Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht

Musée a staatleche Kulturinstitut


Den Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht, offiziell Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA), dacks vereinfacht Staatsmusée genannt, an der Stad Lëtzebuerg, ass ee vun de Kulturinstituter vum Lëtzebuerger Staat. De Musée krut säin aktuellen Numm mam Gesetz vum 16. Dezember 2022, virdrun housch e Musée national d'histoire et d'art[1].

Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht
MusFesc1.JPG
Den Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht um Fëschmaart
MNAHA
Land Lëtzebuerg
Secteur Kultur
Leedung Michel Polfer
Adress Fëschmaart, L-2345 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Kulturministère
Gegrënnt 1869
Um Spaweck http://www.mnha.public.lu/


Zanter 1939 ass en um Fëschmaart am fréieren Hôtel Colart-De Scherff. An den 1970er Jore goufen d'Haiser vis-à-vis an der Wiltheimstrooss mat abezunn, fir dora konschthandwierklech an Alldagsgéigestänn aus de vergaangene Joerhonnerten auszestellen.

1997 huet de Fonds de la rénovation de la vieille ville en Architekteconcours ausgeschriwwen, fir de Musée ze moderniséieren an ze vergréisseren. De Gewënner, de Christian Bauer, konnt säi Projet realiséieren, deen et erméiglecht huet, d'Ausstellungsfläch ze verduebelen, ouni datt dat op d'Käschte vun den Nopeschhaiser goung. Hien huet de Fiels ënner dem Fëschmaart aushielege gelooss, fir do op 5 Stäck ënner dem Buedem Säll anzeriichten. Virun d'Säitefassad vum Haaptgebai gouf eng nei Fassad gebaut, déi, streng rechteckeg an ouni Fënsteren (bis op d'Entrée), e modernen Accent setzt.

D'Konzept vum Musée ass et z'erméiglechen, d'Chronologie vu Geschicht a Konscht vun ënnen no uewen nozevollzéien. Sou sinn Ur- a Fréigeschicht am ënneschte Keller, um -5 (de fräigeluechte Sandsteen bitt heifir e giedleche Kader), an d'geet dann erop bis op de 4. Stack, wou d'modern Molerei ënnerbruecht ass.

De Musée ass a senger neier Form den 22. Juni 2002 (iwwer dem Buedem) an den 29. November 2002 (ënner dem Buedem) ageweit ginn.

Direkter ass zanter 2006 de Geschichtsprofesser an Archeolog Michel Polfer.

DirekterenÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. data.legilux.public.lu (16.12.2022). Gekuckt de(n) 20.12.2022.