Piratepartei Lëtzebuerg

politesch Partei zu Lëtzebuerg

D'Piratepartei Lëtzebuerg, gekierzt dacks just d'Piraten, ass eng politesch Partei zu Lëtzebuerg. D'Partei geet der Piratendoktrin no, déi vun der schweedescher Schwësterpartei "entwéckelt" gouf. Si setzt sech zanter hirer Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, ee verbesserten Dateschutz a méi Privatsphär fir Privatpersounen. Si fuerdert méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer eraus fuerdert se eng grondleeënd Reform vum Auteursrecht a Patentwiesen, an ass géint all Form vun Zensur. Den Haaptprinzip ass d'Basisdemokratie, déi et all Member erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Partei matzebestëmmen. D'Partei huet zu alle politeschen Themen, Positiounen ausgeschafft an ënner dem Motto "Lëtzebuerg: modern & fair fir jiddereen" fir d'Walen 2018 e Walprogramm presentéiert.

Piratepartei Lëtzebuerg
President Parteileedung: Camille Liesch, Claude Legrand, Gilles Mertz, Joel Krack, Killian Saffran, Raymond Remakel, Steve Fuchs[1]
Tresorier Paula Couto, Raymond Remakel[1]
Gegrënnt 4. Oktober 2009
Parteizentral 1a rue de Luxembourg
L-8481 Koplescht
Jugendorganisatioun Jonk Piraten
Memberszuel 731 (Dezember 2024)[2]
Ideologien Piratepolitik
Tranzparenz
Digitalisatioun
International Affiliatioun Pirate Parties International
Faarwen Mof, Wäiss a Schwaarz
Chamber
2/60 Sëtz
Europaparlament
0/6 Sëtz
Websäit https://www.piraten.lu/
Grënnung vun der Piratepartei Lëtzebuerg de 4. Oktober 2009. Stater Gronn.
Parteikongress 2021
Parteikongress 2022


D'Piratepartei ass, wei déi meescht Parteien zu Lëtzebuerg, pro-europäesch ("Europa ouni Grenzen"). Fir d'Europawalen 2019 gouf ënner dem Motto "Vote Yes for a better Europe" een EU-Walprogramm opgestallt.[3] Si ass Member vun de Pirate Parties International, der Daachorganisatioun vun der internationaler Piratepartei-Beweegung, an ass bei internationale Konferenzen an Aktiounen derbäi.

Geschicht

änneren

D'Piratepartei Lëtzebuerg gouf de 4. Oktober 2009 an der Stad Lëtzebuerg vu 14 Interesséierte gegrënnt. Am Februar 2011 louch d'Zuel vun de Membere bei 90, am September 2012 bei 285, am September 2013 bei 308, am Abrëll 2014 bei 331, an am Oktober 2015 bei 360. Am August 2021 huet d'Partei ongeféier 420 Membere gezielt.

De Sven Clement, Matgrënner vun der Partei, war bis 2018 President an ass zanterhier Éierepresident vun der Partei.

Vizepresident war vum Oktober 2015 bis Oktober 2016 de Sven Wohl. De Vizepresident bis 2012 Jerry Weyer war och vum Mäerz 2010 bis 2011 ee vun den zwéi Kopresidente vun der Pirate Parties International (PPI). De Presidium vun der Piratepartei besteet aus 9 Memberen, déi all Joer gewielt ginn.[4]

Den 11. Dezember 2011 hu sech Membere vun der Piratepartei Lëtzebuerg zesummegedoen an eng Jugendorganisatioun mam Numm Jonk Pirate gegrënnt.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet d'Piratepartei eng éischt Kéier Lëschten opgestallt; si krut jee no Walbezierk tëscht 2,7 % an 3,4 % vun de Stëmmen, net genuch fir e Sëtz an der Chamber. Bei den Europawalen 2014 krut se 4,23 %, wat och net duergoung fir ee vun de 6 Sëtz zu Stroossbuerg. Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 goungen 3 Conseillersmandater u Kandidate vun der Piratepartei: zwee zu Péiteng an een zu Réimech. Den 28. November 2021 gouf bei Komplementarwalen an der Gemeng Colmer-Bierg e weidere Member vun der Piratepartei an de Gemengerot gewielt.[5]

D'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 hunn der Partei landeswäit 6,45 % (Norden: 7,67%, Süden: 6,99%, Osten: 6,98 %, Zentrum: 5,14%) vun de Stëmmen abruecht, an zwéin Deputéiert. De Sven Clement an de Marc Goergen goufen an d'Chamber gewielt.[6]

Bei den Europawalen 2019 huet d'Partei 7,7% erreecht[7].

