D'Cité judiciaire steet um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg. An hir sinn eng Partie Justizinstanzen a Justizverwaltungen ënnerbruecht. Architekte waren d'Bridder Rob a Léon Krier.

Cité judiciaire
Um Helleg-Geescht-Plateau: lénks d'Gebai TL vum Bezierksgeriicht, dat iwwer eng Passerell mam Gebai PL vum Parquet Lëtzebuerg verbonnen ass. Ganz riets en Deel vum Gebai JP mam Jugend- a Momperschaftsgeriicht.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz L-2080 Luxembourg
Adress Helleg-Geescht-Plateau
Koordinaten 49° 36’ 27.9’’ N
      06° 08’ 02.9’’ O
Baustil .
Architekt(en) Rob a Léon Krier
mam Christoph Kohl an Architecture et Environnement
Datum vum Bau 2003-2008
Opgaangen 6. Oktober 2008
Proprietär Lëtzebuerger Staat
D'Friddensgeriicht am Süde vun der Cité judiciaire, Vue vum Kulturministère aus
Cité judiciaire

D'Iddi ass 1991 entstanen, wéi de Regierungsrot de Bauteministère beoptraagt huet, en neie Justizpalais um Helleg-Geescht-Plateau ze plangen. 1993 gouf d'Iddi vun engem Justizpalais fale gelooss zu Gonschte vun enger ganzer Cité aus aacht Gebaier, mat dem Zil, eng besser Integratioun an der Uewerstad z'erreechen.

An de Joren duerno huet en Desaccord tëscht dem Staat an der Stad Lëtzebuerg den Ufank vun de Bauaarbechte schleefe gelooss. Et goung dobäi ë. a. ëm d'Plaz selwer (d'Stad huet eng Zäit laang déi iwwerdeckelt Zuchgleiser zu Bouneweg virgezunn), d'Ausgesinn (en Tuerm, dee virgesi war, gouf aus dem Projet gestrach, d'Fassaden hu missen ugepasst ginn) an e en Impakt op d'Klasséierung vun der Alstad als UNESCO-Weltkulturierwen hunn (d'Unesco huet schliisslech gréng Luucht ginn).

De Grondstee gouf de 7. Oktober 2003 vun den deemolege Regierungsmemberen Erna Hennicot-Schoepges a Luc Frieden geluecht[1]. De Chantier hätt sollen 2006 ofgeschloss ginn, huet awer bis an déi zweet Hallschent vun 2008 gedauert. Am Juli 2008 sinn déi éischt Servicer erageplënnert; de 6. Oktober 2008 gouf d'Cité judiciaire offiziell ageweit.

Konscht um Bau

änneren

Baussen um Gebai vun der Cour supérieure de justice si véier Statuen op Sailen, déi d'Qualitéit "verschimmt", "am Gaang ze lauschteren", "am Gaang, z'ermanen" an "um Qui-vive" duerstellen. Opfälleg sinn och déi véier faarweg Vasen aus Edelstol vum Horst Glaesker, déi déi véier Elementer, d'"Grondprinzippie vun der Welt", symboliséiere sollen.[2]

Justizinstanzen

änneren

Justizinstanzen an der Cité judiciaire:

Cité judiciaire – Lëtzebuerg
Gebai Instanzen / Servicer[3]
BC Bâtiment commun
  • Bibliothéik
  • Pressezentrum
  • Service d'accueil et d'information juridique
CO Handelsgeriicht
  • Service État civil
CR Ieweschte Geriichtshaff
JP Friddensgeriicht
JT Jugend- a Momperschaftsgeriicht
PL Parquet Lëtzebuerg
  • Parquet vum Bezierksgeriicht
  • Parquet vum Policegeriicht
  • Cellule de renseignement financier
TL Bezierksgeriicht
  • Zivil, kriminell a correctionnell Kummeren
  • Cabinet d'instruction
  • Chambre de conseil vum Bezierksgeriicht
  • Référé
  • Scheedungen
  • Ierfschaften
  • Barreau Lëtzebuerg

Ausbreedung an Ausbaupläng

änneren

Zanter Mëtt vun den 2020er Joeren gëtt driwwer diskutéiert, dass d'Cité judiciare net méi grouss genuch ass, an ee misst iwwerleeën, eng nei Cité judiciaire ze bauen, well vun der Plaz hier déi aktuell schwéier vergréissert kinnt ginn.[4]

An der Tëschenzäit gi Mossname getraff, Gebaier nobäi fir Funktioune vun der Justiz mat bäizehuelen. Sou soll bis 2030 den Ale Kolléisch um Boulevard Roosevelt, wou bis 2018 d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik dra war, ëmgebaut ginn, fir datt Servicer vum Bezerksgeriicht a vum Parquet do era plënnere kéinten. Och dräi nei Geriichtssäll, zwee fir 50 an ee fir 20 Leit, sollen do amenagéiert ginn.[5]

Um Spaweck

änneren
Commons: Cité judiciaire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Pose de la première pierre de la Cité judiciaire au plateau du Saint-Esprit op gouvernement.lu de 6. Oktober 2003, gekuckt den 3. Abrëll 2020
  2. "Justitia seit zehn Jahren in neuem Glanz." wort.lu, 05.10.2018.
  3. Quell: Informatiounspanneau an der Cité judiciaire, gekuckt de 16. Dezember 2024
  4. "Neijoerschpatt vun der Justiz: Net genuch Plaz an net genuch Personal." 100komma7.lu, 09.01.2025.
  5. "Neue Bestimmung für das alte „Kolléisch“." wort.lu, 11.01.2025.