Gemeng Keel

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht


D'Gemeng Keel (fir d'Awunner Käl) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Keel vun där se och hiren Numm huet.

Keel
D'Märei um Widdem
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Kayl
de: Kayl
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Keel
Buergermeeschter Jean Weiler (CSV)
Awunner 9.668
  1. Januar 2021
Fläch 1.486 ha
Héicht 373 m
Koordinaten 49° 29’ 11’’ N
      6° 2’ 21’’ O
LAU-Code LU0206
Websäit http://www.kayl.lu
D'Gemeng Keel (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)

Uertschaften an der Gemeng änneren

Geographie änneren

 
Reliefkaart vun de Bierger
 
Géi Wand um Hesselsbierg zu Téiteng
 
Stroosseplang

D'Gemeng Keel ass am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Keeldall, wat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. Obwuel Rëmeleng (Grenzmaark FL-91 op 49° 26′ 53,7″) déi südlechst Uertschaft ass, läit de südlechste Punkt vum Lëtzebuerger Land an der Gemeng Keel, um Bann vun der Sektioun Téiteng, op der Maark FL-96 (49° 26' 52")[1].

Koordinate vum südlechste Punkt: 49° 26’ 52.0’’ N 6° 02’ 29.8’’ O

Duerch den Dall leeft vu Süden no Norden d'Keelbaach. De Keeldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge Bierger, déi den nërdlechen Deel vun der Cuesta vum Dogger duerstellen.

Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen.

Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer a bis an d'lescht Joerhonnert, wat dem Land säi Räichtum bruecht huet.

Nopeschuertschaften änneren

Zu Lëtzebuerg änneren

A Frankräich änneren

Wopen änneren

D'Gemeng Keel huet hire Wopen duerch een Arrêté grand-ducal vum 30. Mee 1975 kritt (Memorial B vun 1975, Säit 534).

D'heraldesch Beschreiwung am Originaltext ass:
D'or au griffon de sable, armé et lampassé de gueules, wat op Lëtzebuergesch heescht, datt op engem gëllene Schëld e schwaarze Gräif mat roude Krallen an enger rouder Zong ass.

D'Gemeng Keel krut de Wopen zwar schonn eng Kéier 1972 zougesprach, awer well do Gesetzer sech iwwerschnidden haten, an eent dat anert ausser Kraaft gesat hat, ass dat net als rechtskräfteg ugesi ginn, soudatt d'Prozedur 1975 nach eng Kéier gemaach gouf.

Bevëlkerungsentwécklung änneren

Am Joer 1869, an deem d'Eisenindustrie gegrënnt an a Schwong koum, war Keel déi zweetgréisst Gemeng am Minett: Esch-Uelzecht 2869 Awunner, Keel 2864, Déifferdeng 2238, Diddeleng 1678 a Péiteng 1101 Awunner.

1951 war d'Gemeng Keel déi sechstgréisste Gemeng vum Land. D'Gemengenawunnerzuel war deemools 5750 Séilen, wouvun 3250 Awunner an der Uertschaft Keel waren.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Gemengerot änneren

De Gemengerot vu Keel gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.

Als Folleg vun de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 huet de Schäfferot ufanks, wéi och virdrun, op enger LSAP-déi-Gréng-Koalitioun baséiert.[2] Nom Austrëtt vun engem Gemengerotsmember aus der LSAP koum et uganks 2022 zu enger neier Koalitioun vun CSV an DP, déi dësen ënnerstëtzt.[3]

Zesummesetzung änneren

Joer CSV DP gréng LSAP onofhäng.  ADR PPL
1999 5 2 - 6 - - -
2005 3 2 - 8 - - -
2011 3 2 2 6 - - -
2017 4 2 2 5 - - -
2022* 4 2 2 4 1 - -
2023 5 1 1 4 - 1 1

Quell: Inneministère / RTL.lu; * Koalitiounswiessel wärend dem Mandat.[3]

Buergermeeschteren änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Keel.

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Keel ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes an der Gemeng änneren

Literatur änneren

  • Jos Dupong: Kayl in der Geschichte, Sankt-Paulus-Dréckerei Lëtzebuerg, Éischt Oplo: 1963, Zweet Oplo:1997
  • Jules Kauffmann: Kayl früher und heute, Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1988
  • Jules Kauffmann: Das Denkmal am "Sperrewee", Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1990
  • Jules Kauffmann: Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1993
  • Les Cyclistes Kayl: Centenaire du Velo-Club "L.C.Kayl", Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1996
  • Jules Kauffmann: Kayl um Giinzebechel, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 2000
  • Marcel Bouschet / Gilbert Maurer: 70 Joer Käler Basket, Dréckerei St Paul Lëtzebuerg, Oplo 2002

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Am Südzipfel Luxemburgs. journal.lu (13.08.2016) Gearchiveerd op 2020-07-24. Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  2. "Die künftigen Schöffenräte im Überblick." wort.lu, 12 Oktober, 2017 um 11:19.
  3. 3,0 3,1 "D'Gemeng Keel kritt en neie Buergermeeschter." rtl.lu, 25.01.2022.