D'Hollerecher Schluechthaus ass e fréiert Schluechthaus am Stater Quartier Hollerech, dat haut fir kulturell a sportlech Zwecker benotzt gëtt.

Wéi d'Gemeng Hollerech 1920 an d'Gemeng Lëtzebuerg integréiert gouf, ass d'Entscheedung getraff ginn, en neit zentraalt Schluechthaus mat Killanlagen an engem Véimaart ze bauen. Als Standuert gouf Hollerech gewielt, wou en Areal vu véier Hektar zur Verfügung stoung, dat un dat aalt Schluechthaus gegrenzt huet. Et ass den 30. Dezember 1929 a Betrib gaangen a gouf den 20. Juni 1930 offiziell vum Buergermeeschter Gaston Diderich ageweit.

Iwwer déi nächst 50 Joer ass d'Hollerecher Schluechthaus reegelméisseg erweidert an op den neiste Stand gesat ginn. 1980 goufen am Schluechthaus all Joer 4.000 Tonne Fleesch produzéiert. Den 1. August 1997 gouf d'Schluechthaus fir zerguttst zougemaach. D'Gebaier hu sech lues a lues zu engem Treffpunkt vun der Lëtzebuerger Inlineskate- a Graffiti-Zeen etabléiert an et gouf en Indoor-Skatepark amenagéiert an deem och Inline-Kompetitiounen a Graffiti-Jams organiséiert goufen.

Zanter 2020 gëtt u Pläng fir dat zukünftegt „Schluechthaus“ geschafft, déi virgesinn, datt de Skatepark bestoe bleift, an doriwwer eraus Kultur, Sport, Commerce an en intergenerationelle Projet, sou wéi och e Creative Hub Plaz dra fanne sollen... > méi