Nationalstrooss 2

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 2 oder N2, och Réimecher Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg a Réimech. Si féiert vu Lëtzebuerg op Réimech a vun do weider iwwer d'Réimecher Bréck an Däitschland, wou se Uschloss un d'Bundesstrooss B406 huet.

Nationalstrooss 2
N2 Luxembourg.svg
Contern, Kackeschbësch (est).jpg
D'N2 tëscht Sandweiler a Mutfert
Luxembourg N2.png
Lëtzebuerg - Réimech
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 4,
Nationalstrooss 7,
Nationalstrooss 50
Koordinaten 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O
Enn Réimech,
Bréck vu Réimech
Koordinaten 49°32'37,03"N, 6°22'10,34"O
duerch Lëtzebuerg, Sandweiler, Conter, Waldbriedemes, Bous, Réimech
Längt 22 km
Vitesslimitatioun 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 2
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg
Bréisseler Plaz
AB-Kreuzung.svg N 4 N 7 N 50
AB-Fluss.svg Péitruss (Nei Bréck)
Lëtzebuerg
Metzer Plaz
AB-Kreuzung.svg N 3 CR 222
Lëtzebuerg AB-Kreuzung.svg N 50
      = Al Bréck / Al Avenue
Lëtzebuerg AB-Kreuzung.svg CR 228
      = Rue du Laboratoire
Polvermillen AB-Fluss.svg Uelzecht
Hamm AB-Kreuzung.svg CR 219
      = Rue des Alouettes
AB-Kreuzung.svg CR 225
      = Rue Haute
AB-Brücke.svg CFL-Linn
Lëtzebuerg-Waasserbëlleg
Rond-point
Robert Schaffner
AS-rondo-icon.svg N 2A
AB-Brücke.svg A 1
Hamm AB-Kreuzung.svg CR 159
      = Allée D.D. Eisenhower
Sandweiler AS-rondo-icon.svg CR 185 CR 234B
AS-rondo-icon.svg N 28
Mutfert Andreaskräiz.png CFL-Linn
Lëtzebuerg-Waasserbëlleg
AB-Brücke.svg CFL-Linn
Alzeng-Éiter
AB-Kreuzung.svg CR 132 CR 234
      = Rue d'Oetrange
AB-Fluss.svg Sir
AB-Kreuzung.svg CR 132
      = Soibelwee
Ierseng AB-Fluss.svg Houlbech
Trënteng
Réid AB-Kreuzung.svg CR 147
      = Rue de Canach
AB-Fluss.svg Kuesselterbaach
Waldbriedemes AB-Kreuzung.svg CR 148
Aassel AB-Kreuzung.svg CR 148 CR 148A
AB-Fluss.svg Aasselbaach
Bous AS-rondo-icon.svg N 13 N 28
AB-Fluss.svg Aalbaach
AB-Fluss.svg Ierpeldengerbaach
AB-Kreuzung.svg CR 149
      = Rue de Remich
AB-Kreuzung.svg CR 149
      = Rue de Mondorf
Réimech AB-Kreuzung.svg CR 152A
      = Route de Luxembourg
AB-Kreuzung.svg N 16
      = Place Nico Klopp
AB-Kreuzung.svg CR 152
      = Rue de la Gare
AB-Kreuzung.svg CR 152C
      = Place du Marché
AB-Brücke.svg N 10
      = Esplanade
AB-Fluss.svg Musel
Flag of Germany.svg Däitschland EU-Icon.svg B 406

Si huet hiren Ufank an der Stad op der Bréisseler Plaz wou se vun der N4, N7 an N50 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Nei Bréck op d'Metzer Plaz, dann no lénks weider iwwer de Péitrussboulevard, bis op d'Kräizung mat der Aler Avenue, fir duerno iwwert de Boulevard d'Avranches an de Boulevard Géneral Patton op d'Polvermillen ze kommen.

