2006
Joer
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2002 |
2003 |
2004 |
2005 |
2006
| 2007
| 2008
| 2009
| 2010
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2006.
D'Joer 2006 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- 22. Januar: Den Aníbal Cavaco Silva gëtt zum President vu Portugal gewielt.
- 28. Januar: Bei Katowice a Polen brécht den Daach vun enger Ausstellungshal zesummen, 65 Mënsche bleiwe leien.
- 29. Januar: D'Tarja Halonen gëtt a Finnland als Presidentin erëmgewielt.
- : 1 - 3 Millioune Leit manifestéieren a 4. AbrëllFrankräich géint de CPE, e Gesetz, dat et soll erliichteren, Leit ënner 26 Joer anzestellen - mä och erëm z'entloossen.
- 19. Abrëll: Den italieeneschen Ieweschte Geriichtshaff erkläert dem Romano Prodi seng Wal-Alliance L'Unione zum Gewënner vun de Parlamentswalen, déi den 9. an 10.4. ofgehale goufen, a ganz knapps ausgaange waren.
- 23. Abrëll: D'sozialistesch-liberal Koalitiounsparteien ënner dem Premier Ferenc Gyurcsány ginn an Ungarn vun de Wieler am Amt confirméiert.
- 10. Mee: Den Giorgio Napolitano gëtt zum President vun der Republik Italie gewielt.
- 21. Mee: D'Majoritéit vun de Wieler am Montenegro stëmmt an engem Referendum fir en Opléise vun der Federatioun mat Serbien.
- 25. Mee: De Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker gëtt fir seng Verdéngschter ëm Europa mam Karlspräis ausgezeechent.
- 2./3. Juni: Parlamentswalen an der Tschechescher Republik.
- Montenegro deklaréiert sech onofhängeg. 3. Juni:
- 17. Juni: Parlamentswalen an der Slowakei.
- 29. Juni: Déi hollännesch Regierung Balkenende II. demissionéiert.
- : Zu 3. JuliValencia a Spuenien entgleist e Metro tëscht 2 Statiounen; op d'mannst 41 Leit kommen ëm d'Liewen.
- : De polnesche Ministerpresident 7. JuliKazimierz Marcinkiewicz demissionéiert. A seng Plaz kënnt de Jaroslaw Kaczynski, den Zwillingsbrudder vum Staatspresident Lech Kaczynski.
- 17. September: Bei de Parlamentswalen a Schweden gewënnt déi oppositionell Mëtt-Riets-Allianz mam Fredrik Reinfeldt un der Spëtzt mat enger knapser Majoritéit.
- 17. September: Zu Budapest ginn Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, nodeem bekannt gouf, datt de Premier Gyurcsány gesot hat, hien hätt d'Leit "moies, mëttes an owes" belunn, fir erëmgewielt ze ginn.
- : Bei de Parlamentswalen an 1. OktoberÉisträich kritt d'Regierungspartei vum Wolfgang Schüssel (ÖVP) 34,2 % vun de Stëmmen (-13 Sëtz), d'oppositionell SPÖ 35,7 % (-1 Sëtz), déi domat stäerkst Partei ass.
- 11. Oktober: Bei engem Zuchaccident zu Zoufftgen tëscht engem CFL-Zuch an engem franséische Gidderzuch komme 6 Leit ëm d'Liewen, 16 ginn der blesséiert.
- 29. Oktober: A Bulgarien gëtt de Staatspresident Georgi Parwanow erëmgewielt.
Afrika
änneren- 16. Januar A Liberia gëtt mat der Ellen Johnson-Sirleaf fir d'éischt an der Geschicht vum afrikanesche Kontinet eng Fra als gewielte Staatschefin vereedegt.
- : Beim Ënnergank vun der egyptescher Fär "Al-Salaam Bocaccio 98" am 3. FebruarRoude Mier erdrénken ëm déi 1.000 Leit.
- 15. November: De Joseph Kabila gewënnt d'Presidentschaftswalen an der Demokratescher Republik Kongo, déi éischt fräi zanter 40 Joer.
Amerika
änneren- : De 6. FebruarStephen Harper gëtt Premierminister a Kanada.
USA
änneren- : Bei de Kongresswalen (mid-term elections) gewannen d' 7. NovemberDemokraten d'Majoritéit souwuel am Representantenhaus wéi och am Senat.
Mëttel- a Südamerika
änneren- 15. Januar: D'Michelle Bachelet gëtt Presidentin am Chile.
- 22. Januar: Den Evo Morales gëtt als President vu Bolivien vereedegt.
- : Presidentschaftswalen a 2. JuliMexico. De Felipe Calderon gëtt de 6. Juli als Gewënner confirméiert.
