Den Napoleon Bonaparte (eigentlech Napoleone Buonaparte[1], korsesch och Nabulione), 15. August 1769 - 5. Mee 1821, war e Generol vun der Revolutioun an huet Frankräich zanter 1799 dirigéiert, fir d'éischt als Éischte Konsul, respektiv als Konsul op Liewenszäit, an dunn, vun 1804 bis 1815, als Keeser vun de Fransousen. Hien huet, am Kontext vun de Koalitiounskricher géint Frankräich, duerch säi militäresche Genie ee groussen Deel vum kontinentalen Europa ënnerworf an ënner der Leedung vu Frankräich nei organiséiert. Dobäi huet en zu engem gudden Deel op seng Geschwëster zeréckgegraff, fir d'Tréin vun enger Rëtsch vu Länner nei ze besetzen.

Napoleon I.
Titelen
Virgänger Louis XVI.
Nofollger Louis XVIII.
Biographie
Gebuer 15. August 1769
Ajaccio
Gestuerwen 5. Mee 1821
Longwood House
Bestuet mat Joséphine de Beauharnais,
Marie-Louise vun Éisträich
Liewenspartner Maria Walewska, Pauline Fourès, Emilie Kraus von Wolfsberg
Papp Carlo Buonaparte
Mamm Laetitia Ramolino
Geschwëster Elisa Bonaparte, Louis Bonaparte, Caroline Bonaparte, Paolina Bonaparte, Joseph Bonaparte, Lucien Bonaparte, Jérôme Bonaparte
Kanner Napoleon II., Charles Léon, Alexandre Colonna Walewski, Eugen Megerle von Mühlfeld

Säi Spëtznumm bei sengen Zaldote war le petit caporal, d'Englänner hunn en Oger genannt, an am Département des Forêts war de Bonaparte als Bounepaart bekannt, een Numm dee besonnesch fir d'Goldmënz mat sengem Kapp gebraucht gouf.

Jugend a Karriär an der Arméi änneren

 
Gebuertshaus vum Napoleon zu Ajaccio

Den Napoleon Bonaparte ass zu Ajaccio op der Insel Korsika op d'Welt komm, kuerz nodeem d'Republik Genua 1768 de Fransousen d'Insel ofgetrueden hat. Seng Famill war aus dem klenge korseschen Adel, deen dunn an de franséischen Adel integréiert gouf, an dat erkläert firwat den Napoleon, grad wéi och deen een oder anere vu senge Bridder, a kinnekleche Militärschoulen (Brienne, Autun...) am kontinentale Frankräich studéiere konnt.

Uganks ass sech den Napoleon Bonaparte, deemools nëmmen néng Joer al, um Kontinent zimmlech friem virkomm. Hie war ee gudde Schüler, besonnesch an der Mathematik, mee hie gouf wéinst sengem Accent vu senge Kamerode gehänselt an huet no Korsika an no senger Famill verlaangert. Hien huet schliisslech d'Artillerie als Spezialitéit gewielt. 1787 gouf hie Lieutenant en second zu Valence (haut am Departement Drôme). Wéi d'Revolutioun 1789 ausgebrach ass, war hie grad am Congé doheem zu Ajaccio. Hien huet dee Moment d'Paolisten ënnerstëtzt, déi versicht hunn, eng onofhängeg konstitutionell Monarchie nom Virbild vun England opzebauen. Zeréck um Kontinent gouf den Napoleon Bonaparte 1792 Offizéier an der Garde nationale. Mä d'Hiriichtung vum Kinnek Louis XVI. huet alles op d'Kopp geheit. Et koum zum Biergerkrich, an d'Famill Bonaparte huet, wéinst de chaotesche Verhältnesser a Korsika, d'Insel musse verloosse, fir sech um Kontinent a Sécherheet ze bréngen. Den Napoleon Bonaparte huet dee Moment d'Revolutioun ënnerstëtzt (hie war iwwregens mam Brudder vum Maximilien de Robespierre befrënnt) a gouf 1793 als Artilleriecapitaine op Toulon geschéckt, dat sech den Englänner erginn hat. De Plang, deen hien dem Dugommier ënnerbreet huet, huet et de Revolutiounstruppen erlaabt, de Royalisten an den Englänner d'Hafestad nees ofzehuelen, an den Napoleon Bonaparte gouf zum Generol befërdert. Wéinst senge relativ enke Relatioune mat de Jakobiner, koum den Napoleon Bonaparte, no der Chute vum Robespierre (9. Thermidor Joer II), kuerzzäiteg an de Prisong.

Nodeem den Napoleon Bonaparte nees op fräiem Fouss war, krut hien, duerch d'Hëllef vum Barras, en neit Kommando zu Paräis, wou en dunn ee royalisteschen Opstand géint de Regime vun der Konventioun am Joer 1795 néierschloe konnt.

Duerch säi klore Verstand a seng Capacitéit, dat Essentiellt vu militäreschem Wësse séier z'absorbéieren, huet hien de verstäerkten Asaz vun der Artillerie als Ënnerstëtzung vun der Infanterie agefouert. Als Commandant en Chef vun der Italien-Arméi, huet hien d'Éisträicher e puermol geschloen. Wärend dësem Feldzuch huet den Napoleon (wéi all Genereel vun der Revolutioun) den éischten Telekommunikatiounssystem benotzt, de Chappe-Telegraph. Éisträich huet misse kapituléieren, an et koum zum Traité vu Campo-Formio (1797). Duerch deen Traité hunn d'Éisträicher, ë. a., offiziell op déi südlech Nidderlanden zu Gonschte vu Frankräich verzicht, deemno och op d'Herzogtum Lëtzebuerg, dat souwisou scho 1794 vu Frankräich besat gi war a 1795 gréistendeels zum Département des Forêts ëmgebilt gi war.

Egyptesch Campagne änneren

Am Joer 1798 huet de Regime vum Directoire sech lues a lues Suerge wéinst der Popularitéit vum Generol Napoleon Bonaparte gemaach. Dofir huet en decidéiert, hie wäit ewech vu Paräis an Egypten ze schécken, fir do den Englänner de kuerze Wee an hir indesch Kolonien ze spären. Als Jong vum Zäitalter vun der Opklärung huet den Napoleon awer och eng ganz Rei vu Wëssenschaftler a Kënschtler op déi Expeditioun matgeholl, an dat erkläert firwat et kuerz duerno zu enger wëssenschaftlecher Egyptologie komme konnt. Zu den Entdeckungen zielt de Stee vu Rosetta, mat deem d'Hieroglyphen konnten entschësselt ginn. D'Campagne a Syrien gouf duerch d'Pescht verhënnert an huet missen ofgebrach ginn; an d'franséisch Flott gouf bal komplett virun Abukir an Egypte vun den Englänner ënner dem Nelson zerstéiert.

De Generol N. Bonaparte, dee sech stänneg och Suergen ëm d'politesch Situatioun a Frankräich gemaach huet, huet dunn de Kommando vun der Egypten-Arméi un de Kléber ofginn, an ass zeréck a Frankräich geseegelt. Dem Kléber seng Arméi, allerdéngs, huet den 31. August 1801 misse kapituléieren, nodeem 13.500 vu sengen Zaldote gefall waren, an en huet sech op de Wee fir a Frankräich gemmach.

An Europa koum et dee Moment zu enger neier Koalitioun géint Frankräich, an d'Royalisten hunn op en Neits een Opstand versicht. De Generol Bonaparte huet, mat Ënnerstëtzung vu Kreesser, déi nees Uerdnung am Land wollten, d'Muecht mam Staatsstreech vum 18. a 19. Brumaire u sech gerappt, wat zu engem neie Regime gefouert huet, dem Consulat, an deem de Bonaparte Éischte Konsul (vun dräi) gouf, e wéineg méi spéit, Consul à vie mam Recht, säin Nofollger ze bestëmmen. De Prinzip vun enger neier Monarchie huet sech um Horizont profiléiert...

