Lëtzeburger Patriote Liga

Resistenz-Organisatioun zu Lëtzebuerg

D'Lëtzeburger Patriote Liga (LPL), war eng Resistenz-Organisatioun zu Lëtzebuerg géint déi däitsch Besatzung am Zweete Weltkrich.

"Mir wölle bleiwe wat mir sin", riets ënnen d'Zeeche vun der LPL.
Fotomontage vum Alex Wagner, 1941
Fluchziedel
Banner vun der LPL[1]

Si gouf de 4. September 1940 zu Iechternach vum Student Raymond Petit gegrënnt an huet sech dunn iwwer d'ganzt Land verbreet. Eng vun hiren Haaptaktivitéite war d'Verbreedung vu Fluchziedele bei der Persounestandsopnam am Oktober 1941. Si huet sech och um Opruff zum Streik vun 1942 géint d' Aféierung vun der Wehrpflicht bedeelegt.

Geschicht

Déi éischt Trakter, déi d'Grënnung vun der LPL annoncéiert hunn an d'Bevëlkerung zum Widderstand opgeruff hunn, koumen am Oktober 1940 eraus. Souguer den alleréischten Trakt iwwerhëlt schonn d'Iddi vun engem Gouverneur an engem "Quartier Général", déi iwwer de regionale Gruppe stéingen. D'Land war a Bezierker opgedeelt; an d'Bezierker waren a Gruppen ënnerdeelt. Um Niveau vun der Grupp sinn d'Mataarbechter gesicht ginn; de Gruppechef huet déi kannt, an de Bezierkschef war a Verbindung mat senge verschiddene Gruppecheffen. Doriwwer stoung dann de QG, iwwer dee bewosst eng falsch Duerstellung verbreet gouf. Sou war d'LPL op eng Manéier opgebaut déi sollt verhënneren datt d'Agente sech ënnerenee kannt hunn. Memberslëschte waren tabu an ëmmer erëm ass grousse Wäert op Diskretioun geluecht ginn.

De Reseau ass systematesch opgebaut ginn, d'Schoule wéi d'Normalschoul, den Athénée oder aner Lycéeë waren e fruchtbare Buedem. Vill Schüler sinn all Dag heemgaangen, anerer sinn iwwer de Weekend heemgefuer an hunn da profitéiert fir nei Memberen ze gewannen. Sou konnten Elteren, Famill, Leit aus der Noperschaft, Kolleegen aus Veräiner a sou virun, kontaktéiert an eventuell rekrutéiert ginn. Séier hu sech an all den Uertschafte wou e Schüler Member vun der LPL war, lokal Sektioune forméiert. 1942, wéi d'Gestapo eng grouss Razzia duerchgefouert huet, gouf et keng Gemeng am Land wou net wéinstens zwéin oder dräi Agenten operéiert hunn.

D'Aktivitéite vun der LPL ware vun Ufank u wäit gespreet: Et si Fluchziedelen a Fotoe verdeelt ginn, an d'Verbreede vun Nouvellë respektiv Gerüchter war essentiel. Eng materiell a moralesch Ënnerstëtzung an Hëllef fir Persounen, déi vun der Gestapo gesicht goufen, huet missen organiséiert ginn. Dat noutwennegt Geld ass ënner de Membere gesammelt ginn. Weider goung et drëm, Fluchtweeër ze fanne fir déi, déi op der alliéierter Säit kämpfe wollten. Kontakter mat franséischen a belschen Ënnergrondorganisatioune sinn opgeholl ginn, an zouverlässeg Verbindunge mat London hu missen hiergestallt ginn. Liewensmëttelkaarten, falsch Pabeieren, wéi Identitéitskaarten, Gebuerts- oder Dafschäiner, Bestietnes- an Doudeszertifikaten hu misse besuergt oder hiergestallt ginn. Souguer Waffe sinn de 26. Oktober 1941 aus dem Kommissariat vun der Police vun Dikrech "besuergt" ginn. A scho virun der Aféierung vun der Wehrpflicht ass den Empfank vu politesche Flüchtlenge virbereet ginn.

Eng vun deene wichtegsten Aktivitéite vun der Resistenz war d'Campagne géint déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Si gouf vun der LPL ugeféiert an huet ganz vill zu der psychologescher Victoire vum Lëtzebuerger Vollek an den Ae vun den Alliéierte bäigedroen. Si huet allerdéngs och déi Däitsch drop bruecht fir d'Resistenz definitiv eescht ze huelen. Dat huet och nach eng Kéier dozou geféiert fir der Populatioun eng méi strukturéiert Féierung vun der LPL no ze bréngen. Sou laang wéi de Raymond Petit nach am Lycée war hat hien der Organisatioun den Image vun engem Mouvement mat kollegialer Leedung ginn, awer no senger Fuite, e Mount no dem Plébiscite, huet hien drop gehalen der Bevëlkerung duerch d'LPL Dokumenter matzedeelen datt d'Regierung e "Gouverneur" un d'Spëtzt vun der Resistenz gesat hätt (entouréiert vun enger Rei "Agents-Chefs", wouvun hien de famousen AC 13 selwer war).

Et gëtt bis haut Diskussiounen iwwer d'Berechtegung an d'Legitimitéit vun där Mesure. Fir de Jean Aimé Stoll ass et ganz kloer: “Raymond Petit envisageait avec lucidité une issue fatale de son héroïque aventure. Ne devait-il pas craindre qu'une fois tombé, mort ou vivant, entre les mains des Allemands, ceux-ci ne finissent par démasquer en lui la tête de l'organisation, et qu'ils ne manquent pas ensuite de discréditer la résistance en affirmant qu'elle était l'oeuvre de quelques lycéens romantiques? C'est pour parer à cette éventualité, pour laisser derrière lui l'image d'une organisation épaulée et dirigée de l'extérieur, insaissable et donc invincible, qu'il a créé – consciemmment et lucidement – le mythe du Gouverneur de la Résistance Luxembourgeoise.[2]

Op jiddwer Fall hunn déi Däitsch och nom Raymond Petit sengem Doud (hien huet sech d'Liewe geholl, fir hinnen net an d'Gräpp ze geroden) net opgehalen, nom "grousse Chef" ze sichen, och wa si wuel woussten datt de Petit ee vun den Haaptleit war. Souguer nom Krich hu munnech Leit dee Mythos nach ëmmer gegleeft, wéi follgenden Extrait aus engem Artikel vum spéidere Minister Pierre Grégoire weist: “Ein Raymond Petit darf als Held verehrt werden und mit der Gloriole unseres politischen Märtyrertums bedacht werden. Er hat es verdient als treuer, begeisteter und tollkühner Sohn der LPL-Bewegung. Dass er weder der geistige Vater noch das wirkliche Oberhaupt dieser Liga gewesen ist, sollten zum mindesten seine heutigen Lobredner und Verherrlicher, die es wissen, auch verkünden.... ich möchte, um der Wahrheit willen, die tatsächlichen Gründer als solche fortleben lassen.[3]

Nieft der LPL-Petit gouf et nach eng komplett onofhängeg zweet Grupp mam selwechten Numm: Am Éislek haten d'Hären Alphonse Rodesch, gebuer zu Munzen, a Lesch och eng LPL gegrënnt. Dat war wuel Zoufall, mä et gouf och schonn am Éischte Weltkrich eng Grupp mat dësem Numm, soudatt dat also net weider verwonnerlech ass. Et gouf wuel keen Zesummeschloss, mä awer eng gutt Zesummenaarbecht tëscht deenen zwou Organisatiounen. Och mat der LVL koum et zu kenger direkter Fusioun, mä d'Grenzen tëscht de Gruppen hu sech awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi verwëscht. Och mat aneren Organisatiounen, wéi LFB, LRL, LFK, PI-Men oder Alweraje si gemeinsam Aktiounen ënnerholl ginn. Ufank 1944 hu si sech zesummegedoen an d'Unio'n gegrënnt.

Membere vun der LPL zu Bréissel hunn zanter dem 18. Dezember 1941 déi investigativ, kritesch a satiresch Ënnergrondzeitung De freie Lötzeburger, méi spéit vum September 1942 un ënner dem Titel De freie Letzeburger (Ons Hémecht) erausbruecht, déi du vun den Nazie beschlagnahmt a verbuede gouf. Den Ënnertitel beim Freie Lötzebuerger war Nationalistesch Oppositio'nsblad oder Officiellt Organ vun der LPL. Als Slogan gouf de Sproch So' secher we' ons d'Bierger wénken, könnt d'Freihêtssonn èn Dag ons blénken!. Als verantwortleche Redakter gouf den Déngens Dömmy uginn an als Verwaltung de Prisong am Grond, respektiv als Verlagsadress 57, Pietresboulevard, Lötzeburg, wat d'Adress vun der Villa Pauly dem lokale Sëtz vun der Gestapo war. Déi Zeitung ass no eegenen Angaben "reegelme'sseg onreegelme'sseg" erauskomm.

Literatur

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Krantz, Robert: Alex Wagner, politesche Schutzhäftleng am KZ Hinzert, Natzweiler-Struthof, Dachau: "Meng Memoiren aus der preisescher Besatzongszäit 1940-1945"; Luxembourg, Éditions du Rappel, L.P.P.D. - Comité Central, Imprimerie Centrale, 2010, ill. 220 S. ISBN 978-287978092-4

Kuckt och

Referenzen

  1. c:Category:Lëtzeburger Patriote Liga (LPL)
  2. Jean Aimé Stoll: “Portrait d'un résistant”, publizéiert am Buch “Dem Vergiëssen entrëissen” vum Roby Glesener
  3. Erio: “Backgrounds”, “Luxemburger Wort”, 17. Januar 1947