un Dänemark, d'Memelland u Litauen, d'Hultschiner Ländchen un d'Tschechoslowakei. Grouss Deeler vun de Gebidder, déi Preisen am Kader vun de polneschen Deelunge kritt hat, souwéi Ost-Uewerschlesien sinn u Pole gaangen. Danzeg gouf Fräi Stad ënner der Administratioun vum Vëlkerbond. Wéi scho virun de polneschen Deelungen hat Ostpreise keng Landverbindung mam Rescht vum Däitsche Räich a konnt nëmme per Schëff (Séidéngscht Ostpreisen) oder per Eisebunn duerch de Polnesche Korridor erreecht ginn. Och d'Saargebitt gouf gréisstendeels aus preiseschen Territoire gebilt.

Vun 1919 bis 1932 hunn a Preisen Regierunge vun der Weimarer Koalitioun regéiert (SPD, Zentrum an DDP), 1921 bis 1925 ëm déi DVP erweidert. Anescht wéi a verschiddenen anere Länner vum Räich war d'Majoritéit vun den demokratesche Parteien a Preisen ni a Gefor. Den Ostpreis Otto Braun, dee vun 1920 bis 1932 quasi ouni Ënnerbriechung un der Spëtzt war, a bis haut als ee vun de fäegste sozialdemokratesche Politiker vun der Weimarer Republik gëllt, huet zesumme mam Inneminister Carl Severing eng Partie Reforme verwierklecht, déi spéider e Beispill fir d'Bundesrepublik Däitschland waren. Dozou gehéiert zum Beispill dat Konstruktiivt Mësstrauensvotum, wat et méiglech mécht, de Ministerpresident ofzewielen, wa gläichzäiteg en neie Ministerpresident gewielt gëtt. Op dës Aart a Weis konnt d'Preisesch Landtagsregierung soulaang am Amt bleiwen, wéi sech am Landtag keng Positiv Majoritéit gebilt huet, also eng Majoritéit vun den Oppositiounsparteien, déi och wierklech zesummeschaffe wollten.

Als Stäip vun der Weimarer Demokratie gouf Preisen net duerch d'Wieler, mä eréischt duerch de Preiseschlag vum Räichskanzler Franz von Papen aus dem Wee geraumt. A dësem Staatsstreech huet sech d'Räichsregierung den 20. Juli 1932 per Veruerdnung duerch d'preisesch Landesregierung ënner dem Virwand ofgesat, si hätt d'Kontroll iwwer d'ëffentlech Uerdnung a Preise verluer (kuckt och: Altonaer Bluttsonnden). Vum Groussdeel vum Staatsapparat begréisst, huet de von Papen als Räichskommissar selwer d'Muecht iwwer de Fräistaat Preisen iwwerholl. Am Däitsche Räich war domat déi wichtegst demokratesch Landesregierung aus dem Wee. De Preiseschlag huet nëmmen en halleft Joer méi spéit d'Muechtergräifung vum Hitler immens erliichert, well him vun Ufank un d'Muechtmëttel vun der preisescher Regierung - virun allem de Policeapparat - zur Verfügung stoungen.

Resultater vun de Reichstagswalen 1919–1933
Joer 1919 1921 1924 1928 1932 1933
Partei % Sitze % Sitze % Sitze % Sitze % Sitze % Sitze
SPD 36,4 145 25,9 109 24,9 114 29,0 137 21,2 94 16,6 80
Zentrum 22,3 94 17,9 76 17,6 81 15,2 71 15,3 67 14,1 68
DDP/DStP 16,2 65 5,9 26 5,9 27 4,4 21 1,5 2 0,7 3
DNVP 11,2 48 18,0 76 23,7 109 17,4 82 6,9 31 8,9 43
USPD 7,4 24 6,4 27        
DVP 5,7 23 14,0 59 9,8 45 8,5 40 1,5 7 1,0 3
DHP 0,5 2 2,4 11 1,4 6 1,0 4 0,3 1 0,2 2
SHBLD 0,4 1          
KPD   7,5 31 9,6 44 11,9 56 12,3 57 13,2 63
WP   1,2 4 2,4 11 4,5 21    
Polen   0,4 2 0,4 2      
NSFP     2,5 11      
NSDAP       1,8 6 36,3 162 43,2 211
CNBL       1,5 8    
VRP       1,2 2    
DVFP       1,1 2    
CSVD         1,2 2 0,9 3
Op 100 % Stëmmen déi feele goungen u Gruppéierungen déi net am Parlament vertruede waren.