Vum Konsul zum Keeser änneren

De Bonaparte huet eng ganz Rei vu wichtege Reformen am Schoulwiesen (Lycéen, spéider d'Universitéit), an der Justiz, an de Finanzen (Steierwiesen, Banque de France an de franc germinal, deem säi Wäert bis 1914 konstant blouf) an an der Verwaltung duerchgesat, Reformen, déi bis haut weiderliewen, och a Länner oder Gebidder, déi deemools zu Frankräich gehéiert hunn oder ënner franséischem Afloss stoungen. Seng gesammelt zivil Gesetzer, déi ë. a. vum Cambacérès verfaasst goufen, sinn als Code Napoléon 1804 an d'Geschicht agaangen. Dëse Code civil huet d'Synthees vun all deem gemaach, wat fir positiv befonnt gouf, souwuel an den Traditioune vum Ancien Régime wéi an de Prinzipien a Gesetzer vun der revolutionärer Ära. Dee Code civil ass bis haut d'Basis vum Zivilrecht a Frankräich, an der Schwäiz, an der Belsch, zu Lëtzebuerg...

De Bonaparte huet, als Meeschter vum Konsulat, och fir Fridden um reliéise Plang gesuergt. Zanter der Nationaliséierung vun de Kierchegidder an der éischter Phas vun der Revolutioun, waren d'Fransousen ideologesch nämlech an zwee Lager gespléckt. Fir d'Situatioun ze berouegen huet de Bonaparte dem Poopst Pius VII. de Konkordat vun 1801 opgezwongen, an deem de Katholizismus nach just als Relioun vun der Majoritéit vun de Fransousen unerkannt gouf - a bewosst net als Staatsrelioun, wéi de Poopst et gär gehat hätt - , mä an deem och festgehal gouf, datt déi héich Geeschtlech hir Nominatioun wuel nach vum Poopst kriten, mä net ouni Awëllegung vum Staat. Iwwerhaapt sollten déi Geeschtlech vum Staat kontrolléiert, awer och bezuelt ginn - ee Regime, deen a Frankräich bis 1905 gedauert huet (Trennung vu Kierch a Staat), an zu Lëtzebuerg bis 2016. De Bonaparte huet natierlech déi verschidde reliéis Minoritéiten net vergiess, a sou goufen och d'Protestanten definitiv als gläichberechtegt Bierger unerkannt, deenen hir Paschtéier och vum Staat finanzéiert goufen; a mat der Zäit ass och de Statut vun de Judde gereegelt ginn.

Wéi de Bonaparte am Kader vum Konsulat bis un der Muecht war, wollt hien am Fong soss näischt, wéi ee Schlussstréch ënner d'Revolutioun zéien, a Frankräich a sengen neie Grenzen zur Rou bréngen a verwalten. Mä verschidden europäesch Muechten, virop England an Éisträich, déi ni acceptéiert hunn, datt d'Monarchie a Frankräich gestierzt gi war an datt d'Land mëttlerweil um europäesche Kontinent eng hegemonial Politik bedreiwe konnt, hunn ëmmer nees versicht Allianze géint Frankräich opzestellen. Dofir huet de Konsul Bonaparte net gezéckt, fir souwuel d'Éisträicher wéi d'Englänner militäresch ze klappen, an duerno den Traité vu Lunéville (1801) mat Éisträich a den Traité vun Amiens (1802) mat England z'ënnerschreiwen. Domat war Fridden an Europa, mä leider nëmme provisoresch, well d'Hegemonialmuecht Frankräich nach ëmmer net acceptéiert gouf, a besonnesch England, dat als Inselstaat net sou liicht an d'Knéien ze zwénge war, huet sech un allen zukënftegen Allianzen ("Koalitiounen") géint Frankräich bedeelegt.

 
Den Napoleon um Keesertroun

Well d'Revolutioun d'Sklaverei ouni eescht Virbereedung ofgeschaaft hat, koum et an de franséische Karibikkolonien zu onméiglechen Zoustänn. Déi fréier Sklaven, déi sech iwwerlooss waren, hu geraubt a randaléiert, an an der Kolonie Saint-Domingue gouf d'Onofhängegkeet ausgeruff. Dofir huet de Konsulat eng Arméi ënner dem Capitaine général Leclerc an d'Karibik geschéckt, fir d'Uerdnung nees hierzestellen. No e puer Succèsen, sou wéi d'Arrestatioun vum Fräiheetskämfer Toussaint Louverture († 7. Abrëll 1803 am Fort de Joux), gouf d'Arméi, déi d'Metropol ausgeschéckt hat, allerdéngs vum Gielféiwer deziméiert. Kuerz duerno huet de Konsulat déi riseg Louisiane (net ze verwiesselen mam haitege Gliddstaat Louisiana) un d'USA verkaaft.

