Conseil économique et social (Lëtzebuerg)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat lëtzebuergesche Wirtschafts-a Sozialrot. Fir deen europäesche Comité, kuckt wgl. Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité.

De Conseil économique et social (kuerz: CES) gouf zu Lëtzebuerg duerch d'Gesetz vum 21.Mäerz 1966[1] ageféiert.

Den CES ass eng konsultativ Ariichtung vun der Regierung a Saache vu wirtschaftlechen a sozialen Orientatiounen zu Lëtzebuerg, op nationalem a supranationalem Plang. Seng Haaptaufgab ass et e Konsens vun den dacks ënnerschiddleche Positioune vum Salariat a vum Patronat ze fannen, an der Regierung Propositiounen, fir zukünfteg politesch Decisiounen, ze maachen. D'Etüden iwwer wirtschaftlech, sozial a Finanzproblemer ginn op Nofro vun der Regierung oder op eegen Initiativ gemaach.

Seng Kompositioun änneren

D'aktuell Zesummesetzung vum CES baséiert um Gesetz vum 15 Juni 2004[2].

De Conseil besteet aus 39 Memberen, mat der selwechter Zuel vu Suppleant Memberen, déi op 3 Gruppen opgedeelt si fir d'sozial wirtschaftlech Struktur vum Land erëmzespigelen.

  • 18 Vertrieder vum Patronat, déi op Propositioun vun de wichtegste professionelle Chambere vun der Regierung ernannt ginn a follgendermoossen ënnerdeelt sinn:
    • 13 Vertrieder vun den Entreprisen
    • 2 Vertrieder aus der Agrikultur an der Viticulture
    • 2 Vertrieder vun de liberale Beruffer
  • 18 Vertrieder vum Salariat, déi op Propositioun vun de wichtegste professionelle Chambere vun der Regierung ernannt ginn a follgendermoossen ënnerdeelt sinn:
    • 14 Vertrieder vum Salariat aus dem private Secteur
    • 4 Vetrieder vun der Fonction publique
  • 3 Vertrieder déi direkt vun der Regierung ernannt ginn, wéinst hirer Kompetenz an der Ekonomie, de Finanzen oder dem soziale Secteur.

D'Memberen an d'Suppleant Membere ginn op eng Dauer vu 4 Joer ernannt. D'Mandat vun de Memberen as erneierbar.

Um Enn vun dëser 4-järeger Period, gëtt den CES ganz erneiert. D'Verdeelung vun de Mandater gëtt, op Avis vum CES hi mat engem Règlement Grand-ducal definéiert. D'Verdeelung vun de Mandater ka bei der Erneierung vum CES nei gestaffelt ginn.

De President, sou wei déi zwéi Vizepresidente gi vum Groussherzog, op Virschlag vum CES, fir eng Dauer vun 2 Joer ernannt. Se gi vum CES nom Rotatiounsprinzip vun den 3 sozial-wirtschaftleche Vertriedergruppen proposéiert. D'Ernennung vum Generalsekretär gëtt dem Grand-Duc no enger geheimer Ofstëmmung vun der Assemblée générale proposéiert.

Presidenten[3] änneren

Literatur änneren

  • Gérard Trausch, 2006. Le Conseil économique et social et la société luxembourgeoise. Erausgi vum Conseil économique et social. 156 S. Mat 6 Annexen: Gesetzestexter (1) vum 21. Mäerz 1966, (2) vum 15. Dezember 1986, (3) vum 15. Juni 2004; (4) de règlement d'ordre intérieur vum CES; (5) Zesummesetzung vun de Büroe vum CES vun 1966 bis 2006; (6) Zesummesetzung vum Sekretariat vum CES op dem 15. Juni 2006. D'Broschür gëtt kee Publikatiounsdatum un. Well se bei Geleeënheet vum 40. Anniversaire vum CES erschéngen ass, kann een unhuelen datt se 2006 erauskoum. Hei kann d'Broschür erofgeluede ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Gesetz vum 21.Mäerz
  2. Gesetz vum 15 Juni 2004
  3. Lëscht "Les Présidents du CES" op der Websäit vum CES, gelies den 28. Januar 2016