Rond-point
D'Wuert Rond-point gëtt am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch gebraucht fir eng speziell Stroossenintersectioun an zwar d'Intersection à sens giratoire obligatoire wéi se am Code de la Route definéiert ass.
A Frankräich gëtt dëst d'Wuert och gebraucht fir Plazen déi an engem Krees ugeluecht sinn, ouni datt onbedéngt eng Fuerrichtung festgeluecht ass, an ouni datt motoriséierte Verkéier driwwer leeft. Dës sinn awer zimmlech rar.
Zu Lëtzebuerg huet eng bekannt Plaz an hirem Numm Rond-Point stoen. Et ass de Rond-Point Robert Schuman um Lampertsbierg an der Stad. Dës Plaz ass awer keng Intersection à sens giratoire obligatoire.
Turbo-Rond-point
ännerenEng méi rezent Entwécklung ass de sougenannten Turbo-Rond-point dee staark Verkéiersstréim zwee- oder dräispuereg duerch de Rondel schleist.
Den Turbo-Rond-point gouf 1996 an Holland vum Lambertus Fortuijn, engem Fuerscher op der Delft University of Technology entwéckelt. E gëtt haaptsächlech an Holland, Frankräich oder der Belsch gebraucht. Zanter dem 9. November 2015 ass de Rond-point Serra um Kierchbierg och als Turbo-Rond-point a Betrib.
Den Automobilist muss sech schonn an déi richteg Spuer areien, ier an an de Rondel erafiert. Doduerch huet den Turbo-Rond-point eng grouss Leeschtungsfähegkeet. Am Rondel selwer kann een am Prinzip d'Fuerbunn net méi wiesselen.
En Turbo-Rond-point erlaabt et och net ëmmer, datt een de Rond-point benotzt fir d'Kéier ze maachen an dohin zeréckzefuere vu wou een hierkoum.
Den Turbo-Rond-point gëtt et och mat Verkéiersluuchten an der Afahrt an am Rondel selwer, oder och mat By-Päss déi fir déi éischt Ausfaart derlaanscht féieren.
Rond-pointen zu Lëtzebuerg
ännerenRond-point | Strooss | PK |
---|---|---|
Verdeeler Hamm
(och nach: Rond-point Robert-Schaffner) |
A1 | 6868 |
Rond-point Gluck | A3 | 1 |
Rond-point Märel | A4 | 55 |
Rond-point Belval-Gare | B40 | |
Findel | N1 | 6866 |
Potaschbierg | N1 | 23102 |
Sandweiler West | N2 | 6017 |
Sandweiler Ost | N2 | 8766 |
Bous | N2 | 18683 |
Cloche d'or | N4 | 3965 |
Leideleng | N4 | 6520 |
Gréiwelsser Barrière | N5 | 5422 |
Biff (och nach: Rond-point André Siebenbour) | N5 | 18234 |
Tossebierg | N6 | 6712 |
Mamer West | N6 | 8805 |
Wandhaff | N6 | 13459 |
Verdeeler Luerenzweiler | N7 | 11711 |
Verdeeler Mierscherbierg | N7 | 19040 |
Ierpeldeng | N7 | 30726 |
Verdeeler Angelduerf | N7 | 31473 |
Fridhaff | N7 | 37868 |
Schinker | N7 | 51508 |
Housen Süd | N7 | 53098 |
Maarnech | N7 | 60265 |
Wemperhaart | N7 | 72650 |
Rëmerschen | N10 | 1379 |
Jonglënster „Lënster Bierg“ | N11 | 14732 |
Iechternach „Ste-Croix“ | N11A | 518 |
Briddel | N12 | 5469 |
Katrewang | N12 | 11302 |
Rippweiler-Barrière | N12 | 24260 |
Wolz-Rulljen | N12 | 53949 |
Antoniushaff | N12 | 73849 |
Recken | N13 | 11686 |
Helleng | N13 | 24774 |
Heischent | N15 | 11404 |
Pommerlach Süd | N15 | 26840 |
Pommerlach Nord | N15 | 27329 |
Verdeeler Altwis | N16 | 1497 |
Ellenger Gare | N16 | 7463 |
Bleesbréck | N17 | 2348 |
Beetebuerg „Wolser-Schéleck“ | N31 | 4912 |
Nidderkuer | N31 | 28521 |
Porte de Lamadelaine | N31 | 33189 |
Péiteng „P.E.D.“ | N31 | 33760 |
Suessem „um Woeller“ | N32 | 247 |
Suessem „Gadderscheier Nord“ | N32 | 845 |
Suessem „Gadderscheier Süd“ | N32 | 1015 |
Rocade vun Déifferdeng | N32 | 2106 |
Bartreng Rue de l'Industrie | N34 | 1187 |
Bartreng Rue de Strassen | N35 | 2036 |
Éilereng | N37 | 1 |
Siren Ost | CR132 | 11756 |
Verdeeler Waasserbëlleg | CR141B | 322 |
Duelem | CR153 | 4982 |
Béiwen | CR158 | 2612 |
Diddeleng „Riedgen“ | CR161 | 625 |
Diddeleng „Eurohub“ | CR161 | 2430 |
Krakelshaff | CR161 | 3526 |
Féiz „CEGEDEL“ | CR164 | 2589 |
Verdeeler Briddel „Giratoire Sud“ | CR181 | 3751 |
Verdeeler Briddel „Giratoire Nord“ | CR181 | 4227 |
Biergerkräiz | CR181 | 8829 |
Conter | CR226 | 10525 |
Stroossen „Bourmicht“ | CR230 | 2877 |
Houwald | CR231 | 1106 |
Industrizon Hesper | CR231 | 1861 |
Conter „Weiergewan“ | CR234 | 3060 |
Conter „Rosswénkel“ | CR234 | 3416 |
Karelshaff | CR305 | 10644 |
Agank Parc Housen | CR322 | 10189 |
Lenzweiler | CR332B | 1052 |
Bartreng Europaschoul | Rue Gaston Thorn | |
Jonglënster Lycée | Contournement vu Jonglënster |
Aner Rond-pointe déi mat an de Stroosseverkéier agebonne sinn
änneren
Belschänneren |
Frankräichänneren |
Schwäizänneren
|
Kuriositéiten
ännerenAn England gëtt et e puer Rond-pointe bei deenen de Verkéier riets ronderëm leeft amplaz lénks.
Um Spaweck
ännerenCommons: Rond-pointen – Biller, Videoen oder Audiodateien |