De 24. Dezember 1800 sollt eng "machine infernale", deemno eng Bomm, an der rue Saint-Nicaise de Bonaparte aus der Welt schafe. Mä d'Bomm goung réischt lass, wéi dem Éischte Konsul seng Kutsch scho laanscht gefuer war, an dem Bonaparte ass näischt geschitt. Op der Plaz selwer goufen allerdéngs eng 10 Doudeger gezielt. De Fouché, zu där Zäit Minister vun der Police, huet genuch Beweiser fonnt, fir de Royalisten d'Attentat unzehänken, obwuel de Bonaparte selwer iwwerzeegt war, datt et e Wierk vun de Jakobiner war. Wéinst der royalistescher Oppositioun, huet de Bonaparte sech gezwonge gesinn, en eendeitegt Beispill ze statuéieren. Dofir huet hien den Duc d'Enghien, eng Haaptfigur vun der royalistescher Oppositioun, déi sech am däitsche Staat Baden exiléiert hat, entféieren an, no engem total onfaire Prozess, zu Vincennes hiriichte gelooss, wat him den europäeschen Adel ni verzeie konnt.

1802 huet hien, ë. a. op Rot vu senger Fra Joséphine de Beauharnais, déi op der Insel Martinique gebuer an opgewuess war, d'Sklaverei an de franséische Kolonien nees ageféiert, engersäits fir nees Uerdnung do ze hunn, an anerersäits fir den Interesse vun de Plantagebesëtzer a vun der franséischer Wirtschaft gerecht ze ginn. D'Sklaverei an de franséische Gebidder gouf definitiv réischt 1848 ofgeschaaft (an den USA, z. B. , réischt 1863).

Nodeem den Napoleon säin Afloss op d'Schwäiz an op Däitschland (vgl. "Rhäinbond"!) ausgebreet hat, hunn d'Englänner e Sträit ëm Malta, dat eigentlech dem Malteeseruerde gehéiert huet, als neie Pretext benotzt, fir Frankräich 1803 nees de Krich z'erklären.

Den 2. Dezember 1804 huet de Bonaparte sech an der Kathedral Notre-Dame vu Paräis, a Presenz vum Poopst Pius VII., selwer zum Keeser vun de Fransouse gekréint. Wéi hie selwer sot, huet en sech net als Nofollger vun de Kinneke vu Frankräich betruecht, mee als Nofollger vum Keeser Karel dem Groussen. Dofir huet en och net Reims als Kréinungsuert gewielt, mä d'Haaptstad vu Frankräich.

Den Napoleon war iwwerzeegt, datt e laangfristege Fridden nëmme kéint erreecht ginn, wa Groussbritannien neutraliséiert wier, a sou huet hie mam Admiral Latouche-Tréville un engem Plang fir eng Invasioun vun England geschafft. Dës Initiativ goung awer séier op en Enn, nodeem den Admiral Nelson an der Schluecht vun Trafalgar (viru Cadix) déi franséisch-spuenesch Flott ënner dem Villeneuve geschloen hat. Vun deem Moment un huet England d'Weltmierer wärend dem ganzen 19. Joerhonnert dominéiert.

1805 koum et zu enger drëtter Koalitioun géint Frankräich. Den Napoleon huet decidéiert z'attackéieren, an huet d'Éisträicher an d'Russen an der Schluecht vun Austerlitz, den 2. Dezember 1805 geklappt. 1806 huet en och nach d'Preisen an der Schluecht vu Jena geschloen. Den Napoleon ass dunn duerch déi fréier polnesch Gebidder marschéiert an huet mam Zar Alexander I. en Traité ënnerschriwwen, deen Europa tëscht hinnen quasi an zwee Aflossgebidder gedeelt huet. Den Napoleon huet iwwregens an deem Kontext nees e fräit Polen, ënner dem Numm Groussherzogtum vu Warschau, hiergestallt.

