Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg op Ëlwen, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 42 Gouvy - Rivage.

Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz
InterRegio m 44.jpg
En InterRegio m tëscht Ëlwen a Klierf
CFL lijn 1.png
Kaart vun der Linn 1
Linnennummer 1
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Lëtzebuerg
op Ëlwen Grenz
iwwer Gare Kierchbierg-Pafendall, Gare Dummeldeng, Gare Walfer, Gare Heeschdref, Gare Luerenzweiler, Gare Lëntgen, Gare Miersch, Gare Kruuchten, Gare Colmer-Bierg, Gare Schieren, Gare Ettelbréck, Gare Méchela, Gare Giewelsmillen, Gare Kautebaach, Gare Wëlwerwolz, Gare Draufelt, Gare Klierf, Gare Maulesmillen, Gare Ëlwen
Technesch Donnéeën
Längt 76,8 km
Gréisst Steigung 17 ‰
Klengste Radius 220 m
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp duebelgleiseg
Fuerrichtung riets
Vitesslimitatioun 90 km/h, 120 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barrièren
P.K.
BSicon STR.svg Uschloss: Péiteng
Uschloss: Beetebuerg
BSicon BHF.svg Gare Lëtzebuerg 16,650
BSicon exTUNNEL1.svg   Tunnel Gare Lëtzebuerg (413 m) 16,954 - 17,367
BSicon STRo.svg Biisserbréck
BSicon STRo.svg Clausener Viaduc
BSicon STRo.svg Pafendaller Viaduc
BSicon STRo.svg Viaduc Dräi Eechelen
BSicon BHF.svg Gare Kierchbierg-Pafendall
BSicon BHF.svg Gare Dummeldeng 20,830
BSicon ABZgl+l.svg Uschloss Arbed Dummeldeng/Eech
BSicon BHF.svg Gare Walfer 24,004
BSicon BHF.svg Gare Heeschdref 25,530
BSicon BHF.svg Gare Luerenzweiler 28,161
BSicon tSTRa.svg 29,111
BSicon mKRZu.svg A 7 Tunnel Nordstrooss (172 m)
BSicon tSTRe.svg 29,283
BSicon BHF.svg Gare Lëntgen 31,123
BSicon BHF.svg Gare Miersch 34,735
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht
BSicon BHF.svg Gare Kruuchten 40,845
BSicon exTUNNEL1.svg Kruuchtener Tunnel (251 m) 40,645 - 40,896
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht
BSicon BHF.svg Gare Colmer-Bierg 43,232
BSicon BHF.svg Gare Schieren 44,950
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht 46,930
BSicon ABZg+l.svg Uschloss Atertlinn
BSicon BHF.svg Gare Ettelbréck 47,184
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Antenn Dikrech
BSicon exTUNNEL1.svg Bierdener Tunnel (594 m) 51,395 - 51,989
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel vu Méchela (287 m) 52,152 - 52,439
BSicon BHF.svg Gare Méchela 53,255
BSicon exTUNNEL1.svg Buerschter Tunnel (423 m) 54,350 - 54,773
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Féischterhaff (447 m) 56,549 - 56,996
BSicon BHF.svg Gare Giewelsmillen 57,746
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Schankewier (64 m) 59,872 - 59,936
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Schwaarzepull (81 m) 60,125 - 60,206
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Hockslee (143 m) 61,523 - 61,666
BSicon BHF.svg Gare Kautebaach 62,021
BSicon ABZgl.svg Ofzweigung Wolz
BSicon exTUNNEL1.svg Kierchbierger Tunnel (77 m) 62,260 - 62,337
BSicon exTUNNEL1.svg Kautebaacher Tunnel (185 m) 62,810 - 62,995
BSicon exTUNNEL1.svg Bierdener Tunnel (67 m) 63,141 - 63,208
BSicon exTUNNEL1.svg Schibbreger Tunnel (236 m) 64,190 - 64,426
BSicon exTUNNEL1.svg Lellgener Tunnel (179 m) 65,745 - 65,924
BSicon BHF.svg Gare Wëlwerwolz 67,277
BSicon BHF.svg Gare Draufelt 70,960
BSicon exTUNNEL1.svg Mecher Tunnel (180 m) 74,050 - 74,230
BSicon exTUNNEL1.svg Mecherbuscher Tunnel (84 m) 74,908 - 74,992
BSicon exTUNNEL1.svg Schneidermuhler Tunnel (101 m) 75,862 - 75,963
BSicon exTUNNEL1.svg Klierfer Tunnel (250 m) 76,503 - 76,753
BSicon BHF.svg Gare Klierf 77,174
BSicon eBHF.svg Gare Maulesmillen
(Zougemaach Dez. 2014)
80,983
BSicon exTUNNEL1.svg Pafemillener Tunnel (190 m) 83,128 - 83,318
BSicon BHF.svg Gare Ëlwen 85,562
BSicon exTUNNEL1.svg Ëlwener Tunnel (166 m) 85,926 - 86,092
BSicon GRENZE.svg belsch Grenz 93,431
BSicon STR.svg Uschloss Gouvy

