Bibliothéik

Institutioun déi Bicher stockéiert an se un de Public verléint

Eng Bibliothéik ass eng Plaz, wou Bicher (oder allgemeng Drocksaache) versuergt ginn.

Carl Spitzweg: Der Bücherwurm

Den Ausdrock bezitt sech souwuel op d'Miwwelstéck an deem, op Regaler, Bicher opgestallt ginn, wéi och op d'Sammlung vu Bicher, sief et vun enger eenzeler Persoun, sief et vun enger Institutioun.

Am Fall vun enger Institutioun schwätzt een, wann de Public Bicher sur place liesen oder ausléine kann, vun enger "ëffentlecher Bibliothéik".

Eng speziell Roll spillen déi sougenannt "Nationalbibliothéiken": Si sammelen a repertoriéieren all Drocksaachen, déi an engem bestëmmte Land publizéiert ginn. Zu Lëtzebuerg erfëllt d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik dës Roll.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bibliothéiken – Biller, Videoen oder Audiodateien