Jopich
lëtzebuergesch Baach
D'Jopich ass eng Baach an de Gemenge Kiischpelt a Parc Housen.
Se entspréngt op enger Héicht vu 470 m um Flouer Scheed, no beim CR232. Vun do aus leeft se op enger Längt vu ronn 5 km a südwestlecher Richtung, an engem Dall tëscht dem Pënzebierg an der Pënzerhuuscht, ier se, op enger Héicht vun 272 m vu lénks an d'Klierf leeft.
Op engem groussen Deel vun hirem Laf mécht se d'Grenz tëscht de Gemenge Kiischpelt a Parc Housen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Jopich – Biller, Videoen oder Audiodateien |