Dës Säit befaasst sech mam Joer 1914.


EvenementerÄnneren

EuropaÄnneren

Éischte Weltkrich:

LëtzebuergÄnneren

 
D'Zeltlager vum däitsche Keeser an der Stad Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg am Éischte WeltkrichÄnneren
  • 02. August: Lëtzebuerg: Däitsch Truppen iwwerfalen dat neutraalt Lëtzebuerg. Si fänken un, d'Eisebunnsstreck tëscht Ëlwen an der Belscher Grenz onpasséierbar ze maachen. Aner Uertschafte gi besat. De Paul Eyschen protestéiert beim däitsche Gesandte Von Buch géint déi Violatioun vun der Lëtzebuerger Neutralitéit, wéi s'am Londoner Traité 1867 festgehale gouf. De Bethmann-Hollweg äntwert, dat wier net géint Lëtzebuerg geriicht, mä et wiere Moossname fir sech géint en imminenten Iwwerfall vu Frankräich ze schützen.
  • 04. August: D'Reichsmark ersetzt de Lëtzebuerger Frang.
  • 8.-9. August: D'Italieener, déi an de Grouwen an op de Schmelze schaffen, mussen zeréck an Italien, wou s'agezu ginn.
  • 10. August: D'Société de la Croix-Rouge luxembourgeoise gëtt gegrënnt.
  • 21. August: Lëtzebuergesch Fräiwëlleg melle sech bei der franséischer Friemelegioun.
  • 6. - 28. September: Den däitsche Quartier général, dee bis do zu Esch-Uelzecht war, kënnt an d'Stad Lëtzebuerg. Dono plënnert en op Charleville-Mézières.
  • 6. September: De Keeser Wilhelm II. ass zu Lëtzebuerg, a gëtt, op seng Ufro hin, vun der Groussherzogin Marie-Adelheid empfaangen. Dat gëtt hir nom Krich zum Virworf gemaach.
  • Enn September: No an no ginn d'Héichiewen nees ugestach, nodeems s'all den 2. August ausgemaach gi waren.
  • 28. November: E Gesetz, dat d'Präisser vu Liewensmëttel, Fudder a Brennes festleet an héich Strofe virgesäit, fir wann dat net agehale géif, trëtt a Kraaft.

AfrikaÄnneren

AmerikaÄnneren

USAÄnneren

SüdamerikaÄnneren

AsienÄnneren

Ozeanien & PazifikÄnneren

Arabesch WeltÄnneren

Konscht a KulturÄnneren

MolereiÄnneren

LiteraturÄnneren

MusekÄnneren

Wëssenschaft an TechnikÄnneren

GebuerÄnneren

GestuerwenÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: 1914 – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. D'Detailler vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich vum 8. Februar 1914 op der Websäit vum European Football