Kënzeg

lëtzebuergesch Uertschaft
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft "Kënzeg" (de: Küntzig, fr: Clemency). Fir d'franséisch Uertschaft "Kuntzig", kuckt wgl. Kuntzig.

Kënzeg (lokal: Kéinzig[1]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Käerjeng. Bis Enn 2011 war et den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Kënzeg.

Kënzeg
Kéinzig
Kënzeg vum Méchelsbierg gesinn
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Clemency
de: Küntzig
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Awunner 2.018
  1. Januar 2023
Fläch 14,53 km²
Héicht 311 m
Koordinaten 49° 35’ 49’’ N
      05° 52’ 28’’ O

De Kënzeger hire Spëtznumm ass Fräschefänkerten.

Geographie

änneren

Kënzeg läit op der belscher Grenz no bei de Quelle vun der Äisch, an op der Waasserscheed vum Anzochsgebitt vun der Meuse an dem Rhäin.

Säin héchste Punkt ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m.

Kënzeg huet ee ländleche Charakter an et gëtt nach eng Hallef Dose Bauerebetriber am Duerf.

Nopeschuertschaften

änneren
 
Fräscheskulptur zu Kënzeg

Geschicht

änneren

Déi éischt Spuer vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt ginn ass an déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.

Schrëftlech gëtt Kënzeg fir d'éischt an der éischter Hallschent vum 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell ernimmt.

1495 ginn zu Kuntzig 22 Stéit mat Feierplaze gezielt.[2]

Millen zu Kënzeg

änneren

Zu Kënzeg gouf et fréier zwou Millen, d'Peschmillen an d'Schockmillen. D'Peschmille stoung laanscht Falterbaach op der hallwer Streck tëscht der haiteger Rue de la Gare oder Schwämm wéi déi Kënzeger soen, an der Rue des Prés (Am Pad). Vun der Millen ass haut näischt méi ze gesinn. D'Schockmille steet am Ausgank vum Duerf wann een op Grass fiert op der lénkser Säit vum CR110, an ass um Kadasterplang an der Kadastersektioun Section des Moulins agedroen.

  • A Jongesch (Famill Kirsch)
  • A Kéijauns oder beim Kéijenni: an der Ënneschtgaass den Haff Jeitz
  • An Dillessen: um Knapp
  • Beim Riterchen oder beim Jéngeli: an der Ënneschtgaass den Haff Eugène Kirsch
  • Beim Schani: an der Laanggaass den Haff Erny Kirsch
  • Beim Jauni: um Haff (Rue de l'École), fréier den Haff Sales
  • Beim Jeeki: De fréieren Eisewuerebuttek op der Kräizung vum Breedewee an der Schwämm
  • Beim Jeeki: De fréiere Coiffer an der Laanggaass
  • A Jauns: fréier Epicerie an der Schwämm
  • Beim Kräiter
  • A Mëllesch
  • A Berens: Famill Klein um Knapp
  • A Schapp oder beim Schappert: den Zammermannsbetrib um Knapp (Heinen)
  • A Klautjes: an der Ieweschtgaass
  • Beim Biekerech: am Eecherwee (rue de Grass): fréier d'Haus vum Jos Dahm
  • Beim Männchen oder beim Schullerjang: fréier d'Wiertschaft um Haff
  • Beim Groussen: fréier d'Wiertschaft Schmit an der Schwämm

Stroossennimm zu Kënzeg

änneren
Rue des Jardins Um Knapp Rue des Champs Feldstrooss
Rue de Fingig Am Fengegerbierg Rue de la Chapelle An de Fusselächer
Rue de la Gare An der Schwämm Rue Basse Ënneschtgaass
Rue Longue Laanggaass    Rue Haute Ieweschtgaass
Rue des Prés Am Pad Rue de Messancy Am Miezegerbierg
Rue de Guerlange An der Hiel Rue de Sélange Séilenerwee
Rue de Bascharage Breedewee Rue de l'École Um Haff
Chemin d'Arlon Arelerwee Rue de Grass Eecherwee
Rue de la Fontaine Gässel

Den Numm An der Schwämm kënnt dohier well fréier, ongeféier op der Plaz wou haut de Foussballsterrain ass, e Weier war, an deem d'Äerz gewäsch (geschwämmt) gouf, dat duerno op der Simmerschmelz verschafft gouf.

Där Weiere gouf et och nach um Laf vun der Méinschbaach am Arelerwee. Well déi Weiere just op der Grenz bei der Gossemaark LB052 op lëtzebuergeschem Terrain louchen an och Awunner vun der belscher Uertschaft Séilen do Bounäerz gewäsch hunn, war am Grenzvertrag vun 1844 festgehale ginn datt déi sollte fräien Zougank hunn.

Plazen un Flouer

änneren

Veräinsliewen

änneren
 
D'Maximäin-Kapell an déi Wëll Lann (virum Stuerm)

Kuckeswäertes

änneren
 
De Mammutbam am Schoulhaff
  • Déi Wëll Lann, ee vun den eelsten a déckste Beem zu Lëtzebuerg. Déi Wëll Lann huet no engem Stuerm vum 25. Juni 2006, bei deem den Haaptaascht ofgebrach war, bis op de Stamm zeréckgeschnidde misse ginn, schéisst awer nach ëmmer aus.
  • D'Maximäinskapell nieft der Lann mat der Fräiheetsplaz.
  • D'Kierch Kënzeg, um inventaire supplémentaire vun de Klasséierte Monumenter.
  • D'Schlass (Nationaalt Monument; Privatbesëtz)
  • De Mammutbam am Schoulhaff.
  • Op der belscher Grenz d'Kapell Um Kues.

Literatur

änneren
  • Schroeder, Michael: Wachsmuot von Künzich (Kunzech): ein Luxemburger Minnesänger - In: Annuaire: vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, p. 59-72, ill.

Bekannt Leit vu Kënzeg

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Dénombrements des feux des duché de Luxembourg et comté de Chiny
 
Kënzeg vun Oste vum Méchelsbierg aus gesinn