D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'Armes, ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Si gouf, mat de Stroosse ronderëm, am 17. Joerhonnert ënnert dem Gouverneur de Monterey ugeluecht, nodeems de Militäringenieur Louvigny 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss hat, fir d'Festung ze verstäerken, an dofir hir Awunner an d'Uewerstad ëmquartéiert goufen. D'Plëss an déi néi Stroosse goufen den 10. August 1671 feierlech ageweit.

Se gouf vun Ufank u bis an d'19. Joerhonnert als Paradeplaz benotzt. Dono huet d'Bourgeoisie d’Plaz vun de Zaldoten ageholl, a just Concerte vun der Militärmusek hunn nach un déi militäresch Vergaangenheet erënnert. Den éischte Kiosk ass 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, déi op der Ostsäit stoung. Dës gouf ofgerappt fir 1909/10 den Zerkel ze bauen. Op der Westsäit steet dee fréieren Hotel de Gerden aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert, an deem haut d'Cour des comptes ass. Am fréiere Gaart dovun ass 1903 d'Dicks-Lentz-Monument opgerlicht ginn zu Éiere vun de Lëtzebuerger "Nationaldichter" Dicks a Michel Lentz; d'Plaz gouf 1969 nom Jan Palach genannt... > méi

Aner Artikele vun der Woch