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt als Linn 1 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 10 bekannt[1].

GeschichtlechesÄnneren

Duerch e Kontrakt vum 9. November 1855 huet de Lëtzebuerger Staat dem Banquier Adolphe Favier vun Nanzeg, an dem Stephane Jouve, engem Ingenieur och vun Nanzeg, d'Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht der Stad a Wäiswampech, via Dikrech an Ëlwen, ausgestallt. Fir ze héich Käschten z'evitéieren hat den éischte Plang vum Favier virgesinn d'Streck an der Ëmgéigend vu Stroossen vun der Linn Lëtzebuerg-Klengbetten ofzweigen ze loossen a se dann iwwer Koplescht a Schëndels op Miersch ze féieren. Virun allem déi déif Däller am Norden an Oste vun der Stad hunn dem Adolphe Favier a senger Wëllem-Lëtzebuerg Gesellschaft Suerge gemaach.

Dee Plang ass bei der deemoleger Regierung net gutt ukomm, well een d'Dummeldenger Schmelz onbedéngt iwwer d'Schinn ubanne wollt.

Well deemools d'Festung Lëtzebuerg nach vun de Preise besat war, hu sech d'Regierung an den Adolphe Favier am November 1856 an enger Konventioun drop g'eenegt, den Tracé iwwer véier grouss Viaduce laanscht d'Festung ze féieren. Op déi Aart a Weis waren d'Schinnen tëscht der zukünfteger Stater Gare an der deemoleger Gemeng Eech, am Radius vun de preisesche Kanounen an et huet nëmme missen am Pafendall een Duerchbroch gemaach ginn.

Well den Dall vun der Uelzecht tëscht Dummeldeng a Miersch breet genuch ass, konnt d'Streck ouni gréisser Aarbechten op der rietser Säit vum Dall lafen. Hanner Miersch gëtt den Dall méi enk, an et hu missen eng Rei Brécke gebaut ginn, fir iwwer d'Uelzecht ze kommen. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi duerch en Tunnel evitéiert gouf.

Fir op d'Héichte vum Éislek ze komme war eng Pente vun 0,3 % virgesinn, an de Bau vun der Streck sollt sechs Joer daueren.

D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli 1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit. A Wierklechkeet waren d'Aarbechten nach net ofgeschloss an et konnt een eréischt bis Schieren fueren. Ganz fäerdeg war d'Streck de 16. November 1862, zäitgläich mat der Streck op Dikrech a gouf a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau ageweit. Et goufen 3 Koppelen Zich den Dag, déi 1 Stonn an 20 Minutte gebraucht hu fir d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck an 8 Minutte fir weider op Dikrech.

Mat der Streck a Richtung Léck gouf am September 1862 ugefaangen. Bis de 15. Dezember 1866 gouf d'Streck bis op Ëlwen gebaut[2].

Uschlëss op der Streck:

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an NottenÄnneren

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt de 6. Mäerz 2020
  2. Federmayer, Ed, 2008. Eisenbahnen in Luxemburg S. 106-166.Wolfgang Herdam Fotoverlag