Campagnë vu Spuenien, Éisträich a Russland änneren

 
Napoleon

Nodeem den Napoleon gesouch, wéi d'Englänner mat de franséischen Handelsschëffer emgounge, mam Zil de Kolonialhandel vu Frankräich futti ze maachen, huet hie probéiert eng Kontinentalspär (blocus continental) géint d'Britten op d'Been ze stellen, fir dem Handel an der Industrie vum Vereenegte Kinnekräich ze schiedegen. Hien huet Spuenien eruewert a säi grousse Brudder Joseph do op den Troun gesat. Eng Partie vun der spuenescher Bevëlkerung, opgehetzt duerch Paschtéier, huet ee reegelrechte Guerillakrich géint d'Fransouse geféiert. D'Britten, déi iwwer Portugal koumen, sinn 1808 a Spuenien agedrong an hunn d'franséisch Besetzer verdriwwen. Wärend déi bescht franséisch Truppen a Spuenien hungen, huet Éisträich dovu profitéiert, fir d'Fransousen an Däitschland unzegräifen. D'Éisträicher goufen awer an der Schluecht vu Wagram (1811) definitiv geschloen.

Den Zar Alexander, dee vum pro-brittesche russeschen Adel a vun der Handelsbourgeoisie ënner Drock gesat gouf, huet refuséiert mam Napoleon ze kooperéieren, wéi et drëms goung, d'Blokad géint England z'ënnerstëtzen an domat dem Vereenegte Kinnkräich den Doudesstouss ze versetzen. Also ass den Napoleon 1812 géint Russland lassmarschéiert. D'Russen, ënner dem Kutusow, hunn no der Taktik vun der verbrannter Äerd gekämft an hunn sech deemno ëmmer nes virun der Grande Armée zeréckgezunn. D'Schluecht vu Borodino, den 12. September 1812, hat kee klore Gewënner: wann d'Russen de Fransousen d'Feld hu missen iwwerloossen, sou haten dach béid Säite grouss Verloschter.

Een Dag nodeem sech déi franséisch Truppen zu Moskau néiergelooss haten, hunn d'Russen d'Stad a Brand gestach an den Napoleon, matzen am Wanter, zum Réckzuch gezwongen. Et gouf e ganz schwéiere Réckzuch, mat riesege Verloschter, duerch déi polnesch an däitsch Gebidder zeréck a Frankräich. Vun de 500.000 Männer, déi un der Campagne deelgeholl haten, sinn der nëmmen e puer Zéngdausend iwwer de gefruerene Floss Beresina komm. Dës Nidderlag huet villen aneren europäesche Kinneksheiser Mutt gemaach, a si hunn nees zu de Waffe géint den Napoleon gegraff, deen 1813 d'Schluecht vu Leipzig, och Vëlkerschluecht genannt, verluer huet. De Russlandfeldzuch war ganz kloer den Ufank vum Enn vum Napoleon senger Aventure.

D'franséisch Campagne änneren

 
D'Villa dei Muline zu Portoferraio op Elba, wou den Napoleon a senger Verbannung residéiert huet. Haut e Musée

1814 koum et dunn op en Neits zu enger Koalitioun tëscht Groussbritannien, Russland, Preisen an Éisträich. Obwuel den Napoleon nach eng Rei Victoiren dovundroe konnt, huet et sech terribel negativ ausgewierkt, datt hien elo un der Spëtz vun enger neier a jonker Arméi war, där et natierlech un Erfarung gefeelt huet. Paräis ass den 31. Mäerz 1814 vun den Alliéieren ageholl ginn, an d'Maréchaux d'Empire hunn den Napoleon, dee sech dee Moment am Schlass vu Fontainebleau opgehalen huet, dozou iwwerriet, ofzedanken.

An der Nuecht vum 12. op den 13. Abrëll huet den Napoleon Gëft geholl, fir sech ëmzebréngen, mä entweeder huet säi Mo rebelléiert, oder d'Gëft huet net gewierkt. Wéi och ëmmer, den Napoleon huet iwwerlieft.

Am Traité vu Fontainebleau gouf d'Insel Elba als säin Exil designéiert. Hien huet zwar de Keesertitel dierfe behalen, mä hien huet nëmme méi iwwer dës kleng Insel virun der toskanescher Küst regéiert.

D'Cent-Jours änneren

A Frankräich ass de Louis XVIII., Brudder vum Louis XVI. an nächste legitimen Troufolger, un der Spëtz vum Land "restauréiert" ginn. Dem Napoleon säin Ierwen, den Napoleon II., ass natierlech nëmme vun de Bonapartisten unerkannt ginn, mee net vun den europäesche Muechten (inklusiv dat "restauréiert" Frankräich), déi just virdrunn, am Kader vum Wiener Kongress (1814/15), décidéiert haten, wéi ë. a. Frankräich souwäit wéi méiglech a sengen ale Limitte "restauréiert" géif ginn. De jonke Roi de Rome gouf deemno écartéiert an do "vergiess", wou seng Mamm, d'Marie-Louise vun Éisträich, sech mat him rerett hat: zu Wien, wou en dunn 1832 mat eenanzwanzeg Joer stierwe sollt. Well déi nei franséisch Regierung no enger kuerzer Zäit refuséiert huet, dem Napoleon seng versprache Pensioun auszebezuelen, well eeschtzehuele Rumeure vun engem fir d'europäesch Muechte méi sécheren Exil, wäit ewech op enger Insel am Südatlantik, geschwat hunn, a well den Napoleon stänneg Informatiounen aus Frankräich krut, no deenen d'Vollek net besonnesch frou mat den neie royalisteschen Autoritéite wier, huet den Napoleon am Mäerz 1815 onopfälleg Elba op engem Schëff a mat enger klenger Trupp verlooss, fir bei Juan-les-Pins u Land ze goen. Vun do aus ass en iwwer Grenoble op Paräis marschéiert. Déi prinzipiell kinnekstrei Truppen, déi vum Louis XVIII. geschéckt gi ware, fir hie festzehuelen, hu sech, wéi se bis virun hirem fréiere Keeser stoungen, desëm mat groussem Enthusiasmus ugeschloss, an den Napoleon huet sech nees zu Paräis am Palais des Tuileries néiergelooss (de Louis XVIII. war Hals iwwer Kapp op Gent geflücht).

Dës Period, déi schliesslech knapps méi wéi honnert Deeg gedauert huet, ass ënner dem Numm les Cent-Jours an d'Geschicht agaangen. Den Napoleon hat nämlech direkt nees ganz Europa géint sech, an trotz quasi-liberale Reformen am Land an e puer militäresch Erfollger géint déi alliéiert Arméien, konnt hie sech net desisiv behaapten: seng Arméi gouf schlussendlech an der Schluecht vu Waterloo (südlech vu Bréissel), den 18. Juni 1815, geschloen, an dës Nidderlag war dat definitiivt Enn vum Premier Empire.

Sankt-Helena an den Napoleon-Mythos änneren

 
D'Longwood House zu Sankt Helena, wou hien a senger zweeter Verbannung residéiert huet a gestuerwen ass
 
Graf vum Napoleon (Invalides)

Den Napoleon huet sech deem Land erginn, dat ni opgehal hat, Koalitioune géint hien op d'Been ze setzen: England. No enger leschter Nuecht op franséischem Buedem, op der Île d'Aix, gouf hie, mat enger Grupp vu Getreien, op d'Insel Sankt-Helena bruecht. Do huet hien ë. a. seng Mémoiren diktéiert. An der zweeter Hallschent vum Abrëll 1821 huet hie säin Testament geschriwwen. Den Napoleon ass de 5. Mee 1821, mat nëmmen zweeafoffzeg Joer gestuerwen. Seng lescht Wierder waren entweeder « ...France, ...armée, ...Joséphine. », oder, no de Mémoire vun deem engen oder aneren Zeien aus senger Suite, « ...tête, armée... Mon Dieu ! ».

