Royal-Hamilius

Immobiliëkomplex an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

Royal-Hamilius ass den Numm vun engem Immobiliëkomplex an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, deen 2019/2020 a Betrib geholl gouf.

Royal-Hamilius
De Royal-Hamilius, zur Säit vum Boulevard Royal (Juli 2019)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Adress Boulevard Royal, Stad Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 42.6’’ N 6° 07’ 35’’ O
Architekt(en) Foster + Partners

De Komplex steet do, wou vun der Mëtt vun den 1970er Jore bis 2015 d'Busgare an de Centre Hamilius waren an nach virdrun d'Aldringerschoul stoung. En ass ëmgi vun der Groussgaass am Norden, der Aldringerstrooss am Osten, der Montereysavenue am Süden an dem Boulevard Royal am Westen. Am Zenter si vun Enn 2019 un niewent 10.000 m² Büroen nach 16.000 m² Geschäfter a Restauranten a 7.500 m² Wunnenge virgesinn. Do kommen nach eng 16.000 m² ëffentlech Plazen an eng Daachterrass derbäi[1].

Fir de Bau vum Immeubel war e Concours organiséiert ginn, dee vum britteschen Architektebüro Foster + Partners gewonne gouf an deen de Projet duerno zesumme mam Lëtzebuerger Büro Tetra Kayser ëmgesat huet.

Geschicht änneren

Virun 2011 huet d'Stad Lëtzebuerg déi zwéi Nopeschgebaier vum Centre Hamilius opkaaft, iwwerdeems en drëtt Gebai (49, Boulevard Royal) am Privatbesëtz bliwwen ass, well keng Eenegung mat de Proprietäre fonnt gouf.

Am Februar 2014 hat d'Stad Lëtzebuerg d'Baugeneemegung ginn. Well kee Recours agereecht gouf, krut de Bauprojet am Juni 2014 definitiv gréng Luucht. De Schantjen huet am Mäerz 2015 ugefaangen. De Retard op den ursprénglechen Datum ass drop zeréckzeféieren, well de PAP annuléiert gi war a Proprietären en administrative Recours agereecht haten.

2015 goufen déi al Gebaier ofgerappt.

 
D'Strauss um Réibau am Abrëll 2019.

Den 29. Mäerz 2019 gouf d'Strauss gefeiert[2].

Den ënnerierdesche Parking mat 628 Plazen vum Royal-Hamilius war schonn de 27. September 2018 opgaangen. Déi éischt Butteker hunn Enn 2019 hir Dieren opgemmaach. Als éischt war den 8. November 2019 de Bicher-, Museks- an Elektronikbuttek FNAC fäerdeg[3] an am November de Supermaart Proxy Delhaize am 1. Keller vum Gebai. Dat "grousst Geschäft" Galeries Lafayette huet eppes méi spéit e Buttek iwwer e puer Stäck op. Do kommen nach weider 18 Geschäfter derbäi.

Haaptinvestisseur am Komplex Royal-Hamilius ass ee Fong deen zu Abu Dhabi domiciliéiert ass.[Source?]

Literatur änneren

Biller änneren

Kuerz virun der Straussfeier am Mäerz 2019 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Royal-Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Bienvenue dans Royal-Hamilius op royal-hamilius.lu, fir d'lescht gekuckt den 22. Mäerz 2019
  2. Königliche Zeiten am "Aldringen" op wort.lu den 29. Mäerz 2019
  3. "D'FNAC mécht hir Dieren op, déi Lénk mécht Protestaktioun." rtl.lu, 08.11.2019 19:53.