Nationalstrooss 11

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 11 oder N11, an och Iechternacher Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Gréiwemaacher an Iechternach.

Nationalstrooss 11
D'Nationalstrooss 11 op der Héicht vu Wuelper.
Lëtzebuerg - Iechternach
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°37'42,31"N, 6°7'50,38"O
Enn Iechternach,
Al Sauerbréck zu Iechternach
Koordinaten 49°48'45,68"N, 6°25'34,28"O
Längt 31,5 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 11
Laf an Uschlëss
Eech N 7
CR 232

        Rue Marie B. J. Munchen-Tesch

Uelzecht
CFL-Linn 1
Brennerei CR 119
Méchelbuch A 7
Waldhaff CR 126
Gréngewald Kazebaach
Gonnereng CR 122
N 11D
Jonglënster CR 129
N 11E
Geizebaach
CR 121A
Geizebaach
CR 121A
N 11F
Schwaarz Iernz
CR 129
Uschloss

CR 121 CR 121A

Grolënster N 14 Rue de Grevenmacher (r)
N 14 Rue de Blumenthal (l)
Schanz CR 136A Op der Schanz

        CR 365 Kreizenheicht

CR 136 Heeschbregerwee
Schwaarzuecht CR 137
Méchelshaff CR 132
Lauterbuer CR 118
Lauterbuerer Baach
Specksmillen Baach ouni Numm
Iechternach N 10
CR 366 Rue des Remparts
Sauer
Däitschland L 1

Si huet hiren Ufank zu Eech op der N7 a féiert vun do iwwert den Dummeldenger Contournement an da praktesch de ganzen Wee an nordëstlecher Direktioun iwwert de Waldhaff op Gonnereng, vun do op engem Contournement, deen am September 2015 opgoung[1], ronderëm Jonglënster, an dann iwwert Grolënster, d'Schanz, Wuelper, de Méchelshaff a Lauterbuer op Iechternach.

Zu Iechternach féiert se dann op déi al Bréck an dann iwwert d'Sauer an Däitschland, wou se Uschloss un d'L1 a gläich duerno un d'B257 / E29 huet. Zu Iechternach kräizt se sech och mat der N10.

D'Gesamtlängt vun der N11 ass zirka 31,5 km.

Entwécklung vun der N11 änneren

  • D'Strooss vun der Stad op Iechternach gouf an e puer Etappen tëscht 1844 an 1849 gebaut[2][3][4][5];
  • An den 1950er Joren ass d'Europastrooss E42 vu Saarbrécken aus zu Réimech an d'Land komm an ass vu do aus iwwer d'N2 an d'Stad gelaf. Vun der Stad aus goung se iwwer déi haiteg N11 op Iechternach a virun a Richtung Köln[6][7];
  • An den 1970er Jore krut d'Iechternacher Streck d'Nummer E27;
  • Vun 1958[8] bis an d'1980er Joren huet als N11 d'Streck vun der Brennerei iwwer Eesebuer bis an d'Fiels gegollt, den haitegen CR119.;
  • Vun 1989 ass op der topographescher Kaart nieft der E27 och d'Bezeechnung vun der N11 ze fannen. Op der Kaart vun 2000 steet just nach N11;
  • Aus der E27 ass an de Joren duerno[Wéini ?] d'E29 ginn, déi haut nach tëscht dem Verdeeler Gréngewald an Iechternach iwwer d'N11 leeft;
  • Nodeems den Dummeldenger Contournement gebaut gi war, krut deen de Statut vun der d'N11, iwwerdeems déi al Streck vun der Eecher Klinick bis uewenzeg vun der fréierer Dummeldenger Charlys Gare an e Chemin repris (CR233) resp. eng Gemengestrooss deklasséiert gouf[9];
  • An den 1980/90er Jore gouf den Tracé vun der N11 zu Gonnereng, Jonglënster a Grolënster ugepasst[7];
  • Zanter dem 18. September 2015 leeft den Transitverkéier net méi duerch Jonglënster, mä iwwer e Contournement, deen tëscht Gonnereng a Jonglënster ufänkt, iwwer de Viaduc vu Jonglënster féiert an e Stéck no der Kräizung mam CR121 nees op der aler Strooss erauskënnt. Zanter dem Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau[10] leeft den offiziellen Tracé vun der N11 net méi duerch Jonglënster, ma iwwert d'Ëmgeeungsstrooss. D'Traversée duerch Jonglënster ass an e Chemin repris (CR121A) deklasséiert ginn[10];
  • Mam selwechte Gesetz gouf och en Deel vun der Route de Luxembourg zu Lauterbuer an eng Gemengestrooss deklasséiert[10].

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 11 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "De Contournement vu Jonglënster ass op!". rtl.lu, 18.09.2015, 13:55:27.
  2. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 6 janvier 1844, N° 46b, fixant la direction à donner à la partie de la route de Luxembourg à Echternach, comprise entre Echternach et Junglinster. legilux.public.lu (06.01.1844). Gekuckt de(n) 04.05.2023.
  3. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 27 février 1845, N° 434, déterminant la direction à donner à la route de Luxembourg à Echternach, pour la partie comprise entre les villages de Dommeldange et de Junglinster. legilux.public.lu (27.02.1845). Gekuckt de(n) 04.05.2023.
  4. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 30 avril 1846, N° 918, relatif à la direction de la partie de route d'Echternach comprise entre Eich et Dommeldange et au raccordement de cette partie de route avec la route de Diekirch. legilux.public.lu (30.04.1846). Gekuckt de(n) 04.05.2023.
  5. (fr)ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 28 juillet 1849, n° 1294, concernant la construction et l'entretien de la traversée d'Echternach. legilux.public.lu (28.07.1849). Gekuckt de(n) 04.05.2023.
  6. Op der topographescher Kaart als "Route à trafic international E42 – Saarebruck - Cologne" gezeechent.
  7. 7,0 7,1 Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques. (Art. 111). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.
  8. Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-21.
  9. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-18.
  10. 10,0 10,1 10,2 (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.

Referenzen änneren