Dësen Artikel beschäftegt sech mat der réimescher Provënz Belgica. Fir aner Bedeitunge vu Belgica, kuckt wgl. Belsch (Semantik).

Gallia Belgica, méi spéit just nach Belgica genannt, war eng vun den dräi Provënzen am Réimesche Räich, déi bei der Opdeelung vu Gallien duerch de Keeser Augustus entstane sinn; déi zwou aner waren d'Gallia Lugdunensis an der Mëtt an d'Gallia Aquitania am Südwesten.

Lag vun der Provënz
Réimesch Provënzen ënnert dem Trajan (117 n. Chr.)
D'Provënz Belgica I nom Diokletian senger Verwaltungsreform (XIII)

Belgica huet sech iwwer den Norden an den Oste vum haitege Frankräich erstreckt, de Weste vun der Belsch, d'Westschwäiz an de Jura bis bei de Genferséi (Lacus Lemanus) erof, souwéi de Baseng vun der Musel bis ca. 50 Kilometer virun hir Mëndung an de Rhäin, deemno mam haidege Lëtzebuerg.

Durocortorum (Reims) war d'Haaptstad vun der Provënz. Éier d'Provënze Germania superior a Germania inferior am Oste gegrënnt goufen, war de Statthalter vu Belgica och zoustänneg, fir d'Grenz um Rhäin ze sécheren.

Bei der Verwaltungsreform vum Diokletian (Keeser vun 284 bis 305) gouf Belgica opgedeelt an d'Provënzen Belgica I (Belgica Prima) ronderëm d'Musel a Belgica II (Belgica Secunda), déi vu Reims bis bei den Äermelkanal goung. Déi zwou waren, mat anere Provënzen (Lugdunensis, Germania superior a Germania Inferior, Sequana an Alpes Graiae et Poeninae), Deel vun der Dioecesis Galliae.

Ausbléck änneren

De westlechen Deel vu Belgica gouf zum Kärgebitt vum Fränkesche Räich, iwwerdeems den Ostdeel vun den Alamannen besat gouf.

Stied änneren

Ënnert de Vici z'ernimmen:

Literatur änneren

  • Xavier Deru: Die Römer an Maas und Mosel. Von Zabern, Mainz 2010, ISBN 978-3-8053-4245-2 (Zaberns Bildbände zur Archäologie – Sonderbände der Antiken Welt).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gallia Belgica – Biller, Videoen oder Audiodateien