1855 koum d'Dagebuch (Journal) vum Louis Marchand, dem Fousskniecht vum Napoleon, eraus. Hie beschreift doran déi lescht Méint vum Napoleon bis zu sengem Doud. Vill Leit hunn no där Lecture hir eege Schlëss gezunn a gemengt ze wëssen, datt de Keeser mat Arsen vergëft gouf. 2001 huet de Pascal Kintz vum Institut Légal de Strasbourg dës Thees ënnerstëtzt, wéi e bei enger Ënnersichung vun den Hoer vum Napoleon erausfonnt huet, datt den Niveau un Arse bis zu 38-mol méi héich ass, wéi am Normalfall. Analyse vun der Zäitschrëft Science et Vie besoen, datt deen Niveau och an Echantillonë fonnt gouf, déi an de Joren 1805, 1814 an 1821 geholl goufen. Et muss een dozou bemierken, datt et zu där Zäit Gewunnecht war, gepuddert Parécken unzedoen, wat eventuell erkläre kéint, wéi den Arsen an d'Hoer koum (mä den Napoleon ass net dofir bekannt, datt e Parécke gedroen huet). Offiziell ass den Napoleon u Mokriibs gestuerwen, grad wéi scho säi Papp a säi Bopa virun him.

Den Napoleon hat sech den 9. Mäerz 1796 mat der siwwe Joer méi aler Wittfra Joséphine de Beauharnais, gebuer Tascher de la Pagerie, bestuet. No senger Scheedung, well d'Josephine him keen Ierwe konnt schenken, huet en sech op en Neits mat der Keeserduechter Marie-Louise vun Éisträich bestuet, mat där hien dunn ee Jong krut: de François Charles Joseph Napoleon Bonaparte (1812-1832), dee bei senger Gebuert als roi de Rome betitelt gouf. Den Napoleon ass ausserdeem de Papp vun op d'mannst zwee illegitime Kanner gewiescht: vum Grof Charles Léon (1806-1881), Jong vun der Catherine Éléonore Denuelle de la Plaigne (1787-1868)), a vum Alexandre Florian Joseph Colonna, Grof Walewski (1810-1868), Jong vun der Maria Walewska (1789-1817), déi 1807 dem Napoleon seng Maîtresse gi war an 1816 mam Generol d'Ornano bestuet gouf.

Den Napoleon hat gefrot fir um Ufer vun der Seine an an der Mëtt vun de Fransouse, begruewen ze ginn. Tatsächlech hat hien och vill gemaach, fir d'Haaptstad Paräis ze verschéineren a méi sécher ze maachen, respektiv besser ze versuergen (vgl. Arc de triomphe, colonne Vendôme, église de la Madeleine, rue de Rivoli, pont des Arts, canal de l'Ourcq...); mä wéi hien 1821 gestuerwen ass, gouf hien op Sankt-Helena begruewen, op enger Plaz, déi nach haut offiziell als franséischen Territoire gëlt. 1840, ënner der Monarchie de Juillet, goufe seng stierflech Iwwerreschter vun enger Expeditioun ënner der Leedung vum Prince de Joinville, dem drëtte Jong vum Kinnek Louis-Philippe I., quasi am Triumph rapatriéiert an zu Paräis ënner dem Invalidendoum an engem monumentale Sarkophag bäigesat.

 
Accueil vum Napoleon I. virun der Festung Lëtzebuerg den 9. Oktober 1804. Postkaart vum Louis Kuschmann.

Openthalt vum Napoleon zu Lëtzebuerg änneren

Den Napoleon Bonaparte war vum 9. bis den 10. Oktober 1804 am Département des Forêts. Den 9. Oktober koum hie vun Tréier iwwer Waasserbëlleg an Nidderaanwen an d'Stad Lëtzebuerg. Bei sengem Empfank virun der Festung krut hien d'Schlëssele vun der Stad iwwerreecht, déi hien awer net ugeholl huet, dofir awer sot: "Si sinn a gudden Hänn, déi vun der Muttergottes (Notre-Dame de Luxembourg)".[2] D'Nuecht huet den Napoleon am haitege groussherzogleche Palais verbruecht. Den Dag drop ass hie vu Lëtzebuerg iwwer Lonkech op Paräis gezunn[3].