Nationalsozialismus an d'Enn vu Preisen änneren

No der Ernennung vum Hitler zum Räichskanzler gouf den Hermann Göring Reichskommissar für das preußische Innenministerium. Domat stoung den Nationalsozialisten bei hirer Muechtergräifung vun Ufank un d'Exekutivgewalt vun der preisescher Landesregierung zur Verfügung, virun allem d'Police.

E puer Woche méi spéit, den 21. Mäerz 1933, koum et zum sougenannten Dag vu Potsdam. Dobäi gouf den neie Räichstag, deen de 5. Mäerz nei gewielt gi war, a Presenz vum Räichspresident Paul von Hindenburg an der Potsdamer Garnisounskierch, dem Graf vun de preisesche Kinneken, opgemaach. D'propagandistescht Evenement, an deem den Hitler an d'NSDAP „die Vermählung des alten Preußen mit dem jungen Deutschland“ gefeiert hunn, sollt preisesch-monarchistesch an däitschnational Kreesser fir den nationalsozialistesche Staat gewannen, an d'Konservativ am Räichstag zu der Zoustëmmung zum Ermächtigungsgesetz beweegen.

Am nationalsozialisteschen Eenheetsstaat gouf zanter 1933 Preise wéi all aner däitsch Länner gläichgeschalt. D'Gesetz über den Neuaufbau des Reiches vum 30. Januar 1934 an d'Reichsstatthaltergesetz vum 30. Januar 1935 hunn d'Länner zwar net formell opgeléist, mä hunn hinnen awer hir Eegestännegkeet geholl. D'Landesregierunge goufe vu Reichsstatthaltere kontrolléiert, déi vum Reichskanzler ernannt goufen. Parallel dozou krut d'Andeelung a (Partei-)Gauen ëmmer méi Bedeitung, d'Gauleiter goufe vum "Führer und Reichskanzler" ernannt, deen zugläich Parteichef vun der NSDAP war. A Preise goung dës anti-föderalistesch Politik nach méi wäit: Zanter 1934 goufe quasi all seng Landesministère mat den entspriechende Räichsministèren zesummegeluegt. Nëmmen de preisesche Finanzministère, d'Archivadministratioun a verschidden aner Landesadministratioune si bis 1945 eegestänneg bliwwen. Reichsstatthalter fir Preise gouf formell den Hitler selwer. Seng Funktioune goufen allerdéngs vum Hermann Göring als preisesche Ministerpresident erfëllt.

Am Verlaf vum Grouss-Hamburg-Gesetz koum et zu weideren territoriale Verännerungen. Preise gouf den 1. Abrëll 1937 ë. a. ëm déi bis dohi fräi Hansestad Lübeck erweidert.

Déi am Zweete Weltkrich annektéiert polnesch (a fréier preisesch Gebidder) goufe gréisstendeels net mat Preise verbonnen, mä sougenannte Reichsgauen zougedeelt.