Nodeem se do iwwer d'Uelzecht ass, féiert se de Bierg erop duerch den Hammer Dällchen op de Rond-point Iergäertchen, wou se Uschloss un d'A1 / E44 an d'N2A huet.

Vun do aus geet et weider laanscht Sandweiler, duerch Mutfert, dann d'Kinnett erof op Ierseng, Trënteng, Réid an Aassel bis kuerz viru Bous. Iwwert de Contournement vu Bous leeft se da viru bis op Réimech wou se Uschloss un d'N16 an eng ronn 100 Meter virun der Bréck iwwert den CR152C Uschloss un d'N10 huet.

D'N2 ass ronn 22,1 km laang.

Entwécklung vun der N2Änneren

  • D'Strooss Lëtzebuerg - Réimech besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Réimecher Strooss“ bezeechent an huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg iwwert Réimech a Preise gelaf ass;
  • 1857: zu Réimech gouf de Laf vun der Strooss ugepasst[1];
  • 1862: Upassung vun der Streckeféierung tëscht Rued an Ierseng[2];
  • 1863: Streckenupassung tëscht Bous a Sandweiler[3];
  • 1865: Zu Réimech gëtt eng stenge Muselbréck gebaut[4];
  • no 1865 ass tëscht Sandweiler a Bous eng nei Streck duerch den Trëntenger Dall opgaangen, déi de fréiere Vizinalwee Nr. 143 (Bous - Mutfert) ersat huet. Bis 1958 gouf déi deemoleg Streck als N30 bezeechent;
  • bis uganks vun den 1950er Joren ass d'N2 a Clausen fort gaangen, iwwer den Tracé vun der haiteger N1A bis op d'Héicht vum Waasserbaseng um Zens, fir vun do aus no Osten a Richtung Sandweiler virun ze lafen. Wéinst der Verlängerung vun der Landepist vum Fluchhafe gouf d'Strooss sengerzäit ëmgeluecht;
  • an den 1960er Jore gëtt de Réimecher Contournement gebaut an eng Vizinalstroos gëtt an eng Nationalstrooss klasséiert;
  • mat der Ëmklasséierung 1995 gouf d'Streck duerch Réimech g'ännert. D'N2 ass vun do un iwwer d'Route de l'Europe amplaz iwwer d'Route de Luxembourg an d'Rue de la Gare gelaf. Déi al Streck gouf an den CR152A deklasséiert;
  • och wann de Contournement vu Bous Enn vun den 1990er Joren[5] an dee vu Sandweiler den 8. Juni 2004[6] opgemaach goufen, sou ass d'N2 nach bis Enn 2021 duerch béid Uertschaften gelaf. Eréischt mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau gouf se an der Duerchfaarten vu béiden Uertschaften deels an e Chemin repris (CR185) an deels an eng Gemengestrooss deklasséiert[7].

Um SpaweckÄnneren

Commons: Nationalstrooss 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 28 décembre 1856 relatif à un redressement de route dans la ville de Remich. legilux.public.lu (28.12.1856). Gekuckt de(n) 07.04.2023.
  2. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 11 juillet 1862 déterminant le tracé du 2e lot du redressement de la route de Luxembourg à Remich. legilux.public.lu (11.07.1862). Gekuckt de(n) 07.04.2023.
  3. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 4 mai 1863 déterminant le tracé de la troisième partie de la route de Bous à Sandweiler. legilux.public.lu (04.05.1863). Gekuckt de(n) 07.04.2023.
  4. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 18 mai 1865 déclarant d'utilité publique la construction d'un pont en pierres sur la Moselle à Remich. legilux.public.lu (18.05.1865). Gekuckt de(n) 07.04.2023.
  5. Loi du 18 janvier 1993 relative à la réalisation du contournement de Bous. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-08.
  6. Contournement de Sandweiler. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-17.
  7. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d’une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d’une grande voirie de communication et d’un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.