E Filmfestival ass en Evenement, dat meeschtens eemol d'Joer organiséiert gëtt a bei deem nei Filmer gewisen a bewäert ginn.

Zuschauer 2006 beim Filmfestival vu San Sebastian

E Filmfestival kann zum Beispill vun der nationaler Regierung, lokalen Autoritéiten, der Industrie oder Entreprisen, Associatiounen oder individuelle Promoteuren organiséiert ginn. Si si fir Filmregisseuren, Filmproduzenten an -distributeuren, Kritiker an aner interesséiert Persounen eng Geleeënheet fir sech ze treffen an iwwer aktuell Entwécklungen am Filmsecteur ze diskutéieren. Bei de meeschte Filmfestivalle kommen zumindest een Deel vun den Auteure vun de Filmer fir mam Public doriwwer ze schwätzen.

Bei Filmfestivallen handelt et sech ëm Kompetitiounen an et gi Präisser verdeelt. D'Gewënner gi generell vun enger Jury aus Experten erausgesicht.

E Filmfestival ka sech op eng bestëmmt Aart vu Filmer spezialiséieren, entweeder op d'Thematik vum Film (z. B. Ëmweltfilmer oder Sportfilmer), de Genre oder Typ Film (z. B. d'kosovarescht Dokufest fir Documentairen, de Filmfestival Max Ophüls Preis fir däitschsproocheg Nowuessfilmer, oder de Sundance Film Festival fir onofhängeg Produktiounen) oder d'geographesch Originne vum Film (wéi de Festival du film italien de Villerupt, bei deem just italieenesch Filmer gewise ginn).

Déi weltwäit renomméiertst Filmfestivalle sinn déi vu Cannes, Venedeg a Berlin.

Zu de lëtzebuergesche Filmfestivallen zielen de LuxFilmFest, deen a senger aktueller Form zënter 2015 existéiert, de CinEast fir Filmer aus Mëttel- an Osteuropa (zënter 2008), de British & Irish Film Festival Luxembourg (zënter 2010) an de Cinénygma Festival fir Fantasy-Filmer (1996-2006).