Haaptmenü opmaachen

D'Bréck vu Schengen ass eng Grenzbréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Schengen zu Lëtzebuerg a Perl an Däitschland. Se steet um Flosskilometer 241,955. Zu Lëtzebuerg féiert s'um Uwänner vun der Musel iwwer den CR152B an iwwer d'Bréck leeft d'Nationalstrooss 10, déi do hiren Ufank huet, an an Däitschland un d'B407 uschléisst, déi 250 m duerno an engem Rond-point Uschloss un d'B419 huet.

Bréck vu Schengen
20110709Schengen03.jpg
Geographie
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Flag of Germany.svg Däitschland
Plaz Schengen
Perl
Koordinaten 49° 28’ 17.8’’ N
06° 22’ 04.5’’ O
Funktioun
Benotzt als Strossebréck
Féiert iwwer d'Musel
Technesch Detailer
Bréckentyp Cantilever
Totallängt 147,50 m
Felder/Béi 39,00 + 69,5 + 39,00
Bemierkungen
Opgaangen 24. Oktober 1959

D'Bréck gouf de 24. Oktober 1959 ageweit. Mam Fährbetrib, deen 1947 agefouert gi war, gouf doropshin zougemaach.

Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier sinn:

Déi éischt BréckÄnneren

Déi éischt Bréck zu Schengen gouf den 9. Mee 1909 ageweit. Et war eng stole Bréck am Fachwierkträgerbau déi aus dräi Felder bestanen huet. D'Feldwäite waren 39,80 + 69,50 + 39,80 Meter an um lénksen Uwänner stoung nach eng kleng stenge Boubréck iwwer déi d'Opfaartsramp gefouert huet. Dat mëttelst Feld huet aus engem Bou bestanen dat deemools schonn nom System Bowstring vun der Firma Paul Wurth gebaut gi war. D'Bréck huet op Steesockelen an der Musel opgeleeën. D'Fuerbunn war 5 m breet an op all Säit war en Trëttoir vun 1,87 m.

Virum Bau vun der Bréck huet eng Fähr déi zwou Uertschafte verbonn.

Gläich am Ufank vum Zweete Weltkrich de 15. September 1939 um 9:15 Auer hunn d'Pionéier vun der Wehrmacht de rietse Flosspilier gesprengt.[1]

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren