Sambre

franséisch-belsche Floss

D'Sambre ass e franséisch-belsche Floss dee seng Quell am Bësch mam Numm La Haie Equiverlesse um Territoire vun der Gemeng Fontenelle, no bei Nouvion-en-Thiérache, um Platto vu Saint-Quentin huet, an no 194 km zu Namouer an d'Meuse leeft. Se huet en Anzuchsgebitt vu 1.703 km² dovun 1.250 a Frankräich. Op hirem Laf leeft se duerch 46 Gemengen. Hire mëttleren Debit läit bei 12 /s, den niddregste bei 2,5 an den héchste bei 46,5.

Sambre
D'Sambre zu Merbes-le-Château
Längt 194 km
Debit 12
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Fläch vum Baseng 2.740 km²
Originn
Originn Quell
Plaz La Haie Equiverlesse
Fontenelle
Héicht 216 m
Koordinaten 50° 01’ 49.80’’ N
      03° 50’ 27.60’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Meuse
Plaz Grognon
Namur
Héicht 78 m
Haaptnieweflëss Piéton, Orneau, Hantes, Eau d'Heure
Geographie
Land Frankräich
Belsch
D'Sambre ënner der Bréck vu Soye.
D'Sambre zu Charleroi vun der Baudouinsbréck aus gesinn
D'Sambre an hirem ale Bett zu Charleroi

Am Ufank vun hirem Laf bis op La Fontaine des Pauvres heescht se Ruisseau de France. Se leeft vun der Quell aus, am Ufank no Westen, bis se op de Scheetbaseng vum Kanal Sambre-Oise stéisst. Do dréint de Norden a leeft paralell mat deem Kanal bis op Landrecies. Vun do un ass se kanaliséiert, am Ufank am Freycinet-Gabarit oder och Europäesch Gabarit-Klass 1 bis op Landelies, an duerno bis op Namouer am Gabarit fir Schëffer bis 1350 Tonnen Europäesch Gabarit-Klass 4.

Virun der Kanaliséierung

änneren

Éier d'Sambre kanaliséiert war, war et e klenge Floss mat ville Meanderen, engem onreegelméissege Bett, an onstabillen Uwänneren. Deelweis kann een déi Meanderen haut nach riets a lénks vum Kanal gesinn. Et gouf vill Inselen, vereenzelt Fielsen a Sandbänken. Se huet ganz staark dem hydrographesche Bild vun der Lesse geglach. Se war deemno bis an den Ufank vum 19. Joerhonnert nëmme begrenzt schëffbar. Et gouf allerdéngs vill un hirem Laf geschafft. Lokal Hären hunn Däicher a Kanäl gebaut déi awer haaptsächlech geduecht ware fir de Mille laanscht dem Floss reegelméisseg Waasser ze liwweren.

Kanalisatioun

änneren

D'Sambre war den éischte Floss an der Belsch dee komplett kanaliséiert war. D'Aarbechte waren den 22. Oktober 1829 komplett ofgeschloss. D'Sambre gouf haaptsächlech kanaliséiert fir der industrieller Entwécklung, hirem Materialbedarf souwéi der Expeditioun vun hire Produktiounsgidder an hirem Dall Rechnung ze droen, an dofir de Schëffstransport mat méi grousse Schëffer z'erméiglechen. Charleroi war amgaang sech zur Haaptstad vum sougenannte Schwaarze Land z'entwéckelen. Trotzdeem war d'Sambre am Ufank vum 20. Joerhonnert eng Schëffstrooss mat villen Nodeeler, besonnesch wéinst den heefegen Iwwerschwemmungen, se huet vill drënner gelidde well d'Decisioune fir Ännerungen ëmmer an d'Längt gezu goufen.

Déi kanaliséiert Sambre huet hiren Ufank zu Landrecies wou s'Uschloss un de Sambre-Oise-Kanal huet, an zu Namouer huet se Uschloss un d'Haute-Meuse.