- 28. Juli: Den Alan Garcia gëtt President am Peru.
- 31. Juli: Dem Fidel Castro säi Brudder Raúl iwwerhëlt zäitweileg deem seng Amtsgeschäfter a Kuba.
- 29. Oktober: De Luiz Inácio Lula da Silva gëtt als Staatspresident vu Brasilien erëmgewielt.
- : Den 7. NovemberDaniel Ortega gëtt President an Nicaragua.
- : Den 3. DezemberHugo Chavez gëtt a Venezuela als President erëmgewielt.
Asien
änneren- 16. Januar: D'Vullegripp an hirer fir de Mënsch geféierlecher Form H5N1 ass an der Tierkei ukomm. De lokale Bilan schwätzt vu véier Doudesaffer an op d'mannst 20 weider Persounen déi sech mam Virus infizéiert hunn.
- 27. Mee: Op der indoneesescher Insel Java komme bei engem Äerdbiewen op d'mannst 4.600 Leit ëm d'Liewen.
- 18. September: Onbluddege Militärputsch an Thailand, wéi de Premierminister Thaksin Shinawatra grad ausser Land war.
- 26. September: De Shinzō Abe gëtt Premierminister a Japan.
Ozeanien & Pazifik
ännerenNoen Osten an Arabesch Welt
änneren- : Den israeelesche Vizepremier 4. JanuarEhud Olmert iwwerhëlt d'AmtsgeschÄft vum Premier Ariel Sharon, nodeem deen en Hiereschlag kritt hat.
- 12. Januar: Zu Mekka kënnt et bei der Hadsch-Pilgerfaart zu enger Massepanik; iwwer 340 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 25. Januar: D'Extremisten-Organisatioun Hamas gewënnt d'Palestinensesch Parlamentswalen an erreecht d'absolut Majoritéit.
- Februar: Déi vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten am September 2005 publizéiert Mohammed-Karikature léise mat Verspéidung massiv Protester an Iwwerfäll op Europäesch Ambassaden a verschiddene Länner am Noen Osten an an Asien aus.
- 12. Juli: Nodeem d'Hezbollah 2 israeelesch Zaldoten entfouert an der 8 doutgemaach huet, fänkt Israel mat Attacken op de Süde vum Libanon un (kuckt: Israel-Libanon-Konflikt).
- 14. August: UN-Waffestëllstand am Israel-Libanon-Konflikt.
Ekonomie
änneren- 27. Januar: Dee vun der Produktioun hier weltgréisste Stolkonzern Mittal Steel Company NV annoncéiert, d'Arcelor wëllen opzekafen.
- 26. Mee: D'Arcelor annoncéiert hir Fusioun mat der russescher Severstal, fir d'OPA vu Mittal ofzeblocken.
- 25. Juni: D'Arcelor a Mittal Steel gi sech schlussendlech iwwer eng Fusioun eens. D'Entreprise soll Arcelor Mittal heeschen.
Konscht a Kultur
änneren- : De 1. JuliMusée d'Art Moderne Grand-Duc Jean mécht seng Dieren op.
Molerei
ännerenLiteratur
änneren- Servais-Präis fir de Guy Rewenig fir säi Buch Passt die Maus ins Schneckenhaus?
- 1. Präis (Kategorie: Theater) am Nationale Literaturconcours fir dem Guy Wagner säi Stéck D'Enn, mäi Frënd
Musek
änneren- 18. Mee–20. Mee: D'Rockgrupp Lordi gewënnt fir Finnland mam Lidd Hard Rock Hallelujah den 51. Eurovision Song Contest zu Athen.
- 25. Juni: De Rock-A-Field Festival ass eng éischt Kéier.
Film
änneren- César fir de beschte Film: De battre mon coeur s'est arrêté vum Jacques Audiard.
- Oscar fir de beschte Film: Crash vum Paul Haggis (kuckt och: 78. Oscar-Iwwerreechung).
- Gëlle Palm vum Filmfestival vu Cannes: The wind that shakes the Barley vum Ken Loach.
- Your Name Is Justine gëtt als Lëtzebuerger Nominatioun fir den Oscar disqualifizéiert.
- : Première vun 8. SeptemberDeepfrozen vum Andy Bausch
- 13. Oktober: Première vu Perl oder Pica vum Pol Cruchten.
Wëssenschaft an Technik
änneren- 26. Mee: Zu Berlin gëtt mam Hauptbahnhof déi gréisst Gare vun Europa ageweit.
- 22. August: De Grigori Perelman kritt d'Fields Medal vun der Clay Mathematics Institute dofir, datt en d'Konjektur vum Poincaré bewisen huet. Hien hëlt d'Medail awer net un.