Aner Bonaparten änneren

Geschwëster änneren

Neveuen an Niessen änneren

Berüümt Nokommen änneren

Literatur zum Theema änneren

  • Adolphe Thiers, Histoire du Consulat et de l'Empire, an 20 Bänn; Paräis (bei 3 verschiddenen Éditeuren), 1845-1862.
  • Louis Madelin, Histoire du Consulat et de l'Empire, a 16 Bänn (ee Klassiker); 2003 a 4 Bänn zu Paräis (Robert Laffont, coll. 'Bouquins') nei opgeluecht.
  • André Castelot, Bonaparte; Paräis (Perrin), 1967.
  • André Castelot, Napoléon; Paräis (Perrin), 1968.
  • Charles (prince) Napoléon, Napoléon; mon aïeul, cet inconnu; Paräis (éd. XO), 2009; 413 S.; ISBN 978-2-84563-390-2.
  • Jean Tulard, Napoléon, ou le mythe du sauveur; Paräis (Fayard), 1977 (ëmmer nees nei opgeluecht a geleeëntlech ergänzt).
  • Jean Tulard, Dictionnaire amoureux de Napoléon; Paräis (Plon), 594 S.; ISBN 978-2-259-21199-4.
  • Dominique Jamet, Napoléon; Paräis (Plon), 2003; 214 S.; ISBN 2-259-19397-8 (eng exzellent Kontextualiséierung vum Personnage!).
  • Jean Tulard, Napoléon: les grands moments d'un destin; Paräis (Fayard), 2006.
  • Jean Tulard, Les Vingt Jours: Louis XVIII ou Napoléon?; Paräis (Fayard), 2001.
  • Thierry Lentz, Napoléon; Paräis (Presses universitaires de France, collection 'Que sais-je?'), 2003.
  • Thierry Lentz, Nouvelle histoire du Premier Empire, a 4 Bänn; Paräis (Fayard), 2002-2010.
  • Pierre Branda & Thierry Lentz, Napoléon, l'esclavage et les colonies; Paräis (Fayard), 2006; 360 S.; ISBN 2-213-62987-0.
  • Emmanuel de Waresquiel, Cent Jours, la tentation de l'impossible, mars-juillet 1815; Paräis (Fayard), 2008.
  • Laurent Joffrin, Seul contre tous - Cent Jours avec Napoléon; Paräis (Tallandier), 2015; ISBN 979-10-210-0750-5.
  • Thierry Lentz & Jacques Macé, La mort de Napoléon. Mythes, légendes et mystères; Paräis (Perrin), 2009; 226 S.; ISBN 978-2-262-03013-1.
  • Alfred Fierro, André Palluel-Guillard & Jean Tulard, Histoire et dictionnaire du Consulat et de l'Empire; Paräis (Robert Laffont, coll. 'Bouquins'), 1995 (2002 nei opgeluecht); 1350 Säiten; ISBN 2-221-05858-5.
  • Emmanuel de Las Cases, Le Mémorial de Sainte-Hélène; wëssenschaftlech Neiausgab vum rëmfonnten Originalmanuskript duerch den Thierry Lentz, de Peter Hicks, de François Houdecek an d'Chantal Prévot; Paräis (Perrin), 2017; 827 Säiten; ISBN 978-2-262-07060-1.
  • Lionel Jospin, Le mal napoléonien; Paräis (Seuil), 2014; 236 S.; ISBN 978-2-02-116317-9.
  • Johannes Wilms, Napoleon. Eine Biographie; München (C.H. Beck Verlag), 2005; 839 S.; ISBN 978-3-406-72207-3.
  • Gustav Seibt, Goethe und Napoleon - Eine historische Begegnung; München (DTV / C.H. Beck Verlag), 2010 (ergänzt Ausgab); 288 S.; ISBN 978-3-423-34610-8.
  • Jacques Dollar, Napoléon et le Luxembourg; Lëtzebuerg (Imprimerie Saint-Paul), 1979; 415 S.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Seit 1796 nannte sich Napoleone Buonaparte selbst französisch Napoleon Bonaparte. Ullrich, S. 35.
  2. Gilbert Trausch, 1995. La ville de Luxembourg à l'heure républicaine. L'octave en 1798. In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeoise. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 48.
  3. J. Dollar, 1979

Um Spaweck änneren

Commons: Napoleon Bonaparte – Biller, Videoen oder Audiodateien