Mam Enn vun der nationalsozialistescher Herrschaft, der Opdeelung vun Däitschland a Besatzungszonen an dem Oftriede vun alle Gebidder ëstlech vun Oder an Neisse huet Preisen 1945 de facto opgehale mat existéieren. Verschidde Gebidder goufen aus dem Land Preisen erausgeléist, fir nei Länner ze bilden. Mam Kontrollratsgesetz Nr. 46 vum 25. Februar 1947 huet den Alliéierte Kontrollrot och formell d'Opléisung vum preisesche Staat beschloss, well hien en „Hort des deutschen Militarismus“ wir, an domat verantwortlech fir den Éischten an Zweete Weltkrich. D'Begrënnung vum Kontrollrot huet d'rechtsstaatlech Traditioune vum Land, geneesou wéi d'Tatsaach datt Preisen an der Weimarer Republik bis zum „Preiseschlag“ eng Bastioun vun der Demokratie war, verkannt.

Entwécklung an Ënnerdeelung änneren

Administrativ Ënnerdeelung vu Preisen änneren

D'Gebidder vun den Hohenzollern, fir déi sech no 1701 lues awer sécher den Numm Kinnekräich Preisen agebiergert huet, hunn am Ufank vum 18. Joerhonnert aus de Landesdeeler Brandenburg, Pommern, Preisen, Geldern, Kleve, Moers, Krefeld, Tecklenburg, Lingen, Minden, Mark, Ravensberg, Lippstadt, Magdeburg, Halberstadt, Neuenburg a Valangin bestanen. 1713 goufen d'Landesdeeler a follgend Provënzen opgedeelt: Mëttel-, Ucker- und Altmark, Neumark-Pommern-Kassuben, Preisen, Geldern-Kleve, Minden-Mark-Ravensberg, Magdeburg-Halberstadt, Neuenburg a Valangin. 1740 goufen d'Provënzen a Krichs- an Domänekammern iwwerfouert, oder nei opgedeelt. Och hir Gestalt huet sech am Laf vum follgende Joerzéngt e puermol geännert, wéi weider Gebidder zu Preisen dobäi koumen.

 
Preisesch Provënze bis 1905

Nom Wiener Kongress 1815 gouf de Staat Preise mat der „Verordnung wegen verbesserter Einrichtung der Provinzialbehörden“ vum 30. Abrëll 1815 an zéng Provënzen agedeelt (a Klameren d'Haaptstad), déi mat der Ausnam vun Ostpreisen, Westpreisen a Posen dem Däitsche Bond bäigetruede sinn:

  1. Provënz Brandenburg (Potsdam)
  2. Provënz Ostpreisen (Königsberg)
  3. Provënz Westpreisen (Danzeg)
  4. Provënz Pommern (Stettin)
  5. Provënz Schlesien (Breslau)
  6. Provënz Posen (Posen)
  7. Provënz Jülich-Kleve-Berg (Köln)
  8. Provënz Groussherzogtum Nidderrhäin (Koblenz)
  9. Provënz Westfalen (Münster)
  10. Provënz Sachsen (Magdeburg)

Zanter 1822 hunn d'Provënze „Jülich-Kleve-Berg“ a „Groussherzogtum Nidderrhäin“ d'Rhäinprovënz mat der Haaptstad Koblenz gebilt. 1829 goufen Ost- a Westpreisen zu der Provënz Preise mat der Haaptstad Königsberg vereenegt. Domat huet sech d'Zuel vun de Provënzen op 8 verklengert. 1849 hunn d'Fürste vun Hechingen a Sigmaringen op hir Herrschaft verzicht, wouduerch dës beid Fürstentümer u Preise gefall sinn. Si goufen am Regierungsbezierk Sigmaringen zesumme gefaasst, dee spéider och als „Hohenzollernsche Lande“ bezeechent ginn ass. 1853 huet Preise vun Oldenburg e Landstreech op der Jade kaaft, op deem en Hafen ugeluecht gouf. 1869 krut dat Gebitt zesumme mat der Uertschaft den Numm Wilhelmshaven an ass 1867 un déi nei Provënz Hannover gaangen. Nom Däitsche Krich vun 1866 huet Preisen d'Kinnekräich Hannover annektéiert, d'Kurfürstentum Hessen, d'Herzogtum Nassau, d'Fürstentümer Schleswig an Holstein souwéi déi Fräi Stad Frankfurt um Main. Aus deene Gebidder goufen dräi Provënze gemaach:

Preisen hat domat 11 Provënzen. D'Zuel goung duerno op 12 erop, wéi aus der Provënz Preisen zwou eenzel Provënze gemaach goufen: Ostpreisen a Westpreisen.