- 24. August: D'International Astronomesch Unioun definéiert op hirer 26. Generalversammlung, wat e Planéit ass. Doduerch gëtt de Pluto zum "Zwergplanéit" degradéiert.
Sport
änneren- Den F91 Diddeleng gewënnt d'Foussballchampionat an d'Coupe de Luxembourg.
- 10. Februar: Zu Turin fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- : Déi 1. Mäerzlëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Belsch.[1]
- 27. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Freiburg im Breisgau 0:7 géint Däitschland.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 3. JuniMetz 0:3 géint Portugal.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint d'Ukrain. 8. Juni[4]
- - 9. Juni9. Juli: Déi 18. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft gëtt an Däitschland ausgedroen. Déi italieenesch Ekipp gewënnt d'Finall géint déi franséisch no Eelefmeter-Schéisse mat 5:3.
- 23. Juli: De Floyd Landis gewënnt den Tour de France 2006, gëtt awer schonn e puer Deeg drop wéinst Doping disqualifizéiert.
- 16. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint d'Tierkei.[5]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d' 2. SeptemberFoussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Holland.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu 6. SeptemberHesper 0:0 géint Lettland.[7]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 7. OktoberCelje, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Slowenien.[8]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Bulgarien.[9]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Togo.[10]
Gebuer
ännerenGestuerwen
änneren- Henri Heyart, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer. ?:
- : 1. JanuarSusan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
- : 2. JanuarArlette Gruss, franséisch Zirkusdirektesch.
- François Terrasson, franséischen Auteur an Naturalist. 2. Januar:
- : 9. JanuarJean Bourdelle, franséische Journalist, Schrëftsteller an Ekologist.
- 12. Januar: Nic May, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 14. Januar: Shelley Winters, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Januar: Anthony Franciosa, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Januar: Wilson Pickett, US-amerikanesche Soulkomponist a -sänger.
- 25. Januar: Luc Bonblet, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. Januar: Johannes Rau, däitsche Politiker a Bundespresident.
- : 3. FebruarMarquard Bohm, däitsche Schauspiller.
- Walerian Borowczyk, polnesche Filmregisseur. 3. Februar:
- : 6. FebruarGeorges Lycan, franséische Schauspiller.
- 14. Februar: Darry Cowl, franséische Schauspiller.
- 19. Februar: Guy Theisen, lëtzebuergesche Museker.
- 26. Februar: Ferdinand Gilson, franséischen Zaldot.
- : 5. MäerzMilan Babić, serbesche Politiker.
- : 8. MäerzCarlo Hommel, lëtzebuergeschen Organist.
- 10. Mäerz: Jim Hoffstetter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Sportsjournalist.
- 11. Mäerz: Slobodan Milosevic, jugoslawesch-serbesche Politiker.
- 14. Mäerz: Lennart Meri, estesche Schrëftsteller, Filmregisseur a Politiker.
- 18. Mäerz: Channing Pollock, US-amerikanesche Schauspiller an Zauberkënschtler.
- 20. Mäerz: Nicolas Birtz, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 25. Mäerz: Richard Fleischer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 25. Mäerz: Tom Toelle, däitsche Filmregisseur.
- 16. Abrëll: Schnuckenack Reinhardt, däitschen Jazz-Geiist.
- 22. Abrëll: Alida Valli, italieenesch Schauspillerin.
- 23. Abrëll: Boris Fraenkel, polnesch-franséische politeschen Denker.
- 24. Abrëll: Erik Bergman, finnesche Komponist.
- 29. Abrëll: John Kenneth Galbraith, US-amerikaneschen Ekonomist.
- 30. Abrëll: Jean-François Revel, franséische Philosoph, Schrëftsteller a Journalist.
- 10. Mee: Val Guest, englesche Filmproduzent a -regisseur.
- 17. Mee: Eugène Heinen, lëtzebuergesche Pedagog, Theaterregisseur a Schauspiller.
- 21. Mee: Roger Linster, lëtzebuergesche Pedagog, Politiker an Diplomat.
- 24. Mee: Claude Piéplu, franséische Schauspiller.
- 30. Mee: Shōhei Imamura, japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 9. JuniDrafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Museksproduzent.
- 12. Juni: György Ligeti, ungaresch-éisträichesche Komponist.
- 14. Juni: Jean Roba, belsche Comic-Zeechner (Boule et Bill).
- 15. Juni: Raymond Devos, belsche Sprooch-Komiker.
- 30. Juni: Robert Gernhardt, däitsche Schrëftsteller, Dichter, Zeechner a Satiriker.
