Als Aphel oder Apsis, Plural Apsiden) bezeechent een déi zwéin Haaptscheeter op der (bal) elliptescher Ëmlafbunn vun engem Himmelskierper. D'Apoapsis ass dobäi de Punkt mat der gréisster Distanz zum Haaptkierper an de Perihel oder Periapsis dee mat der mannster Distanz. Well d'Ellips genee zwéin Haaptscheeter huet, gëtt de Begrëff meeschtens am Plural gebraucht.

Vu wou kommen d'Begrëffer an d'Wierder hir ? änneren

Apsis ass dat griichescht Wuert fir „Knupp, Bou“ a leet sech vum Begrëff Apsis an der Architektur of, apo- a peri- sinn déi griichesch Virsilbe fir „wäit“ an „no“.

Fir d'Haaptkierper Sonn, Äerd, Äerdmound a Stären hunn d'Apsiden eegen Nimm, déi vun den entspriechende griicheschen ofgeleet sinn:

De Perizentrum an den Apozentrum (lat. centrumAchspunkt“) bezeechnen dobäi speziell Punkten an engem Méikierper-System a bezéie sech op de Baryzentrum.

Wann an engem allgemeng himmelsmechaneschen Zesummenhang vun den Apside vun enger Bunn rieds geet, ouni datt e bestëmmten Zentralkierper spezifizéiert soll ginn, da kënne s'och als Perizentrum an Apozentrum, awer och als Perifokus an Apofokus (lat. focusBrennpunkt“) bezeechent ginn.

Den Ofstand tëscht System-Schwéierpunkt an Apsis ass d'Apsisdistanz (Apsidendistanz), oder Apsisofstand, also Periheldistanz (Perihelofstand, dacks och kuerz nëmmen „Perihel“), Apheldistanz (Aphelofstand, „Aphel“), Perizentrumsdistanz u. s. w.

Ze beuechten ass, datt „Periapsisdistanz“ („Periapsisofstand“) munnechmol och als Bunnelement de Wénkel Argument vun der Periapsis bezeechent.

D'Verbindungslinn vun de béiden Apsiden ass d'Apsidelinn.

Exzentrizitéit an Apsisdistanz änneren

Den Zesummenhang tëscht numerescher Exzentrizitéit an den Apsisdistanzen ass

 

Sonn: Perihel an Aphel änneren

De Perihel ass de sonnennoosten, den Aphel de sonnewäitste Punkt vun enger Planéitebunn. D'Äerd huet hire Perihel-Duerchgank ëm den 3. Januar (2.–4. Jan.) bei 147,099 Mio. km an hiren Aphel-Duerchgank ëm de 5. Juli (3.–6. Juli) bei 152,096 Mio. km.

Distanz vun de Planéiten an Zwergplanéiten zu der Sonn an astronomeschen Eenheeten a Kilometer:

Himmelskierper Perihel Aphel
Merkur 0,306 AE 45,9 Mio. km 0,4667 AE 69,7 Mio. km
Venus 0,718 AE 107,4 Mio. km 0,728 AE 109 Mio. km
Äerd 0,9833 AE 147,1 Mio. km 1,0167 AE 152,1 Mio. km
Mars 1,381 AE 206,7 Mio. km 1,666 AE 249,1 Mio. km
Ceres 2,544 AE 380,5 Mio. km 2,987 AE 446,8 Mio. km
Jupiter 4,951 AE 740,9 Mio. km 5,454 AE 815,7 Mio. km
Saturn 9,008 AE 1.347 Mio. km 10,069 AE 1.507 Mio. km
Uranus 18,275 AE 2.735 Mio. km 20,088 AE 3.004 Mio. km
Neptun 29,800 AE 4.456 Mio. km 30,316 AE 4.537 Mio. km
Pluto 29,58 AE 4.425 Mio. km 49,19 AE 7.375 Mio. km
Eris 37,845 AE 5.662 Mio. km 97,545 AE 14.593 Mio. km

Planéite si wäiss, Zwergplanéite si gro hannerluecht.

Kuckt och änneren