Nom Éischte Weltkrich huet Preise verschidde Gebidder verluer, a gouf zum Fräistaat. D'Provënz Pose gouf quasi ganz u Polen ofgetrueden. D'Provënz Westpreise goung zu engem groussen Deel och u Polen an un d'fräi Stad Danzeg. Nëmmen den ëstlechen Deel vu Westpreisen ass bei Preise bliwwen, a gouf an d'Provënz Ostpreise gesat. De Rescht vun de Gebidder vu Posen a Westpreisen, déi preisesch bliwwe sinn, goufen 1922 zu enger neier (an zweedeeleger) Provënz, déi den Numm „Provënz Grenzmark Posen-Westpreußen“ krut. An der Tëschenzäit war 1919 d'Provënz Schlesien an zwou Provënzen opgedeelt ginn, „Nidderschlesien“ an „Uewerschlesien“. E Joer méi spéit ass Berlin aus dem Provinzialverband Brandenburg ausgetrueden, a gouf eng eege Provënz.

Zanter 1922 huet de Fräistaat Preisen domat aus follgenden 12 Provënze bestanen (a Klameren d'Gebittskierperschaften, deenen d'Gebidder vun de jeeweilege Provënzen haut entspriechen):

 
Preisen an der Weimarer Republik
  1. Berlin (Bundesland Berlin, Däitschland)
  2. Provënz Brandenburg (Bundesland Brandenburg, Däitschland an Woiwodschaft Lebus, Polen)
  3. Provënz Hannover (Deeler vun de Bundeslänner Niddersachsen an Hamburg, Däitschland)
  4. Provënz Hessen-Nassau (Deeler vun de Bundeslänner Hessen a Rheinland-Pfalz, Däitschland)
  5. Provënz Ostpreußen (Oblast Kaliningrad, Russland; Woiwodschaft Ermland-Masuren an en Deel vun der Woiwodschaft Pommern, Polen)
  6. Provënz Pommern (Deel vum Bundesland Mecklenburg-Vorpommern, Däitschland, Woiwodschaft Westpommern, Polen)
  7. Grenzmark Posen-Westpreisen (Deel vun der Woiwodschaft Grousspolen, Polen)
  8. Rhäinprovënz (Deeler vun de Bundeslänner Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz, Däitschland)
  9. Provënz Sachsen (Deeler vun de Bundeslänner Sachsen-Anhalt an Thüringen, Däitschland)
  10. Provënz Nidderschlesien (Woiwodschaft Nidderschlesien an Deel vun der Woiwodschaft Lebus, Polen; Deel vum Bundesland Sachsen, Däitschland)
  11. Provënz Uewerschlesien (Deel vun de Woiwodschaften Oppeln a Schlesien, Polen)
  12. Provënz Schleswig-Holstein (Deeler vun de Bundeslänner Schleswig-Holstein an Hamburg, Däitschland)
  13. Provënz Westfalen (Deeler vum Bundesland Nordrhein-Westfalen, Däitschland)

dobäi als Deel vun der Rhäinprovënz déi sougenanntn

1938 goufen déi zwou schleesesch Provënzen nees vereenegt, an d'Provënz Grenzmark Posen-Westpreisen gouf opgeléist, an op d'Nopeschprovënze Pommern, Brandenburg a Schlesien opgedeelt. Domat huet Preise bis zu senger formeller Opléisung 1947 nëmmen nach aus eelef Provënze bestanen.

