Engelcher vu Schëndels

Engelcher vu Schëndels war den Numm, deen d'Press vun deemools enger Bedruchsaffär an de Joren 1932/33 ginn huet. Si bestoung doran, datt eng 80-järeg Wittfra vu Schëndels Bréiwer vun hiren Nopesche krut, an deenen dës se gleewe gedoen hunn, se wiere vun "Engelen aus dem Himmel", an an deene se no Kaddoen oder Done gefrot hunn, déi ufanks bescheide waren (et goung u mat engem Dëppchen Hammbiersgebeess), mat der Zäit awer ëmmer méi substantiell goufen. Well och aner Leit am Duerf vun dësen "Engele" Post kruten, ass d'Affär schlussendlech viru Geriicht koum.

Och nom Urteel gouf et nach Leit, déi extra op Schëndels goungen, well een do "a Kontakt mat Engele" kéim.[1]

D'Affär gouf zu hirer Zäit, besonnesch am Kader vum Geriichtsprozess, genësslech an der Press breetgetrëppelt.[2] Och dat tragescht Nospill - déi al Damm gouf e puer Méint drop vun hirem Noper op eng grujeleg Aart a Weis erstach - huet héich Welle geschloen. Duerno gouf et roueg drëms, bis ëm 2012/13 eng Verfilmung se nees an Erënnerung bruecht huet.

Oflaf vun der Affär änneren

Bedeelegt Persounen änneren

Véier Awunner vu Schëndels hunn eng Roll an der Affär gespillt:

  • d'Catherine Kerzmann, geb. Rollinger, eng 80-järeg Wittfra an d'Affer vun der Bedruchsaffär wéi och d'Affer vun engem Muerd;
  • de Franz (genannt "laange Fritz") Ewert, e fréiere Bauer, zum Schluss Doléiner an Aarbechter, de Mäerder vun der Madame Kerzmann;
  • d'Barbara Ewert-Willms (genannt d'"Bebbche vu Schëndels") seng Fra;
  • där hir Stéifschwëster Theresa ("Rosa") Willms.[3]

Bréiwer "aus dem Himmel" änneren

De Begrëff "Engelcher" bezitt sech virun allem op d'Barbara Ewert-Willms an hir Stéifsëschter Theresa, genannt Rosa, déi 1933 15 Joer hat, an déi ufanks bei den Ewerten am Stot gewunnt huet, duerno awer bei der Madame Kerzmann, där hir Haushälterin se war. Si goufen iwwerfouert, d'Auteure vu Bréiwer gewiescht ze sinn, an deene si sech selwer als "Engelein auf Erden" oder "menschgewordene Engel" titeléiert hunn a mat deene se der Madame Kerzmann Kascht (Gebeess, Wäin, Eeër, Fleesch) a spéider och Suen erschwindelt hunn.[3]

Am éischte Bréif, ënnerschriwwe mat "Engelscharen im Himmel" gouf d'Madame Kerzmann just drëms gebieden, en Don vun engem Dëppchen Hammbiersgebeess ze maachen, dat d'Rosa dem Destinataire iwwermëttele géif. Duerno goung et ëm e puer Eeër a Wäin. Geschwënn drop waren et net méi Engelen, mä d'Muttergottes selwer, déi d'Bréiwer ënnerschriwwen huet. Domat goungen och d'Fuerderungen an d'Luucht: Si bräicht e Vëlo (!) - deen d'Mme Kerzmann op Miersch kafe goung -, duerno en Dausend-Frang-Schäi fir datt d'Rosa eng Pilgerrees kéint maachen. Ëm Neijoerschdag da war et de Gott-Papp himself, dee sech op net ganz wäissem Pabeier a krozeleger Schrëft der Madame Kreuzmann ugekënnegt huet, mat 4 Engelen zu Mëtteg iessen ze kommen. Mä well hien nawell vill ze dinn hat, huet hien d'Madame Ewert an hir Sëschter laanscht geschéckt. A schliisslech krut d'Madame Kerzmann e Bréif, an deem se nogeluecht krut, dem hellege Rosa Wilms hiert Haus z'iwwerloossen. D'Fra huet all hire Mutt geholl an un de "Liebe Gott Herr der Heerscharen" zeréckgeschriwwen, si géif dem Theresa gär hiert Haus iwwerloossen, awer wann ech glifft eréischt wa se dout wier.[4]

D'"Engele" wollten de Succès, dee se mat der Mme Kreuzmann haten, bei anere Leit widderhuelen (d'Rosa huet en neie Rack gebraucht). Déi Betraffen hunn awer d'Police informéiert, a sou koum d'Saach viru Geriicht.[5]

Geriichtsprozess änneren

De 17. Februar 1933 gouf d'Affär virum Zuchtpolizeigericht verhandelt. Mä viru Geriicht hunn net nëmme déi zwou Ugeklot behaapt, d'Bréiwer wiere wierklech vum Äerzengel Gabriel; och d'Madame Kerzmann huet insistéiert, datt hei kee Bedruch virléich, mä si wierklech mat Iwwerierdeschen a Kontakt stoung. Doru konnt och de Bewäis, datt d'Schrëft vun de Bréiwer eendeiteg als dem Rosa seng identifizéiert gi war; an d'Fro, wat Engelen am Himmel mat engem Vëlo géifen ufänken, näischt änneren. Si blouf bei hirer Iwwerzeegung, Engelen hätte bei hir um Dësch gesiess, an absënns hir Fritten hätten hinne geschmaacht, grad wéi si iwwerzeegt war, den Engel Gabriel am Geriichtssall erkannt ze hunn...[4]

D'Geriicht huet d'Barbara Ewert-Clemens zu enger Strof vun 1000 Frang verurteelt; se krut, wéinst engem gudde Virliewen, circonstances atténuantes. D'Thérèse ("Rosa") Willms gouf fräigesprach mat der Begrënnung, hatt wier nach ze jonk fir seng Dot richteg aschätzen ze kënnen. D'Bréiwer goufe konfiskéiert.[6]

Muerdfall änneren

D'Affär krut en tragescht Nospill, wéi de Fritz Ewert den 13. Januar 1934 d'Catherine Kerzmann mat 9 Messerstéch ëmbruecht huet.[7] Den Ewert war zum Zäitpunkt vun der Dot staark alkoholiséiert - hie gouf eng Stonn drop festgeholl - an huet se eréischt deen Dag drop zouginn. Et gouf ugeholl, hien hätt sech wëlle rächen, well duerch de Geriichtsprozess seng Fra 1000 Frang Strof huet misse bezuele fir hir Bréifgeschicht (d'Bezuele wier deemnächst fälleg gewiescht). E weidert Motiv koum beim Prozess eraus: Hie war jalous op d'Rosa, mat deem en eng Affär gehat hat, well dat bei d'Madame Kerzmann wunne gaangen ass an zanter kuerzem e Frënd hat.[8]

De 5. Juni 1934 gouf hien zu liewenslänglecher Zwangsaarbecht verurteelt.[9]

Verfilmung änneren

2013 huet de Marc Thoma dës Episod ënner dem Titel D'Engelcher vu Schëndels, mat der Marie-Paule von Roesgen als Ketty Kerzmann, verfilmt.

Literatur änneren

  • Hilbert, Roger: "Die seltsame Geschichte der Englein von Schönfels". De Mierscher Gemengebuet Nr. 102 (Dez. 2012), S. 36-37.

Referenzen änneren

  1. Gabrielle Seil: "Post aus dem Himmel". Revue 10/2012, 10.03.2012, och op revue.lu.
  2. Vgl. z. B. "Wallfahrt zu den 'Englein' von Schönfels." Tageblatt 1933-03-08, S.8. All Artikelen aus dem Tageblatt an dem Wort vun deemools kënnen op eluxemburgensia.lu nogelies ginn.
  3. 3,0 3,1 "Bestialischer Mord in Schönfels." Tageblatt 1934-01-15 S.1.
  4. 4,0 4,1 "Die 'Engel' von Schönfels". Tageblatt 1933-02-18, S.3.
  5. "Die Engel von Schönfels" Tageblatt 1933-02-23, S.3.
  6. "Zuchtpolizeibericht", Luxemburger Wort 1933-02-24, S. 1.
  7. : " Bestialischer Mord in Schönfels." Tageblatt 1934-01-15 S.1; "Die Mordtat in Schönfels.", Tageblatt, 1934-01-16, S.1; "Zur Mordaffäre von Schönfels." Tageblatt 1934-01-17, S.1.
  8. "Die Mordaffäre Ewert in Schönfels" - Tageblatt 1934-06-06, S.2 an 1934-06-07, S.2.
  9. Luxemburger Illustrierte.