Libellen (Odonata) sinn eng Uerdnung an der Klass vun den Insekten (Insecta). Weltwäit si ronn 4700 Aarte vu Libelle bekannt.

Libellen
Jonke Männche vun der Leucorrhinia rubicunda (Nordische Moosjungfer), déi et och zu Lëtzebuerg gëtt

Jonke Männche vun der Leucorrhinia rubicunda
(Nordische Moosjungfer), déi et och zu Lëtzebuerg gëtt
Jonke Männche vun der Leucorrhinia rubicunda
(Nordische Moosjungfer), déi et och zu Lëtzebuerg gëtt
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Ënnerklass Fluchinsekten
Uerdnung: Libellen
Wëssenschaftlechen Numm
Odonata
Ënneruerdnungen

Grousslibellen (Anisoptera)
Klenglibellen (Zygoptera)
Urlibellen (Anisozygoptera)

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Systematik vun de Libellen.

Libellen zu Lëtzebuerg änneren

2006 konnten enger Studie vum Roland Proess no, 62 Libellenaarten zu Lëtzebuerg nogewise ginn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Libellen zu Lëtzebuerg.

Nimm änneren

"Waasserjoffer" a "Spéngelschësser" sinn déi (nieft Libell) gängest lëtzebuergesch Bezeechnungen fir dës Insektenuerdnung. Variante vu "Waasserjoffer" si Joffer, Waasserfra, -frächen, -mamm, -nënnchen, -popp, oder -pippelchen. Dem Luxemburger Wörterbuch no géifen s'esou differenzéiert: "déi eng [d.h d'Spéngelschësser] si méi kleng, ganz dënn, bal wéi eng Spéngel mat engem décke gliese Kapp, a si hun eng Faarf, wéi wa s'aus Stol wieren — déi aner [d'Waasserjofferen] si vill méi grouss a méi déck, mat engem frääschleche Kapp, mat gréngelzege Flillécken a mat engem gielzeg grénge Bauch."[1]


Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Odonata – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lemma "Joffer" am Luxemburger Wörterbuch" op engelmann.uni.lu; nogekuckt 2023-07-06.