- : 7. JuliRudi Carrell, hollänneschen Entertainer.
- : 8. JuliJune Allyson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. Juli: Senne Rouffaer, belsche Schauspiller a Regisseur.
- 20. Juli: Gérard Oury, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 23. Juli: Franz Josef Gottlieb, éisträichesche Filmregisseur.
- 25. Juli: Karin Hübner, däitsch Schauspillerin.
- 29. Juli: Pierre Vidal-Naquet, franséischen Historiker.
- 30. Juli: Mylène Bergami, lëtzebuergesch Molerin.
- : 3. AugustElisabeth Schwarzkopf, däitsch-brittesch Operen- a Liedsängerin.
- : 9. AugustJames Van Allen, US-amerikaneschen Astrophysiker a Raumfaartpionéier.
- 16. August: Alfredo Stroessner, fréiere Staatspresident vu Paraguay.
- 25. August: Jean-Pierre Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. August: Glenn Ford, kanadesche Schauspiller.
- 30. August: Naguib Mahfouz, egyptesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 31. August: Edy Hein, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. September: Taufa'ahau Tupou IV., Kinnek vun Tonga.
- 15. September: Oriana Fallaci, italieenesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 19. September: Pierre Bergem, lëtzebuergeschen Offizéier a Kënschtler.
- 20. September: Sven Nykvist, schweedesche Kameramann.
- : 1. OktoberAndré Viger, kanadesche Rennrollstullfuerer.
- : 4. OktoberNorbert Franck, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
- 11. Oktober: Alexandre Marius Dées de Sterio, lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser.
- 12. Oktober: Angelika Machinek, däitsch Seegelfligerpilotin.
- 16. Oktober: Trebisonda Valla, italieenesch Liichtathleetin.
- 17. Oktober: Daniel Emilfork, franséische Schauspiller.
- 23. Oktober: Todd Skinner, US-amerikanesche Freeclimber.
- 28. Oktober: Tina Aumont, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 31. Oktober: Pieter Willem Botha, südafrikanesche Politiker, President vun 1984 bis 1989.
- : 5. NovemberBülent Ecevit, tierkesche Politiker, Premierminister tëscht 1974 an 2002.
- : 7. NovemberJean-Jacques Servan-Schreiber, franséische Journalist a Politiker.
- 10. November: Jack Palance, ukrainesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. November: Anicée Alvina, franséisch-iranesch Schauspillerin.
- 15. November: Ana Carolina Reston Macan, brasilianesche Mannequin.
- 16. November: Milton Friedman, US-amerikaneschen Ekonomist an Nobelpräisdréier.
- 17. November: Ferenc Puskás, ungaresche Foussballspiller an -trainer.
- 18. November: Joachim Höppner, däitsche Schauspiller, Regisseur a Synchronspriecher.
- 19. November: Jeremy Slate, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. November: Robert Altman, amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
- 23. November: Alexander Walterowitsch Litwinenko, Läitnant-Colonel am russesche Geheimdéngscht.
- 23. November: Philippe Noiret, franséische Schauspiller.
- 28. November: Roger Bertemes, lëtzebuergesche Moler.
- : 1. DezemberAli Khan Samsudin, malaysesche "Schlaangemënsch".
- Claude Jade, franséisch Schauspillerin. 1. Dezember:
- : 3. DezemberGeorgette Beljon, lëtzebuergesch Sculptrice, Molerin, Philologin a Philosophin.
- 10. Dezember: Augusto Pinochet, chileenesche Generol an Diktator.
- 11. Dezember: Elisabeth Müller, Schwäizer Schauspillerin.
- 13. Dezember: Loyola de Palacio, spuenesch Politikerin.
- 18. Dezember: Joseph Barbera, US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
- 21. Dezember: Saparmurad Nijasow, President vun Turkmenistan (Turkmenbashi).
- 25. Dezember: James Brown, US-amerikanesche Sänger.
- 26. Dezember: Gerald R. Ford, US-amerikanesche Politiker (38. President vun de Vereenegte Staaten)
- 26. Dezember: Guy Delorme, franséische Cascadeur a Schauspiller.
- 27. Dezember: Mathias Berns, lëtzebuergeschen Agronom a Politiker.
- 30. Dezember: Saddam Hussein, irakesche Politiker a President (exekutéiert).
Um Spaweck
ännerenCommons: 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Mäerz 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg de 27. Mee 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 3. Juni 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ukrain den 8. Juni 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei de 16. August 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 2. September 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland de 6. September 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Slowenien-Lëtzebuerg de 7. Oktober 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 11. Oktober 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Togo de 15. November 2006 op der Websäit vun European Football.info