Agadez, och nach Agadès, ass déi gréisst Stad am Norde vum Niger.

Agadez am Joer 1997

Si läit tëscht der Sahara an dem Sahel un der südlecher Spëtzt vum Aïrbiergmassif, ronn 740 km nordëstlech vun der Haaptstad Niamey op enger Héicht vu 529 m.[1],[2] Déi ganz Gemeng huet eng Fläch vu 600 km².[3] 2007 hunn ongeféier 97.000 Leit an der Stad gewunnt, dovu 50,37 % Fraen. 72,43 % vun den Awunner ware méi jonk wéi 30 Joer.[4]

Agadez war am 15. Joerhonnert de Sëtz vum Tuareg Sultanat vun Agadez. Am fréien 20. Joerhonnert hunn d'Fransousen d'Stad besat an 1916-17 do eng Tuaregrebellioun ausgeléist, nodeem si no enger schlëmmer Drécheperiod an Hongersnout (1913-15) ugefaangen haten, den Tuareg hir Liewensmëttel ze konfiskéieren. An den 1990er Joren an zanter 2007 gëllt d'Stad och als Basis fir d'Tuaregrebellioun géint d'Zentralregierung vum Niger.

Virun 2007 war Agadez eng fir d'Regioun relativ attraktiv Stad fir Touristen. Dat bekanntst Monument ass déi grouss Moschee.[5]

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. Encyclopædia Britannica
  2. Geographesch Daten op fallingrain.com
  3. "La commune" op der offizieller Websäit vun der Stad um Internet Archive
  4. Bevëlkerung op der offizieller Websäit vun der Stad um Internet Archive
  5. Photoen a kuerz Beschreiwung op lindaspadolini.net