D'Resultat vun de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 (253 554 Stëmmen, 6,74% vun alle Stëmmen)[8] huet der Piratepartei mam Ben Polidori een Deputéiertesëtz méi abruecht.[9] Am September 2024 ass de Polidori awer bei d'LSAP gewiesselt an d'Piraten hunn zanterhier nees just 2 Deputéiert an der Chamber.[10]

2024 krut d'Piratepartei bei den Europawalen 68.085 Stëmmen (4,92 % vum Total).[11]

Schwiereg Zäite fir d'Piratepartei

änneren

Ronn e Mount nodeem Mëtt Juni 2024 d'Affär ronderëm d'MALT-App bekannt gouf, huet den Nord-Deputéierte Ben Polidori, wéinst Onstëmmegkeete bannent der politescher Gruppéierung am Parlament, d'Piratepartei verlooss, huet säi Chambermandat awer net opginn. Méi spéit ass hien du bei d'LSAP gewiesselt.[12]

Duerno koum en nach zu aneren Demissioune vu Piraten-Lokalpolitiker: d'Marie-Marthe Muller aus dem Stater Conseil grad wéi d'Déifferdenger Conseillère Morgan Engel sinn och bei d'LSAP gewiesselt[13][14], iwwerdeems d'Tammy Broers zu Esch-Uelzecht bei Déi Gréng gewiesselt ass.[15]

Nieft der MALT-Affär sinn och nach aner Verfeelunge vun der Partei bekannt ginn: en Don un d'Partei deen duebel enregistréiert gouf, fir esou op déi néideg Recetten ze komme fir kënne vun der Parteifinanzéierung ze profitéieren oder Ausgabe für Walpublicitéit vun engem Member vun de Pirate sollten als Don un d'Partei verbucht ginn, Benotze vun der Partei-Kreditkaart fir privat Depensen, asw.[16]

Am Oktober 2024 gouf du bekannt, datt den Europäesche Parquet an Zesummenhang mat der Entwécklung vun der MALT-App eng Enquête wéinst Verdacht op Subventiounsbedruch, Dokumentefälschung a Geldwäsch an d'Weeër geleet huet.[17]

Literatur

änneren
  • Thomas, Bernard, 2024. Shitshow. Les pirates mettent la transparence et la déontologie dans la vitrine. L'arrière-cuisine se révèle peu ragoûtante. D'Lëtzebuerger Land vum 26. Juli 2024, S. 8-9.
  • Kies, Raphaël, 2012. Le parti pirate / Le parti des jeunes combattants. D'Lëtzebuerger Land vum 13. Januar 2012, Rubrik Forum, S. 18-19. (fr)
  • Henniqui, Anne, 2009. Piratepartei Lëtzebuerg / À l'abordage. D'Lëtzebuerger Land vum 8. Oktober 2009. Online-Archiv. (fr)

Um Spaweck

änneren
Commons: Piratepartei Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 (lb)Pirate-Kongress e Samschdeg: Ännerung vun de Statuten ugeholl, Marc Goergen net méi Koordinator. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 14.12.2024.
  2. (de)Vom Tiefpunkt zum Aufbruch: Piratepartei sucht ihre Zukunft. Luxemburger Wort (14.12.2024). Gekuckt de(n) 14.12.2024.
  3. EU Programm (2019) Archivéiert de(n) 09.09.2021. Gekuckt de(n) 8.09.2021.
  4. Partei Organer Archivéiert de(n) 09.09.2021. Gekuckt de(n) 8.09.2021.
  5. "Komplementarwalen Colmer-Bierg: Mandy Arendt ass déi éischt Piratin, déi an e Gemengerot gewielt ginn ass." rtl.lu, 30.11.2021.
  6. elections.lu Archivéiert de(n) 14.10.2018. Gekuckt de(n) 15.10.2018.
  7. Resultater EU Walen (2019) Archivéiert de(n) 08.09.2021. Gekuckt de(n) 2019.
  8. elections.public.lu.
  9. "Piraten gewinnen einen Sitz dazu, verfehlen aber ihr großes Ziel." wort.lu, 8.10.2023.
  10. (de)Ben Polidori wechselt zur LSAP. Luxemburger Wort (19.09.2024). Gekuckt de(n) 19.09.2024.
  11. Resultater op elections.public.lu.
  12. (de)Reporter.lu, Parteiaustritt: Ben Polidori verlässt die Piraten. Reporter.lu (15.07.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  13. (fr)Le Quotidien, Marie-Marthe Muller quitte le Parti pirate et rejoint le LSAP. Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  14. (de)LSAP nach Engel-Wechsel: „Wir haben sie nicht überzeugen müssen“. Luxemburger Wort (21.10.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  15. (lb)Weider Demissiounen: Tammy Broers a weider Pirate vun Esch wëlle bei Déi Gréng wiesselen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  16. (de)Pol Reuter, Parteifinanzen: Die Buchhaltungstricks der Piraten. Reporter.lu (07.08.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  17. (de)Reporter.lu, MALT-Affäre: EU-Staatsanwaltschaft schaltet sich ein. Reporter.lu (22.10.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.