Net berücksichegt sinn dobäi d'Deelunge vun de Provënzen Hessen-Nassau, Sachsen a Schlesien a jeeweils zwou Provënze wärend dem Zweete Weltkrich.

Fréier preisesch Gebidder no 1945 änneren

No 1945 gouf Preisen nom Artikel I vum Gesetz Nr. 46 vum Alliéierte Kontrollrot opgeléist an ënner der Sowjetunioun, Polen an den neien däitsche Länner an der Sowjet- an den dräi Westzonen opgedeelt.

D'Gebidder ëstlech vun der Oder an der Lausitzer Neiße souwéi Swinemünde a Stettin goungen 1945 u Polen an un d'Sowjetunioun. Den nërdlechen Deel vun Ostpreise koum ënner sowjetesch, d'Ermland, Masuren an déi aner preisesch Gebidder bis zu der Oder-Neiße-Linn ënner polnesch Administratioun. De gréissten Deel vun der däitscher Bevëlkerung déi do gelieft huet, si geflücht oder goufe verdriwwen. An dëse Gebidder goufen no 1945 virun allem polnesch Verdriwwener aus de fréiere polneschen Ostgebidder ugesidelt.

Haiteg Staaten op preiseschem Gebitt änneren

D'Gebidder vun de preisesche Provënzen, wéi si vun 1867 bis 1914 bestanen hunn, verdeelen sech haut follgendermoossen op d'Länner vun der Bundesrepublik Däitschland an op sechs weider europäesch Staaten.

Provënz Ostpreisen

Provënz Westpreisen

Provënz Brandenburg

  • Den Haaptdeel mat de Stied Potsdam a Frankfurt op der Oder war vun 1945 bis 1952 an nees vun 1990 un dat däitscht Land Brandenburg. Tëscht 1952 an 1990 war d'Gebitt op d'Bezierker Cottbus, Frankfurt/Oder, Neubrandenburg, Potsdam a Schwerin verdeelt.
  • Den Norddeel huet vun 1945 bis 1952 zum Land Brandenburg gezielt, vun 1952 bis 1990 zum DDR-Bezierk Neubrandenburg an zanter 1990 ass et de Südoste vum neie Bundesland Mecklenburg-Vorpommern.
  • D'Gebitt ëstlech vun der Oder mat der Stad Grünberg/Warthe goung 1945 u Polen an ass haut d'Woiwodschaft Lebus.
  • D'Stadgebitt vu Grouss-Berlin gouf 1920 aus der Provënz Brandenburg erausgeholl a war vun 1945 bis 1990 an een ëstlechen, sowjetesche souwéi an dräi westlech - amerikanesch, brittesch a franséisch - Secteure gedeelt. Wärend Ostberlin als "Haaptstad vun der DDR" zanter 1952 en eegene Bezierk war, war Westberlin zanter 1949 staatsrechtlech mat der Bundesrepublik Däitschland verbonnen. Zanter 1990 ass et d'Land Berlin.

Provënz Posen

Provënz Pommern

Provënz Sachsen

  • Den Haaptdeel mat de Stied Halle/Saale, Magdeburg a Merseburg war vun 1945 bis 1952 an zanter 1990 Haaptdeel vu Sachsen-Anhalt, vun 1952 bis 1990 huet en zu den DDR-Bezierker Halle, Leipzig, a Magdeburg gehéiert.
  • De Süddeel mat der Stad Erfurt an der Exklav ëm d'Stad Suhl war vun 1944 bis 1952 an nees vun 1990 un Deel vum däitsche Land Thüringen, vun 1952 bis 1990 huet en zu den DDR-Bezierker Erfurt a Suhl gehéiert.
  • De Südëstlechsten Deel mat der Stad Torgau war vun 1945 bis 1952 a Sachsen-Anhalt, vun 1952 bis 1990 am DDR-Bezierk Leipzig, an ass zanter 1990 den Nordwestdeel vu Sachsen.