Zu Charleroi war den natierleche Laf vum Floss e Problem fir d'Schëfffaart. Dofir gouf 1829 eng Derivatioun ugeluecht an dat Stéck Kanal ass du südlech laanscht Charleroi gelaf. Dat natierlecht Bett blouf bis 1928 bestoen. Ënner der Impulsioun vum deemolge Buergermeeschter Joseph Tirou huet de Gemengerot decidéiert Charleroi ze moderniséieren. Domat goung e groussen Deel vum pittoresken Deel vu Charleroi verluer. Wann et och nach wäit dervun ewech ass fir dat aalt Bett nees hierzestellen z. B. den Deel wou haut de Boulevard Tirou driwwer leeft, sou huet d'Stad et mam Projet Phénix fäerdegbruecht fir d'Bevëlkerung rëm méi no bei d'Waasser ze bréngen, doduerch datt d'Quaië laanscht d'Sambre méi déif geluecht goufen, wat mat sech bruecht huet datt vill Leit lo do spadséiere ginn.

Waasseralimentatioun

änneren

Am Fall vun engem niddregen Debit war d'Schëfffaart blockéiert, an dat ëm sou méi, wéi no der Vergréisserung vun de Schleisen um Kanal Bréissel-Charleroi vill méi Waasser huet missen aus der Sambre ofgezaapt ginn, fir eropgepompelt ze ginn. Déi eenzeg besser Baache flossop vu Charleroi déi do hätte kënne genuch Waasser liwwere fir eng Reserv unzeleeën, wieren d'Helpe majeure an d'Helpe mineure gewiescht. Et goufe Gespréicher mat de Fransouse gefouert mä déi hunn zu näischt gefouert, an dat engersäits well sou e Reservoir relativ wäit ewech gewiescht wier an aneresäits well et Komplikatioune mat der Gestioun an engem frieme Land hätte kënne ginn, souguer wann et Frënn sinn. D'Fransousen hunn du fir hiren eegene Gebrauch e klenge Barrage vu 4,5 Mio gebaut.

An der Belsch ware just déi riets Nieweflëss intressant genuch fir e Reservoir ze fidderen. Do huet et sech séier erwisen dat déi meescht Flossdäller net genuch Späichercapicitéit ze bidden haten: knapps 7 mio. op der Thure, 10 mio op der Hante an iwwerhaapt keng op der Biesmelle. Du blouf nach just den Dall vun der Eau d'Heure, awer am intressantsten Deel vum Dall louchen Dierfer an d'Eisebunnsstreck Charleroi - Treignes (Linn 132) ass derduerch gelaf. Mat der Optioun fir d'Eisebunnsstreck ze verleeën, hätt kënnen e Reservoir vu 25 mio tëscht Silenrieux a Cerfontaine realiséiert ginn. An deem Sënn gouf de Projet vum Waassereservoir op der Eau d'Heure ulafe gelooss, deen zanter 1981 de Mindestwaasserstand op der Sambre an doriwwer eraus och dee vun der Meuse mathëlleft garantéieren.

Schleisen a Brécken

änneren

An de 60er Jore gouf d'Sambre deelweis an der Belsch normaliséiert, d.h. op d'Dimensioune vum 1.500 Tonne-Gabarit ausgebaut. Vun den Ufanks 22 Schleise sinn der nach 17 Rescht bliwwen. D'Normalisatioun gouf op deem Deel gemaach dee sech Basse-Sambre nennt, tëscht Landelies an Namouer. Déi fréier Schleise stinn ouni Numero an der Tabell.

Numm Dimensiounen
(Schëffsklass)
Koordinaten km. Chute
(m)
Fotoen
01 FRA  Étoquies Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 08’ 24.01’’ N 03° 43’ 08.46’’ O 03.40    
02 FRA  Hachette
  + Pompelstatioun
Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 09’ 17.10’’ N 03° 45’ 40.24’’ O 07,70  
03 FRA  Sassegnies Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 10’ 20.62’’ N 03° 47’ 11.12’’ O 11,10
04 FRA  Berlaimont Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 16’ 35.09’’ N 03° 58’ 23.59’’ O 18,22  
05 FRA  Pont-sur-Sambre Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 13’ 06.06’’ N 03° 50’ 48.54’’ O 21,70  
06 FRA  Quartes Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 13’ 43.67’’ N 03° 51’ 01.71’’ O 26,20  
07 FRA  Hautmont Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 15’ 05.64’’ N 03° 55’ 04.21’’ O 35,40    
08 FRA  Maubeuge Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 16’ 35.09’’ N 03° 58’ 23.59’’ O 41,20    
09 FRA  Marpent Gabarit Freycinet
(CEMT 1)
50° 22’ 16.17’’ N 04° 18’ 58.23’’ O 51,80
01 BEL  Solre-sur-Sambre Gabarit Freycinet
41,22 m × 5,17 m
(CEMT 1)
50° 22’ 16.17’’ N 04° 18’ 58.23’’ O 2,90 1,23    
02 BEL  La Buissière Gabarit Freycinet
41,22 m × 5,17 m
(CEMT 1)
50° 22’ 16.17’’ N 04° 18’ 58.23’’ O 7,60 2,23    
03 BEL  Fontaine-Valmont Gabarit Freycinet
41,22 m × 5,17 m
(CEMT 1)
50° 22’ 16.17’’ N 04° 18’ 58.23’’ O 11,80
04 BEL  Lobbes Gabarit Freycinet
41,22 m × 5,17 m
(CEMT 1)
50° 20’ 38.60’’ N 04° 16’ 21.91’’ O 17,60 1,50
05 BEL  Thuin Gabarit Freycinet
40,94 m × 5,15 m
(CEMT 1)
50° 20’ 37.06’’ N 04° 17’ 37.81’’ O 19,90 1,52  
06 BEL  Grand-Courant Gabarit Freycinet
40,94 m × 5,15 m
(CEMT 1)
50° 20’ 59.17’’ N 04° 18’ 30.72’’ O 22,37
07 BEL  Trou d'Aulne Gabarit Freycinet
40,94 m × 5,15 m
(CEMT 1)
50° 22’ 16.17’’ N 04° 18’ 58.23’’ O 26,03
08 BEL  Abbaye d'Aulne
  + Hiefbréck
Gabarit Freycinet
40,94 m × 5,15 m
(CEMT 1)
50° 22’ 02.18’’ N 04° 20’ 06.98’’ O 27,90 1,94    
09 BEL  Landelies
 + Hiefbréck
Gabarit Freycinet
40,94 m × 5,15 m
(CEMT 1)
50° 22’ 44.50’’ N 04° 21’ 22.04’’ O 30,50 2.20  
- BEL  Jambe de bois Al N°10 gouf vun der Schleis Monceau op praktesch der selwechter Plaz ersat
10 BEL  Montceau 113,50 m × 12.50 m
(CEMT 4)
50° 23’ 37.94’’ N 04° 22’ 47.38’’ O 34,20 4,80
- BEL  Charleroi Al N°11 gouf vun der Schleis Marcinelle ersat
11 BEL  Marcinelle 119,40 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 24’ 29.50’’ N 04° 25’ 48.56’’ O 38,30 3,00
12 BEL  Montignies 112,00 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 23’ 49.67’’ N 04° 29’ 38.36’’ O
 
- BEL  Châtelineau Al N° 13 (ewechgerappt) 50° 24’ 23.80’’ N 04° 31’ 06.16’’ O
- BEL  Farciennes ewechgerappt
- BEL  Moignelée zougetippt wéi eng Partie vum ale Kanal
 
- BEL  Grogneaux ewechgerappt
13 BEL  Roselies 111,90 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 25’ 39.51’’ N 04° 33’ 35.73’’ O 50,50 3,60    
14 BEL  Auvelais 136,30 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 27’ 13.33’’ N 04° 37’ 38.79’’ O 61,80 2,70
15 BEL  Mornimont 111,90 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 26’ 39.49’’ N 04° 42’ 25.84’’ O 70,10 4,70
 
16 BEL  Floriffoux 111,90 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 26’ 47.52’’ N 04° 46’ 35.80’’ O 77,70 3,90    
17 BEL  Salzinnes 136,00 m × 12,5 m
(CEMT 4)
50° 28’ 11.60’’ N 04° 50’ 48.72’’ O 85,45 1,75
 

Um Spaweck

änneren
Commons: Sambre – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Schleisen op der Sambre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse