Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Knupp a Lieu-dit Helperknapp. Fir d'Gemeng mat deem Numm, kuckt wgl. Gemeng Helperknapp.

Den Helperknapp ass e Lieu-dit ëstlech vun der Uertschaft Bëschdref, an der Gemeng Helperknapp.

Helperknapp
D'Kapell mat der Willibrordquell an d'Statu vum Hl. Willibrord (2013).
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Helperknapp
Buergermeeschter Paul Mangen
Koordinaten 49° 45’ 22’’ N
      6° 1’ 38’’ O

Et ass e klengen Zeiebierg[1], den héchste Punkt läit op 393 Meter.

Op 379 m Héicht entspréngt eng Quell an enger klenger Kapell, déi wéinst der Willibrordusstatu niewendrun Willibrorduskapell genannt gëtt. D'Plaz bei der Quell ass warscheinlech schonn a gallo-réimescher Zäit zu reliéisen Zwecker benotzt ginn, jiddefalls deiten e puer Fondstécker aus der direkter Ëmgéigend dorop hin. Am 17. Joerhonnert huet den Alexander Wiltheim op där Plaz nach en Altor mat Ofbildunge vum Herkules, der Ceres an der Isis gesinn.

Zirka 40 m nërdlech vun der Quell steet op engem fréiere Kierfecht d'Gehaanskapell. Den Helperknapp war fréier Sëtz vun der Par Helpert. Am 17. Joerhonnert war de Klackentuerm vun der deemoleger Parkierch d'Wunnecht vun engem Eremit. Géint 1735 gouf no beim Kierfecht souguer en Haus gebaut, wou zwéin Eremite wunne konnten.

Um Helperknapp war fréier[Wéini ?] och all Joer e grousse Maart, den Helpermaart.

Op Päischtméindeg, dem Virowend vun der Iechternacher Sprangpressessioun, ass all Joer eng Pressessioun op den Helperknapp.

Den Helperknapp steet zanter dem 20. Januar 1939 op der Lëscht vun de Monuments classés.[2]

Nom Helperknapp genannt Änneren

"Gemeng Helperknapp" déi nei Gemeng zu Lëtzebuerg, déi den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen ass.[3]

Kuckt och Änneren

Um Spaweck Änneren

Commons: Helperknapp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen Änneren

  1. Umsetzung der EG-Wasserrahmenrichtlinie - Bewirtschaftungsplan für das Großherzogtum Luxemburg
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 1. September 2023).
  3. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.