Provënz Schlesien

Provënz Schleswig-Holstein

Provënz Hannover

Provënz Hessen-Nassau

Provënz Westfalen

Rhäinprovënz

Quasi all däitsch Länner mat der Ausnam vu Bayern hu fréiere preiseschen Territoire iwwerholl. Si hate sech allerdéngs schonn zu der Zäit vum Napoleon Deeler vu Preise geholl. Dobäi kommen néng polnesch Woiwodschaften souwéi fënnef weider Staaten:

Belsch: Deel vun der Regioun Wallounien (Eupen-Malmedy)

  • Stied Eupen, Malmedy an Ëmgéigend an der fréierer Rhäinprovënz.

Dänemark: Amt Sønderjylland, an Zukunft Westdeel vun der Regioun Sønderdanmark (Nordschleswig)

  • nërdlechsten Deel vun der fréierer Provënz Schleswig-Holstein mat der Stad Apenrade.

Litauen: Nordwestdeel vu Litauen (Memelland)

  • Stad Memel an Ëmgéigend an der fréierer Provënz Ostpreisen.

Russland: Oblast Kaliningrad (Nord-Ostpreisen)

  • Norddeel vun der fréierer Provënz Ostpreise mat der Stad Königsberg.

Tschechien: Deel vun der Tschechescher Republik (Hultschiner Ländchen)

  • Stad Hultschin an Ëmgéigend an der fréierer Provënz Schlesien.

Polnesch Woiwodschaft Ermland-Masuren

  • Süddeel vun der fréierer Provënz Ostpreise mat der Stad Allenstein.
  • Ostdeel vun der fréierer Provënz Westpreise mat der Stad Marienwerder.

Polnesch Woiwodschaft Pommern

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Westpreise mat de Stied Danzeg, Gdingen.

Polnesch Woiwodschaft Lebus

  • Ostdeel vun der fréierer Provënz Brandenburg mat de Stied Landsberg/Warthe, Grünberg

Polnesch Woiwodschaft Grousspolen

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Posen mat der Stad Posen.

Haaptdeel vun der polnescher Woiwodschaft Kujawien-Pommern

  • Norddeel vun der fréierer Provënz Posen mat der Stad Bromberg.
  • Süddeel vun der fréierer Provënz Westpreisen.

Polnesch Woiwodschaft Westpommern (Hannerpommern)

  • Ostdeel vun der fréierer Provënz Pommern mat de Stied Köslin, Stettin, Swinemünde.

Polnesch Woiwodschaft Oppeln (West-Uewerschlesien)

  • Ostdeel vun der fréierer Provënz Schlesien mat der Stad Oppeln.

Polnesch Woiwodschaft Nidderschlesien

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Schlesien mat de Stied Breslau, Liegnitz.

Haaptdeel vun der polnescher Woiwodschaft Schlesien (Ost-Uewerschlesien)

  • ëstlechsten Deel vun der fréierer Provënz Schlesien mat der Stad Kattowitz.

Land Brandenburg

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Brandenburg mat de Stied Potsdam, Frankfurt/Oder.

Land Berlin

  • Stad Berlin an der fréierer Provënz Brandenburg

Deeler vu Mecklenburg-Vorpommern

  • Westdeel vun der fréierer Provënz Pommern mat de Stied Greifswald, Stralsund (Vorpommern).
  • nërdlechsten Deel vun der fréierer Provënz Brandenburg.

Haaptdeel vum Land Sachsen-Anhalt

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Sachse mat de Stied Halle/Saale, Magdeburg, Merseburg.

Deeler vum Fräistaat Thüringen

  • Süddeel vun der fréierer Provënz Sachse mat der Stad Erfurt an der Exklav ëm d'Stad Suhl.
  • Exklav vun der fréierer Provënz Hessen-Nassau ëm d'Stad Schmalkalden.

Deeler vum Fräistaat Sachsen

  • südëstlechsten Deel vun der fréierer Provënz Sachsen mat der Stad Torgau.
  • westlechsten Deel vun der fréierer Provënz Schlesien mat der Stad Görlitz (Niederschlesische Oberlausitz)

Haaptdeel vum Land Schleswig-Holstein

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Schleswig-Holstein mat de Stied Flensburg, Kiel, Schleswig.

Deeler vum Land Hamburg

  • Staddeeler Altona, Wandsbek an der fréierer Provënz Schleswig-Holstein.
  • Staddeeler Harburg, Wilhelmsburg an der fréierer Provënz Hannover.

Haaptdeel vum Land Niddersachsen

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Hannover mat de Stied Aurich, Hannover, Hildesheim, Lüneburg, Osnabrück, Stade, Göttingen an der Exklav ëm Wilhelmshaven.
  • Exklav vun der fréierer Provënz Hessen-Nassau ronderëm d'Stad Rinteln.

Deeler vum Land Bremen

  • Staddeel Wesermünde an der fréierer Provënz Hannover.

Haaptdeel vum Land Hessen

  • Haaptdeel vun der fréierer Provënz Hessen-Nassau mat de Stied Kassel, Wiesbaden, Frankfurt um Main.
  • Exklav vun der fréierer Rhäinprovënz ronderëm Wetzlar.

Deeler vum Land Rheinland-Pfalz

  • westlechsten Deel vun der fréierer Provënz Hessen-Nassau mat der Stad Montabaur.
  • Süddeel vun der fréierer Rhäinprovënz mat de Stied Koblenz, Tréier.

Haaptdeel vum Saarland

  • südlechsten Deel vun der fréierer Rhäinprovënz mat der Stad Saarbrécken.

Haaptdeel vum Land Nordrhein-Westfalen

  • fréier Provënz Westfalen mat de Stied Arnsberg, Bielefeld, Bochum, Dortmund, Minden, Münster.
  • Nordeel vun der fréierer Rhäinprovënz mat de Stied Oochen, Bonn, Duisburg, Düsseldorf, Essen, Köln.

Deeler vum Land Baden-Württemberg

  • Exklav vun der fréierer Rhäinprovënz ëm d'Stad Sigmaringen (Hohenzollernsche Lande)

Kinneke vu Preisen änneren

Kuckt wgl. d'Lëscht vun de Kinneke vu Preisen.

Wat bleift vu Preisen ? änneren

Ob et sech beim vergaangene Preisentum ëm eng däitsch Ierfschaft oder däitsch Ierflaascht handelt, ass ëmstridden. Follgend Punkte sinn awer ze notéieren, an deenen d'dominant Plaz vu Preisen och nach haut ze gesinn ass

Bond

  • Berlin ass zu der däitscher Haaptstad ginn, et war scho virdrun d'Haaptstad vu Preisen.
  • D'preisesch Krichsauszeechnung vum Eiserne Kräiz ass - a modifizéierter Form - d'Symbol vun der Bundeswehr.
  • D'Austriede vun Éisträich aus der däitscher Natioun am Verlaf vun der Grënnung vum däitschen Nationalstaat 1871 berout op preisescher Politik. D'klengdäitsch Léisung ass eng grousspreisesch Léisung (August Bebel).

Länner

  • No der Wiedervereinigung 1990 koum de Plang op, d'Bundeslänner Berlin a Brandenburg zesummenzeleeën. Dobai koum de Virschlag op, dat neit Land Preisen ze nennen; de virgeluegten Numm war awer Berlin-Brandenburg. Am Joer 1996 gouf dës Vereenegung awer per Volleksofstëmmung ofgeleent.
  • D'Land Sachsen-Anhalt ass zur Zäit dat eenzegt, wou de preiseschen Aadler um Landeswopen ze gesinn ass. Donieft ass um grousse Wope vu Baden-Württemberg den Hauswope vun den Hohenzollern ze gesinn.
  • De preisesche Modell war de Virleefer vu ville politeschen Institutiounen um Landesniveau, zum Beispill Ministerpresident, Regierungsbezierk, Landrat, Krees, Amt a Landschaftsverband (virdru Provinzialverband).

Kierchen

Kultur

Foussball

  • Preisen (Münster) oder op latäin Borussia (Dortmund, Mönchengladbach) begéint een nach haut als Veräinsnumm.
  • Doriwwer eraus sinn déi däitsch Foussballnationalmannschaften an de preisesche Landesfaarwe Schwaarz a Wäiss gekleet.

Faarf

Nimm

"d'Preisen"
An der Festung Lëtzebuerg war vun 1815 bis 1867 eng preisesch Garnisoun stationéiert. Dësen Ëmstand, an och d'Tatsaach, datt d'Territoiren ëstlech vu Lëtzebuerg vun 1815 bis nom Zweete Weltkrich zu Preisen gehéiert hunn, erkläert, firwat zu Lëtzebuerg zum Deel bis haut "d'Preisen" pars pro toto fir "déi Däitsch" gebraucht gëtt. No den Erfarungen am Zweete Weltkrich ass et net verwonnerlech, datt den Ausdrock dacks eng pejorativ Konnotatioun kritt huet. Dofir gëllt et hautgesdaags als net méi politesch korrekt, en an deem Kontext ze gebrauchen.

Literatur zum Theema änneren

  • Emile Hengen & Marius Remackel, 2008. De Preiss. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 279-284. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Sebastian Haffner:, Preußen ohne Legende. 1. Oplo. Hamburg 1979. ISBN 3-442-11511-6
  • Hans-Joachim Schoeps, Preußen: Geschichte eines Staates. Bilder und Zeugnisse. Frankfurt a. M./Berlin 1992. ISBN 3-550-08585-0
  • Siegfried Fischer-Fabian, Preußens Gloria – Aufstieg eines Staates. o. O. 1991. ISBN 3-7043-4043-X
  • Sebastian Haffner/Wolfgang Venohr, Preußische Profile. Ullstein o. O. 2001. ISBN 3-548-26586-3
  • Bernt Engelmann, Preußen. Land der unbegrenzten Möglichkeiten. München 1981. ISBN 3-442-11300-8
  • Wolfgang Ribbe/Hansjürgen Rosenbauer (Ersg.): Preußen. Chronik eines deutschen Staates. Berlin 2000, ISBN 3-87584-023-2
  • Leopold von Ranke, Preußische Geschichte. 4 Bänn. Goldmann o. O. 1966 ISBNs B-000-0BT51-O, B-000-0BT51-P, B-000-0BT51-Q, B-000-0BT51-R
  • Julius H. Schoeps, Preußen, Geschichte eines Mythos. Bebra Verlag o. O. 2001. ISBN 3-89809-030-2
  • Klaus Herdepe. Die Preußische Verfassungsfrage 1848. ars et unitas: Neuried 2003, 454 S., ISBN 3-936117-22-5
  • Charles Higounet, Die deutsche Ostsiedlung im Mittelalter. Siedler Verlag o. O. 2001. ISBN 3-88680-141-1
  • Joachim Fernau, Sprechen wir über Preußen. Herbig Verlag o. O. 1999. ISBN 3-7766-2132-X
  • Marion Gräfin Dönhoff, Preußen – Maß und Maßlosigkeit. Goldmann o. O. 1998. ISBN 3-442-75517-4
  • Marion Gräfin Dönhoff, Namen, die keiner mehr nennt. Diederichs Verlag o. O. 2004. ISBN 3-89631-441-6
  • Eberhard Straub, Eine kleine Geschichte Preußens. Berlin 2001. ISBN 3-88680-723-1

Um Spaweck änneren

Commons: Preisen – Biller, Videoen oder Audiodateien