Aachtopf

Karstquell an Däitschland

Den Aachtopf bei Aach a Baden-Württemberg ass déi waasserräichst Karstquell an Däitschland. Et ass d'Quell vun der Radolfzeller Aach déi no 32 km bei Radolfzell am Bodensee an den Untersee, en Deel vum Bodensee leeft.

Den Aachtopf

D'Waasser vun der Karstquell kënnt aus der Donauversickerung an der Géigend vun Tuttlingen wou d'Donau op zwou Plazen am Flossbett en ënnerierdeschen Offloss huet an zwar eng Kéier zu Immendingen an e puer Kilometer duerno nach eng Kéier zu Fridingen an der Donau. D'Waasser kënnt duerch en 18 Meter déiwe Siphon aus dem Buedem e mécht e klenge Séi.

D'Waasser vun der Donauversickerung leeft ënnerierdesch ongeféier 11,7 km mat enger Vitess vun 195 m/h duerch Grotten a méi kleng Huelraim bis an den Aachtopf. Déi duerchschnëttlech Waasserquantitéit ass 8590 l/s, ass awer wéi bei de meeschte Karstquelle staark un d'Joreszäit gebonnen, a variéiert tëscht 1.300 a 24.000 l/s.

An de Vollversickerungsdeeg (ongeféier 130), gëtt domat déi iewescht Donau en Niewefloss vum Rhäin. An en ettlech honnert Joer wann um Laf vun der Wutach déi natierlech Hielen zesummentrëlle geet dës Baach un den ieweschte Laf vun der Donau rappen an da gëtt dësen Deel vun der Donau komplett en Niewefloss vum Rhäin. Eng änlech Situatioun ass et och virun e puer dausend Joer fir d'Musel ginn déi virdrun an d'Meuse gelaf ass, mä där hir Uwänner vun der Meurthe ugefriess goufen, bis datt déi zwéi Flëss zesummegelaf sinn an d'Musel den Haaptfloss ginn ass, an am Bett vun der Meurthe weidergelaf ass.

Iewescht Donau

Erfuerschung änneren

1719 gouf fir d'éischt vum F.W. Breuninger ugeholl datt d'Waasser vun der Quell vun der Donauversickerung géif hierkommen. Bewise gouf dat awer eréischt 1877 wéi 10 Tonne Salz an d'Donauversickerung geschot goufen, an no 60 Stonnen en héije Salzgehalt am Waasser vum Quelltopf konnt festgestallt ginn.

Déi éischt Versich fir an d'Grott déi virun der Quell läit ze kommen, hate kee grousse Succès well op enger Déift vun 12 Meter eng Düs ass, déi eng ganz grouss Stréimung huet.

D'Hiel vun der Quell gouf eréischt zanter den 1960er Jore vum Jochen Hasenmayer erfuerscht. Dobäi gouf eng Grott entdeckt mat engem Sinterbecken an Drëpssteng. Doraus gouf ofgeleet datt dës Hielecht fréier Loftkontakt hat.

Zanter 1980 gouf dës Grott intensiv vum Harald Schetter erfuerscht, an zanter 2001 vum Jürgen Bohnert, Frank Liedtke, Stephan Liedtke und Tobias Schmidt frësch vermooss.

500 Meter iwwer der Quell ass d'Grott zesummegefall, wat en och um Terrain uewendriwwer gesi kann. Do gëtt et eng sougenannte grouss Doline.

Um Spaweck änneren

Commons: Aachtopf – Biller, Videoen oder Audiodateien