D'Place Émile Hamilius ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se läit an der Verlängerung vun der Rue de la Poste, tëscht der Aldringerstrooss an dem Boulevard Royal.

Place Émile Hamilius
Numm fr: Place Émile Hamilius
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 39.7’’ N
      06° 07’ 35.6’’ O
Genannt no Émile Hamilius

Nodeems d'Aldringerschoul déi bis 1974 do stoung ofgerappt gi war, gouf d'Plaz an der Mëtt vun den 1970er Jore déi al Busgare ugeluecht a war an där Fonctioun bis Enn Mee 2015 - nieft der Gare Centrale - en Haaptverkéierspunkt vun de Stater Bussen.

Tëscht 2017 an 2020 gouf d'Plaz, am Kader vun der Realisatioun vum Immobilieprojet Royal-Hamilius, an eng Plaz fir Foussgänger ëmgebaut.

D'Plaz krut hiren Numm als Undenken un de fréiere Buergermeeschter Émile Hamilius.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place Émile-Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren